Kredenzdëschelchen

Vu Wikipedia

De Kredenzdëschelchen oder d'Kredenz ass e klengen Dësch, op deem wärend der réimesch-kathoulescher Mass d'Kännercher mat Masswäin a Waasser stinn. Wann de Kielech an d'Hostieschuel net um Altor stinn, da si s'op der Kredenz.

Bei der Gowebereedung bréngen d'Massendénger dem Paschtouer Wäin a Waasser. Déi eidel Wäikännche gëtt duerno erëm op d'Kredenz zeréckgestallt, de Paschtouer kritt elo d'Hänn gewäsch (Lavabo), d'Schuel an där d'Waasser dobäi opgefaange gëtt, an d'Duch fir d'Hänn ze dréchne leien och op der Kredenz. Nom Kommunizéiere gëtt den Altor ofgeraumt an d'Hostieschuel a Kielech kommen zeréck op d'Kredenz.