Kropemann

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Legend vum Kropemann. Fir de Film vun 2016, kuckt wgl. Kropemann (Film).
Kropemann-Sprangbuer virun der Réidener Gemeng, e Wierk vum belsche Sculpteur Jef Claerhout

De Kropemann, e Waassergeescht vun der Atert, ass d'Symbolfigur vun der Gemeng Réiden op der Atert.

Waassergeeschter[änneren | Quelltext änneren]

De lëtzebuergesche Kropemann[änneren | Quelltext änneren]

D'Figur vum Kropemann gouf benotzt, fir de Kanner Angscht viru potentielle Geforen, wéi net protegéiert Weieren, Waasserleef oder Pëtzer der kënne sinn, ze maachen, a se sou dovun ewech ze halen[1].

An dës Kategorie fält z. B. dem Willy Goergen säi Gedicht "De Kropemann" (Text an déi haiteg Orthographie iwwerdroen):

Am Pëtz do sëtzt de Kropemann.
Wat mécht hien an deem Waasser dran?
E lauert mat der Kropestaang
Bis datt en d'Këndche - jupps - gefaang'.
Wat wëll e mat deem Këndchen man?
E späert et a säi Keller an,
Do ass et däischter, kal an naass.
D'léift Këndche géng 'rëm gär op d'Gaass,
Mee 't kann och jäize, jéim're, klo'n:
t'dëerf nët méi bei séng Mamma go'n.
Duerfir méng hierzeg Zockergrëtz,
bleif schéin ewech vum déiwe Pëtz.
A kuck dach nëmmen nët méi dran,
Soss kënnt deen uerge Kropemann.
E kroopt dech an d'Zéif -
Komm huerteg, méng Spréif!

Soss[änneren | Quelltext änneren]

"Kropemann" ass ee vun deene sëllege Pseudonymer, mat deenen d'Auteure vun der satirescher Wochenzeitung Den Neie Feierkrop hir Artikelen ënnerschreiwen. 2016 koum e Film vum Patrick Ernzer mam Titel Kropemann an de Kino. Kropemann-Info ass e Périodique vun der Gemeng Réiden op der Atert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gerry Erang, Child, beware! Is the Kropemann Luxembourg's most terrifying mythical creature? RTL today, 15.07.2019