Krim

Vu Wikipedia
Kaart vun der Krim

D'Krim (ru.: Крым; uk.: Крим) ass eng Hallefinsel am nërdleche Schwaarze Mier, mat enger Fläch vu 26.844 Quadratkilometer an 2.353.100 Awunner. Eng 60 % dovu si Russen, 25 % Ukrainer an 12 % Krimtataren. Am Mäerz 2014 huet d'Hallefinsel sech vun der Ukrain lassgesot a sech als "Republik Krim" Russland ugeschloss. Haaptstad ass Simferopol.

Bekannt ass d'Krim fir hir Wéngerten, archeologesch an touristesch Plazen, wéi z. B. de Bad Jalta, wou 1945 de Stalin, de Roosevelt an den Churchill d'Welt ënner sech opgedeelt hunn. Z'ernimmen ass och nach d'Stad Sewastopol, wou déi russesch Schwaarzmierflott stationéiert ass.

Den Numm vun der Hallefinsel geet entweeder op dat Krimtatarescht Qırım zeréck, wat "mäin Hiwwel/Fiels" heescht, oder op dat Griichescht Κύμη, wat "Grenz" bedeit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Krim war am Altertum vu Kimmerier, Taurer an du vu Skythe bewunnt. Donieft gouf et griichesch Siidlungen, dorënner Chersonesos beim haitege Sewastopol. Am 1. Joerhonnert v. Chr. ass d'Krim ënner réimeschen Afloss geroden, gouf awer net als réimesch Provënz organiséiert. Am Kader vun der Vëlkerwanderung koumen am 3. Joerhonnert n. Chr. Goten op d'Hallefinsel, an zanter dem 5. Joerhonnert Hunnen, an duerno noenaner Chasaren, Kumanen an Tataren. Am 13. Joerhonnert hunn d'Mongole vun der Gëllener Hord iwwer d'Krim hiren Handel mat Egypten, Genua a Venedeg lafe gelooss. Ëm 1440 huet d'Gëllen Hord ugefaangen éischt Schwächt ze weisen an d'Krim-Khanat ass entstanen, wat awer scho 1478 als Vasallestaat ënner osmanesch Kontroll gefall ass. 1774 huet de Potjomkin d'Krim vum osmanesche Räich lassgeléist kritt, a 1783 ass se duerch d'Katharina II. offiziell vu Russland ugeholl ginn.

1853-1856 koum et zum Krimkrich tëscht Russland an dem Osmanesche Räich, an dee sech Groussbritannien a Frankräich agemëscht hunn, an deen am Endeffekt zu enger Garantie vun der Integritéit vum Rescht vum Osmanesche Räich gefouert huet. Op der Krim selwer koum et zwar zu fatzege Schluechten, d'territorial Zougehéieregkeet zu Russland stoung awer ni a Fro. Den Tuerm vum Fort Malakow bei Sewastopol huet spéider den Numm gi fir vill massiv Tierm an Europa, dorënner och fir de Malakoff-Tuerm an der Stad Lëtzebuerg.

1917 ass d'Krim an d'Onrouen an de Biergerkrich no der Oktoberrevolutioun geroden, bis se 1921 eng autonom Sowjetrepublik bannent der Sowjetunioun gouf.

Am Zweete Weltkrich ass d'Krim vun 1942 bis 1944 vun der Wehrmacht besat ginn. Wéinst Kollaboratioun huet de Stalin 1944 all d'Krimtataren an Zentralasien deportéiere gelooss. 1946 gouf d'Krim eng Oblast vun der russescher Sowjetrepublik.

1954 gouf se vum Chruschtschow un d'ukrainesch Sowjetrepublik verschenkt, dëst am Kader vum 300-järege Jubiläum vum Vertrag vu Perejaslaw vu 1654, wou dee vu Polen bedrängten ukrainesche Kosakestaat sech dem Schutz vum russeschen Zar ënnerstallt hat. Deemools war et net denkbar, datt d'Sowjetunioun jee ausenanerbrieche kéint an dëst zu Problemer féiere kéint.

1967 goufen d'Krimtataren offiziell rehabilitéiert, 1988 hu s'op d'Krim zeréckduerften, wat der och vill gemaach hunn.

Wéi d'Sowjetunioun zerfall ass, do gouf de 24. August 1991 d'ukrainesch Sowjetrepublik an hiren deemolege Grenzen, also mat der Krim, zum onofhängege Staat. Nëmme mat groussem politeschen Drock konnt e Referendum iwwer d'Onofhängegkeet vun der Krim verhënnert ginn. Als Kompromëss gouf d'Gebitt 1992 zur Autonomer Republik Krim bannent dem ukrainesche Staat. Spannunge gouf et nach ëm d'Stad Sewastopol, déi net nëmmen de wichtegste Flottestützpunkt vu Russland ass, mä wéinst hirer Roll am Krimkrich an am Zweete Weltkrich och als nationaalt Symbol gëllt; 1997 huet d'Lag sech berouegt wéi Russland dee gréissten Deel vun der Stad pachten a seng Schwaarzmierflott dobehale konnt. Sewastopol krut de Status vun enger eegener Oblast bannent der Ukrain.

Als Folleg vum politeschen Ëmstuerz an der Ukrain am Februar 2014 si separatistesch Bestriewungen op der Krim nees opgeflaamt. No der Ernennung vum Sergei Aksjonow zum neie Ministerpresident duerch d'Regionalparlament gouf den 11. Mäerz d'Hallefinsel als nei "Republik Krim" fir onofhängeg vun der Ukrain erkläert. De 16. Mäerz hunn 83,1 % vun der Bevëlkerung bei engem Referendum matgemaach, a 96,77 % hu fir en Zesummeschloss mat Russland gestëmmt[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Schlussprotokoll vun der Walkommissioun, verëffentlecht vun der Noriichtenagentur CrimeaInform, 17. Mäerz 2014 09:26