Krokodil (Sécherheetssystem)
Als Krokodil bezeechent een op der Eisebunn e Sécherheetssystem wéi en haut zu Lëtzebuerg, an der Belsch an a Frankräich benotzt gëtt. Zu Lëtzebuerg an an der Belsch, ass en och nach ënnert dem Numm Memor bekannt.
Well en als äusserst onsécher gelt, ginn d'Krokodiler duerch divers aner Systemer completéiert.
[änneren] Opbau
De System baséiert op metallen Konstruktiounen déi tëscht de Schinnen leien, an deenen hir längelzech Form dem System säin Numm gëtt. Duerch di Stécker leeft eng liicht elektresch Spannung. D'Géigestéck zu deenen Konstruktiounen sinn metalle Biischten déi ënnert de Lokomotiven an Automotricë montéiert sinn.
Wann lo e Gefier laanscht e Signal, an domatter iwwert e Krokodil fiert, hellt d'Biischt di elektresch Spannung op an et rabbelt eng Schell an der Kabinn. De Mécanicien muss dat lo sengem Gefier confirméieren datt en dat Signal wat e grad passéiert huet gesinn huet, mécht en dat net gëtt innerhalb vu 5 Sekonnen eng Zwangsbremsung ausgeléist.
[änneren] Geschicht
D'Krokodiler goufen Enn vum 19. Jorhonnert a Frankräich entwéckelt an haten de Sënn Signaler géint en einfachen Mëssel vum Mécanicien ze sécheren. Et goung een dovun aus datt de Mécanicien deen e Signal iwwersinn hat, dat och net géing acquittéieren an datt di automatesch Vollbremsung Accidenter kéint verhënneren. De groussen Nodeel vum System ass datt e keng Konsequenz virgesäit fir Gefierer di laanscht zouen Signaler fueren a bei deenen de Mécanicien d'Signal acquittéiert.
1997 goufen et zu Lëtzebuerg 3 schwéier Zuchaccidenter, déi all op mënschlech Feeler a Feeler bei der Signalisatioun zréckzeféieren waren. Bei schlëmmstem Accident, koum um Houwald e Mécanicien ëm d'Liewen. An der Folleg hunn d'CFL hiren Reseau iwwerschafft an eng verbessert Sécherheetstechnologie installéiert.
Trotzdem waren d'Krokodiler deen eenzegen Sécherheetssystem deen zu Lëtzebuerg existéiert huet. Dowéinst war et fir auslännesch Eisebunnsgesellschaften, vrun allem aus Frankräich an der Belsch, einfach hiert Material zu Lëtzebuerg homologéieren ze loossen.
2006 kommen beim Zuchongléck zu Zoufftgen 12 Mënschen ëm d'Liewen, wat d'Sécherheet op der Bunn nees an d'Gespréich bréngt. Och wann et net de Sécherheetssystem selwer war, deen hei versot hat, war dest Ongléck dee leschten Impuls fir d'Krokodiler ze iwwerschaffen.
2007 gouf di erweidert Form vum System, de Memor 2+, zu Lëtzebuerg obligatoresch.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Krokodil (Sécherheetssystem) – Biller, Videoen oder Audiodateien |