Krichsministère

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Missle template.svg Dëse Militärsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Krichsministère war fréier dat iewescht Staatsorgan fir d'Arméi- an d'Krichswiesen.

Un der Spëtzt stoung de Krichsminister, dee meeschtens en héijen Offizéier war a vum Chef de l'Etat ernannt gouf. A konstitutionelle Staaten hat e säin Amt och géintiwwer vum Parlament ze vertrieden. A militärescher Hisiicht huet de Krichsministère entweder dat komplett Militärwiesen mam ieweschte Kommando (wéi sengerzäit a Frankräich) oder nëmmen d'Verwaltung (wéi a Preisen) geleet.

Déi haiteg Bezeechnung ass normalerweis Verdeedegungsministère, wat als Euphemismus kéint ugesi ginn.