Kreationismus

Vu Wikipedia
Erschafe vum Eva. Fresco vum Michelangelo, 1509, Sixtinesch Kapell, Roum

Kreationismus ass eng Theorie, déi haaptsächlech vu fundamentalistesch protestantesche Chrëschte gedroe gëtt, an déi dorop baséiert, datt alles, wat an der Bibel steet, Wuert fir Wuert sou geschitt ass.

Entstoen a Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Theorie vum Kreationismus ass fir d'éischt Kéier um Ufank vum 20. Joerhonnert an den USA opgedaucht. E feste Grënner vum Kreationismus steet net fest.

Dës Doktrin huet sech am Laf vun engem Joerhonnert zimmlech rapid ausgebreet. Enger Statistik no war 2006 bal een Drëttel vun den US-Amerikaner vun dëser Theorie iwwerzeegt.

Virstellunge vum Kreationismus[änneren | Quelltext änneren]

D'Kreationiste dementéieren wëssenschaftlech Entdeckunge wéi d'Evolutiounstheorië vum Charles Darwin a Jean-Baptiste de Lamarck. Se mësche sech domat an e wëssenschaftleche Fachberäich an, ginn awer keng Daten a Fakten un, déi hir Theorie ënnerstëtze géifen, wat awer indispensabel fir d'Wëssenschaft ass. Wéinst dem Manktem vun Informatioune gëtt de Kreationismus als eng Pseudowëssenschaft bezeechent. Donieft vertriede si d'Meenung, d'Äerd wier net méi wéi 6.000 bis 12.000 Joer al.

Zum Theema Dinosaurier soe si, se hätten d'Äerd zur gläicher Zäit wéi d'Mënsche bevëlkert. D'Fossilien, déi vun den Archeologe fonnt goufen, wieren also zirka 10.000 Joer al, wëssenschaftlech Methode beweisen allerdéngs, datt si eendeiteg méi al kënne sinn.

Duerch dës Virstellunge kënnt et dacks zu Onstëmmegkeete mat renomméierte Wëssenschaftler.

Aus dem Kreationismus ass spéider am 20. Joerhonnert eng weider, änlech Doktrin opgedaucht, den Intelligent Design, dee sech och virun allem mat der Entstehung vun der Äerd an der Evolutioun beschäftegt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kreationismus – Biller, Videoen oder Audiodateien