Krieger (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Krieger
Koordinaten 29°1'12"N, 45°36'36"W
Duerchmiesser 22,9 km
Déift 950 m
Selenographesch Längt 45,6° bei Sonnenopgank
Genannt no Johann Nepomuk Krieger
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ10
Krater Krieger an Ëmgéigend (LROC-WAC)

De Krieger ass en Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit um Plateau vum Oceanus Procellarum. Hie läit nordwestlech vum grousse Stralekrater Aristarchus. Vu sengem nordwestleche Rand aus geet d'Moundrill, Rima Krieger no Nordweste fort. De südleche Rand ass vum klenge Krater Van Biesbroeck iwwerlagert. De Rand vum Krater ass onreegelméisseg a liicht erodéiert. De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell nom däitschen Zeechner a Selenograph Johann Nepomuk Krieger genannt.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Numm Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
Rocco 28.9° N 45.0° W 5 km
Ruth 28.7° N 45.1° W 3 km

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie