Kueb (Gebai)

Vu Wikipedia
De "Klenge Kueb"

Kueb war de Spëtznumm, ënner deem e Bauprojet zu Lëtzebuerg Enn vun den 1970er Joren allgemeng bekannt war.

Et war dëst e Projet vun engem Gebai fir d'Europäescht Parlament, dat hätt sollen um Kierchbierg, no bei den Dräi Eechelen, gebaut ginn. Zu där Zäit war d'Diskussioun ëm de Sëtz vun den Europäeschen Institutioune voll am Gaang, a Lëtzebuerg wollt säin Zécken aus den CECA-Zäiten nees guttmaachen, andeems e monumentale Büroskomplex mat engem Plenarsall fir d'Parlament sollt gebaut ginn.

Dem franséischen Architekt Roger Taillibert säi Projet Centre 300 gouf zeréckgehalen. Wéinst senger Form - engem ovoide Plenarsall mat drun ugebaut en no uewe geschwongenen 142 Meter héijen Tuerm, deen e bëssen engem Villche mat laange Schwanzfiedere geglach huet - krut de Projet séier de Spëtznumm Kueb[1].

E war vun Ufank u kontrovers: ze grouss, ze deier, e géif d'Silhouett vun der Stad verschampléieren, waren déi heefegst Kriticken. No laangen Diskussiounen huet d'Regierung Thorn-Berg decidéiert, de Projet net weiderzeféieren.

E Plenarsall gouf awer trotzdeem gebaut - e gouf Klenge Kueb genannt, och, wann d'Form heivun absolut näischt mat engem Kueb ze dinn huet - deen haut nach um Fouss vum Héichhaus um Kierchbierg steet. De Klenge Kueb ass e Wierk vum lëtzebuergeschen Architekt Pierre Bohler.

D'Europäescht Parlament ass iwweregens just ganzer véiermol, tëscht Juni 1980 a Februar 1981, doran zesummekomm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eng Maquette vum Projet ass am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg ausgestallt.