Kreutz-Grupp

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Kreutz-Grupp gëtt eng Grupp vu Koméite bezeechent, déi während hirem Perihel ganz no bei d'Sonn kommen. Si sinn eng Ënnergrupp, vun de sougenannte Sungrazer (Sonnesträifer oder Sonnekrazer). D'Koméite vun der Kreutz-Grupp si méiglecherweis Fragmenter vun engem méi grousse Koméit, dee viru ville Joerhonnerte beim Ëmlaf ëm d'Sonn auserneegebrach war. Si goufen nom Astronom Heinrich Kreutz benannt, deen als éischten déi Grupp erkannt hat.

Verschidde Membere vun der Kreutz-Grupp hu sech zu helle Koméiten entwéckelt, déi souguer am Dag nieft der Sonn, ze gesi waren. Sou z. B. de Koméit Ikeya-Seki deen 1965 ze gesi war. Hie gëllt als den hellste Koméit vum leschte Joerdausend.

Zanter dem Betrib vun der Raumsond SOHO am Joer 1995 goufen e puer honnert kleng Koméite vun där Grupp entdeckt, deels awer och vun Amateurastronomen.

Entdeckung an historesch Observatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Eng Zeechnung vum Grousse Koméit aus dem Joer 1843, vun Tasmanien aus

Den éischte Koméit, deem seng Ëmlafbunn als sonnenno bestëmmt konnt ginn, war de Grousse Koméit vu 1680. De Koméit war op enger Distanz vun nëmmen 200.000 km oder 0,0013 AE laanscht d'Sonnenuewerfläch geflunn – dat ass ongeféier d'hallef Distanz tëscht Äerd an Äerdmound. D'Astronome vun deemools, dorënner den Edmond Halley, hate gemengt, datt et sech ëm deselwechte Koméit kéint handelen, deen 1106 um Daghimmel ze gesi war. 163 Joer méi spéit koum de grousse Koméit vun 1843, deen och extrem no laanscht d'Sonn geflunn ass. D'Bestëmmung vu senger Ëmlafbunn hat eng Periodizitéit vun e puer honnert Joer erginn. E puer Astronomen hunn doran de Retour vum Koméit vu 1680 gesinn. 1880 koum en helle Koméit, dee sech op bal derselwechter Bunn wéi de Koméit vun 1843 beweegt huet. 1882 gouf nees en opfällege Koméit gesinn, deen als Grousse Septemberkoméit bekannt gouf.

Foto vum Grousse Koméit vun 1882

Dat hat e puer Astronomen denke gelooss, datt et sech bei allen Observatiounen ëm een an deselwechte Koméit kéint handelen, woubäi sech seng Ëmlafzäit am Laf vun der Zäit staark verkierzt misst hunn, zum Beispill duerch Ofbremsung an der Sonnegéigend.

No enger anerer Thes handelt et sech ëm Brochdeeler vun engem méi grousse Koméit. Déi fir d'éischt am Joer 1880 festgehalen Thes gouf gefestegt, wéi observéiert gouf, datt de Grousse Koméit vun 1882 no dem Perihelduerchgank an e puer Deeler gebrach ass. 1888 huet den Heinrich Kreutz eng Schrëft publizéiert, an där hie schreift, datt et sech beim Koméit vun 1843, 1880 an 1882 ëm Brochstécker vun engem risege Koméit handele kéint dee bei viregen Duerchgäng zerbrach war. De Koméit vu 1680 gehéiert allerdéngs net zu där Grupp.

E weidere Koméit, dee wéinst senge Bunneegeschaften der Grupp zougeschriwwe konnt ginn, koum 1887, deen nächsten zwar nees eréischt 1945. An den 1960er Joren dann koume kuerz hannereneen zwéi Koméiten: 1963 de Koméit Pereyra an 1965 den Ikeya-Seki, dee kuerz virum Perihelduerchgank an dräi Deeler gebrach war. D'Optriede vun zwéi Koméite vun der Kreutz-Grupp a kuerzen Ofstänn féiert dozou, d'Dynamik vun der Grupp genee ze studéieren.

Dynamik[änneren | Quelltext änneren]

Eng 1967 vum Brian Marsden opgestallt Studie, war den éischte Versuch, de Mammekierper (Urspronkskierper) vun der Kreutz-Grupp ze bestëmmen. All bekannt Membere vun der Grupp, déi bis 1965 observéiert goufen, haten eng ähnlech Bunnschréiegt vu ronn 144° an ähnlech Perihellängte vun 280–282°, woubäi vereenzelt Ofwäichungen opgetruede waren, déi allerdéngs op ongenee Bunnbestëmmunge zréckzeféiere waren. Gréisser Ofwäichunge gouf et dogéint a Funktioun vum Perihelargument an der Längt vum opsteigende Knurt.

Dem Marsdens no, kann d'Kreutz-Grupp nees an zwou Gruppen ënnerdeelt ginn, déi duerch méifach Auseneenbriechen vum Mammekierper entstane waren. E Bunneverglach vun Ikeya-Seki an dem Koméit vun 1882 hat de Schluss zougelooss, datt et sech ëm Fragmente gehandelt hat, déi beim selwechte Perihelduerchgank vum Mammekoméit entstane waren. De wahrscheinlechste Kandidat heifir war de Koméit vun 1106. D'Koméite vun 1689, 1702 an 1945 kënnten och zu dëser „Ënnergrupp I“ gehéieren, obwuel hir Bunnen net genee genuch bestëmmt konnte ginn.

D'Bunne vun de Koméite vun 1843 an 1963 weisen ënnereneen och Gläichheeten op. Bei der Zréckrechnung vun de Bunnen trieden allerdéngs gréisser Differenzen op. Dës Membere vun der „Ënnergrupp II“ , zu deenen och d'Koméite vun 1668, 1695, 1880 an 1963 gehéieren, sinn méiglecherweis bei verschiddene Perihelduerchgäng entstanen.

D'Ënnerdeelung an zwou Ënnergruppe loossen de Schluss zou, datt si vun zwéi verschiddene Koméite ofstamen. Dës kënnten allerdéngs nees Brochstécker vun engem nach gréissere Mammekierper duerstellen. Als Kandidat kënnt e Koméit a Fro, deen 371 v. Chr. vum Aristoteles a vum Ephorus observéiert gouf. Ephorus hat notéiert, datt de Koméit an zwéi Deeler zerbrach war. Beim Mammekoméit muss et sech mat geschätzten 100 km Duerchmiesser ëm e ganz grousst Exemplar gehandelt gehat hunn (zum Vergläich: den helle Koméit Hale-Bopp hat en Duerchmiesser vu ronn 40 km).

Bis elo goufe véiermol sou vill Koméite vun der Ënnergrupp I entdeckt, wéi Membere vun der Ënnergrupp II. Dëst léisst dorop schléissen, datt den Urspronkskoméit an ënnerschiddlech grouss Deeler gebrach war.

D'Kreutz-Grupp ass wahrscheinlech keen eenzegaartegt Phenomen. Ënnersich weisen, datt sech Koméite mat enger grousser Inklinatioun a Periheldistanze vu manner wéi 2 AU duerch gravitativ Wierkung vun der Sonn zu Sungrazer entwéckele kënnen. Fir de Koméit Hale-Bopp besteet eng Chance vun 15%.

Aktuell Ënnersich[änneren | Quelltext änneren]

Well se no bei der Sonn sinn, sinn déi meescht Koméite vun der Kreutz-Grupp vun der Äerd aus schwéier ze gesinn. Bis op déi ganz hell Vertrieder blouwen déi meescht an der Vergaangenheet onbemierkt.

An den 1980er Joren hunn zwéi fir d'Sonnenobservatioun bestëmmt Satellitten e puer nei Membere vun der Grupp entdeckt. Zanter datt d'Raumsond SOHO am Joer 1995 a Betrib ass, ass et och méiglech, Koméite ganz no bei der Sonn z'observéieren. Zanterhier sinn e puer honnert hundert Sungrazer entdeckt ginn, woubäi ronn 90% der Kreutz-Grupp zouzerechne sinn. E puer haten nëmmen en Duerchmiesser vun e puer Meter. Kee vum SOHO entdeckte Sungrazer hat de Perihelduerchgank iwwerstanen. E puer sinn direkt an d'Sonn gestierzt, déi sinn no bei der Sonn verdämpt.

Ongeféier en Drëttel vun deene mam SOHO fonnte Sungrazer goufen vun Amateurastronomen entdeckt, déi d'Fotoe vum Satellit am Internet ausgewäert haten. Sou hat de briteschen Amateurastronom Michael Oates déi immens Zuel vun 144 Koméiten [1], an den däitsche Rainer Kracht der 156 fonnt [2] (Stand November 2005).

D'SOHO-Observatioune weisen, datt d'Kreutz-Koméiten dacks a Koppelen op enger Distanz vu wéinege Stonnen optauchen. Déi Brochstécker hu sech offensichtlech op gréisserer Sonnendistanz geformt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • M. E. Bailey, V. V. Emel'yanenko, G. Hahn, N. W. Harris, K. A. Hughes und K. Muinonen: Orbital evolution of Comet 1995 O1 Hale-Bopp. In: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. Band 281, 1996, S. 916–924.
  • M. E. Bailey, J. E. Chambers und G. Hahn: Origin of sungrazers – A frequent cometary end-state. In: Astronomy and Astrophysics. Band 257, 1992, S. 315–322.
  • H. C. F. Kreutz: Untersuchungen über das cometensystem 1843 I, 1880 I und 1882 II. Druck von C. Schaidt, C. F. Mohr nachfl., Kiel 1888.
  • B. G. Marsden: The sungrazing comet group. In: Astronomical Journal. Band 72, 1967, S. 1170.
  • B. G. Marsden: The sungrazing comet group. II. In: Astronomical Journal. Band 98, 1989, S. 2306.
  • B. G. Marsden: The Sungrazing Comets Revisited. In: C. I. Lagerkvist, H. Rickman und B. A. Lindblad (Hrsg.): Asteroids, comets, meteors III. Proceedings of meeting (AMC 89). Universitet, Uppsala 1990, S. 393.
  • Zdenek Sekanina: Kreutz sungrazers: the ultimate case of cometary fragmentation and disintegration? In: Publikationen des Astronomischen Institut der Akademie der Wissenschaften der Tschechischen Republik. No. 89, 2001, S. 78–93.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]