Krimkrich
| Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Krimkrich (och Orientkrich) gouf vun 1853 bis 1856 op der Krimhallefinsel tëschent Russland op der enger Säit an dem Osmanesche Räich, Frankräich, Groussbritannien a vun 1855 och Piemont-Sardinien (dem politesch wichtegste Virleeferstaat vun Italien) op der aner Säit ausgedroen. En huet als néngten Tierkekrich ugefaang. De russeche Versuch, säi Gebitt op Käschte vum Osmanesche Räich ze vergréisseren, gouf duerch den Asaz vun den Alliéierte verhënnert. De Krimkrich gëllt als deen éischte moderne Stellungskrich an als besonnesch schlecht virbereet.
Ursaach: déi Orientalesch Fro [änneren]
D'Wuerzele vum Konflikt leien an der orientalescher Fro, déi duerch den Niddergank vum Osmanesche Räich, dem "Kranke Mann um Bosporus" ëmmer méi virulent gouf. Zënter dem Enn vum 18. Joerhonnert huet Russland versicht, säin Afloss um Balkan ze vergréisseren an den Osmanen d'Kontroll iwwert de Bosporus an d'Dardannellen, déi strategesch wichteg Mierenkte tëschent dem Schwaarze Mier an dem Mëttelmier, z'enträissen. D'russesch Victoire am Russesch-Tierkesche Krich vun 1828/29 an den Ofschloss vum Traité vun Unkiar-Skelessi, 1833, an deem dat Osmanescht Räich fir de Krichsfall Russland de Blockage vun de Mierenkte fir feindlech Krichsschëffer zougesot hat, schéngen d'Viraussetzungen dofir geschafen ze hunn.
Groussbritannien, Frankräich an och Éisträich hunn an der méiglecher russecher Kontroll iwwer d'Mierenkten eng Bedreeung vun hiren Intressien um Balkan, am ëstleche Mëttelmier an am Noen Oste gesinn. 1841 geléngt et den europäesche Groussmiecht, d'Ofkommes vun Unkiar-Skelessi opzehiewen.
Ursaach: d'Benotze der Kierch zum Hellege Graf zu Jerusalem [änneren]
| Commons: Crimean War – Biller, Videoen oder Audiodateien |