Kritik

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Kritik huet seng Originnen am griichesche Verb krinein, dat sënneren, entscheeden, streiden urteelen, bedeit.

D'Kompetenz, fir ze herrschen a fir ze riichte gouf scho vum Aristoteles a seng politescher Philosophie mat opgeholl. A sengem Politik (Aristoteles), an deem de Philosoph seng Definitioun vum Bierger festleet (Pol. 1275b 18 f.) gräift en op de Begrëff Kritik zeréck.

Doraus huet sech an der Zäit vun der Stoa de Kritikbegrëff als en Deel vun der Dialektik entwéckelt, bei deem et drëm gaangen ass, dat, wat an de Schrëften iwwerliwwert war, mat enger logescher Konsistenz ze begräifen.

Am Däitschen daucht d'Wuert Kritik fir d'éischt 1718 op, an dat an dem Gottlieb Stolle senger "Kurtze Anleitung zur Historie der Gelahrtheit", déi zu Halle erauskoum.