Krich vu Sechs Deeg

Vu Wikipedia
Territoiren, déi Israel virum (giel) an nom Krich vu Sechs Deeg (beige) kontrolléiert huet. Agekreest: d'Mierenkt vun Tiran.
Israeelesch Eruewerung vun der Sinai-Hallefinsel, de 7. an 8. Juni.

Der Krich vu Sechs Deeg (arabesch: ‏حرب الأيام الستة‎ ḥarb al-ayyām as-sitta, hebräesch: מלחמת ששת הימים milchémet schéschet haJamim) war e Krich tëscht Israel a sengen arabeschen Nopeschstaaten Egypten, Jordanien a Syrien, dee vum 5. bis den 10. Juni 1967 gedauert huet.

Et war nom Israeeleschen Onofhängegkeetskrich (1948) an der Suezkris (1956) den drëtten arabesch-israeelesche Krich am Noen Osten.

E gouf declenchéiert, wéi Egypten d'Mierenkt vun Tiran, den Zougank zum Indeschen Ozean, fir israeelesch Schëffer gespaart huet an eng 1000 Tankse mat bal 100.000 Mann Arméi op der Sinai-Hallefinsel laanscht d'Grenz mat Israel opmarschéiere gelooss huet. De 5. Juni huet Israel iwwerraschend mat senger Loftarméi d'egyptesch Fligerbasen attackéiert a sou gutt wéi all Fligeren um Buedem zerstéiert, sou datt eng egyptesch Loftattack op Israel onméiglech ginn ass. Gläichzäiteg huet Israel eng Buedemattack op d'Gazasträif an op d'Sinai-Hallefinsel ausgefouert, déi d'Egypter iwwerrascht huet, a se no e puer Deeg Kämpf mat héije Verloschter, zu engem onkoordonéierte Réckzuch op déi Säit vum Suezkanal gezwongen huet. De 7. Juni huet déi israeelesch Arméi de Suezkanal erreecht a Sharm el Sheikh eruewert, an den 8. Juni war dee ganze Sinai ënner israeelescher Kontroll.

Am Nomëtte vum 5. Juni huet den egyptesche President Nasser Syrien a Jordanien, déi e Verdeedegungspakt mat Egypten haten, dozou bruecht, Israel unzegräifen. Israel huet doropshin Ostjerusalem agekreest an de 7. Juni ugegraff an eruewert. De selwechten Dag huet Israel Nablus a Bethlehem, déi op jordaneschem Territoire an der West Bank (de: Westjordanland, fr: Transjordanie) leien, eruewert. De jordanesche Kinnek Hussein huet doropshin e Réckzuch vu sengen Truppe bis déi Säit vum Floss Jordan kommandéiert, sou datt israeelesch Truppen déi ganz West Bank besat hunn. De 5. Juni huet Israel och nach géint der Owend Loftattacken op déi syresch Loftarméi lancéiert, déi zwee Drëttel vun hire Fligere verluer huet. Den 9. Juni huet déi israeelesch Buedemarméi de Plateau vu Golan am Süde vu Syrien ugegraff an den Dag drop eruewert.

Den 11. Juni gouf e Waffestëllstand ënnerschriwwen. De Bilan ware manner wéi 1000 Doudeger op israeelescher Säit géintiwwer 20.000 op der arabescher.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Vill Judde déi an arabesche Länner gelieft hunn, goufen nom Krich gezwongen, déi ze verloossen. D'Suitë vum Krich vu Sechs Deeg daueren zum Deel bis haut un: Eng direkt Suite war de Yom-Kippur-Krich 1973, als Revanche vun de Verléierer.

Egypte krut zwar 1982, nom Friddensaccord vu Camp David, Sinai zeréck, mä Israel huet d'Kontroll iwwer Ostjerusalem, d'Gazastäif, d'Westbank an de Golan-Plateau behalen. Israel consideréiert Ostjerusalem (d'Alstad) als seng Haaptstad, wat vun der internationaler Communautéit awer net unerkannt gëtt. Ronn 300.000 Palestinenser sinn aus der Westbank a Jordanien geflücht, an eng 100.000 Syrier vum Golan-Plateau an d'Hannerland. Si liewe bis haut a Flüchtlingslageren, déi scho laang kee Provisorium méi sinn.

Den Ausgang vum Krich vu Sechs Deeg beaflosst deemno bis haut d'Geopolitik vun der Regioun, an absënns, den israelo-palestinensesche Konflikt.