Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Riichter William F. Webb um Presidentestull 1946
An de Krichsverbriecherprozessen vun Tokio (東京裁判 Tōkyō Saiban, eigentlech: Internationalt militärëscht Geriicht fir de Wäiten Osten, 極東国際軍事裁判 Kyokutō Kokusai Gunji Saiban) si responsabel Persounen aus der Keeserlecher Arméi ugeklot gewiescht. Si sinn den 29. Abrëll 1946, um Gebuertsdag von Keeser Showa (裕仁 Hirohito ), ugeklot ginn. D'Verhandlungen hunn den 3. Mee 1946 ugefaangen an hu bis den 12. November 1948 gedauert.
D'Uklopunkten [änneren]
- Komplott géint de Weltfridden (Klogrënn 1 bis 36)
- Muerd (Klogrënn 37 bis 52 )
- Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet (Klogrënn 53 bis 55)
Um Enn goufen 55 Uklopunkten an 10 Gruppen zesummegestallt. Zwéi Punkten, nämlëch Verschwörung vu Japan, Italien an Däitschland ëm d'Weltherrschaft an d' Invasion an Thailand sinn wéinst Feele vu Beweiser fale gelooss ginn.
DUgekloten an d'Uerteeler [änneren]
| Nr. |
Ugekloten |
Positioun |
Uerteel |
| 1. |
Hideki Tojo |
Generol; 1935, Chef vun der manchurescher Gehimpolizei; 1936, Beroder vum Bureau fir machuresch Affären; 1938, Vize-Krichsminister; 1940-4, Krichsminister; 1941, Premierminiter |
Zum Doud veruerteelt (gehaang den 23. Dezember 1948) |
| 2. |
Akira Muto |
Generol; Arméikommandant a Sumatra; Chef iwwer d'Krichsgefaangenlageren a Sumatra |
Zum Doud veruerteelt (gehaang den 23. Dezember 1948) |
| 3. |
Seishiro Itagaki |
Generol |
Zum Doud veruerteelt (gehaang den 23. Dezember 1948) |
| 4. |
Iwane Matsui |
Generol |
Zum Doud veruerteelt (gehaang den 23. Dezember 1948) |
| 5. |
Heitaro Kimura |
Generol |
Zum Doud veruerteelt (gehaang den 23. Dezember 1948) |
| 6. |
Kenji Doihara |
Generol, Chef vun der Spionageafwier an der Mandschurei |
Zum Doud veruerteelt (gehaang den 23. Dezember 1948) |
| 7. |
Koki Hirota |
Ministerpräsident, Ausseminister, Ambassadeur an der Sowjetunioun |
Zum Doud veruerteelt (gehaang den 23. Dezember 1948) |
| 8. |
Osami Nagano |
Admirol |
Fräisproch wéinst dem Doud vum Beschëllegten |
| 9. |
Kingoro Hashimoto |
Oberst |
liewenslaang Prisong (entlooss 1954) |
| 10. |
Takasumi Oka |
Vizeadmiral |
liewenslaang Prisong (entlooss 1954) |
| 11. |
Kenryo Sato |
Generolleutnant |
liewenslaang Prisong (entlooss 1956) |
| 12. |
Jiro Minami |
Generol, Generolgouverneur Koreas |
liewenslaang Prisong (entlooss 1954) |
| 13. |
Shigetaro Shimada |
Admiral, Marineminister |
liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
| 14. |
Shunroku Hata |
Generolfeldmarschall |
liewenslaang Prisong (entlooss 1954) |
| 15. |
Sadao Araki |
Generol, Krichsminister |
liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
| 16. |
Hiroshi Oshima |
Generolleutnant, Ambassadeur an Däitschland |
liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
| 17. |
Yoshijiro Umezu |
Generol, Kommandant der Kantonarmee |
liewenslaang Prisong (-) |
| 18. |
Naoki Hoshino |
Kanzleidirektor vun der Mandschurei |
liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
| 19. |
Kuniaki Koiso |
Generol, Generolgouverneur vu Korea, Ministerpräsident |
liewenslaang Prisong (-) |
| 20. |
Teiichi Suzuki |
Generolleutnant, Chef vum (Planungsamt??) |
liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
| 21. |
Kiichiro Hiranuma |
Ministerpräsident |
liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
| 22. |
Koichi Kido |
Keeserlechen Sigelbeamten, Kulturminister, Sozialminister, Banneminister |
liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
| 23. |
Okinori Kaya |
Finanzminister |
liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
| 24. |
Shigenori Togo |
Ausseminister, Ambassadeur an der Sowjetunioun an Däitschland |
20 Jahre Prisong |
| 25. |
Toshio Shiratori |
Ambassadeur an Italien |
liewenslaang Prisong (-) |
| 26. |
Mamoru Shigemitsu |
Ausseminister, Ambassadeur an England |
7 Jahre Prisong (entlooss [1950]]), geet an d'Politik a gëtt 1954 japaneschen Ausseminister |
| 27. |
Shumei Okawa |
Ultranationalist, |
Fräisproch wéinst psychiatresche Grënn, hie gouf psychiatresch internéiert an 1948 entlooss |
| 28. |
Yosuke Matsuoka |
Ausseminister, Vertrieder beim Völkerbond |
Fräisproch wéinst dem Doud (Tuberkulos) vum Beschëllegten um Ufank vum Prozess |
Als Uerteel ass d'majoritär Meenung vun de Riichter aus den USA, England, der Sowjetunioun, der Republik China, Kanada an Neiséiland ugeholl ginn. D'Riichter aus Holland, Frankräich, Indien, de Philippinen an Australien hunn hir minoritär Meenungen eenzel publizéiert. Besonnesch de Fräisproch vum Riichter Radhabinod Pal ass opgefall. Déi zum Doud Veruertelt sinn den 23. Dezember, um Gebuertsdag vum Prënz Akihito (de Keeser vun haut) higeriicht ginn.
Literatur zum Thema [änneren]
- Brackman, Arnold C.: The Other Nuremberg. The Untold Story ot the Tokyo War Crime Trials, Collins, London, 1989
- Pal, Radhabinod: -International Military Tribunal For The Far East- Dissendent Judgement Of Justice Pal., Kokusho Kankoukai Inc., Tokyo 1999, ISBN 4-336-04110-5
- Minear, Richard R.: Victors' Justice: The Tokyo War Crimes Trial (Michigan Classics in Japanese Studies), University of Michigan, 2001, ISBN 1-929280-06-8