Krim-Observatoire
De Krim-Observatoire ass en astrophysikaleschen Observatoire op der ukrainescher Hallefinsel Krim.
Inhaltsverzeechnes |
Positioun [änneren]
Déi fréier sowjetesch Ariichtung besteet haut
- aus dem Observatoire zu Nautschnyj, ongeféier 30 km vu Simferopol ewech a läit 560 m héich.
- an der Sektioun Simejis, 16 km südwestlech vu Jalta (op enger Héicht vun 200m,
44° 24’ 46.16’’ N 33° 59’ 29.71’’ O).
Geschicht [änneren]
Den Observatoire zu Simejis existéiert schonns zënter 1900. Deemools gouf en als Privatobservatoire gegrënnt a spéider 1912 vum Pulkowo-Observatoire (südlech vu Sankt Petersburg) als südlech Sektioun iwwerholl. No der Zerstéierung am Zweete Weltkrich gouf e bis 1948 nees opgebaut.
D'Ariichtung zu Nautschnyj ass net esou al a gouf eréischt 1949 fäerdeggestallt. Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun gehéiert den Observatoire zu der Ukrain, allerdéngs gëtt et niewent der Zesummenaarbecht mat europäesche Wëssenschaftler och eng enk Kooperatioun mat Russland.
Teleskopen an Aarbechten [änneren]
Den Observatoire ass equipéiert mat engem 65 cm Maksutov-Teleskop, zwéi Reflektere mat 1,2 m an 2,6 m Ëffnung, engem Koronograph, zwéi Sonnentierm an engem 40 cm Duebelastrograph. Ausserdeem ass zu Simejis en 22 m Radioteleskop.
Zu Nautschnyj ass och nach déi südlech Sektioun vum staatlechen Sternberg-Institut fir Astronomie vun der Moskauer Lomonossow-Universitéit ënnerbruecht.
De Fuerschungsschwéierpunkt vum Observatoire läit op de Gebidder vun der Sonnephysik, Duebelstäresystemer, Radialvitesse vu Stären a Quasaren.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Krim-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |