Kuelestoffplanéit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kënschtlerescht Bild vun engem Kuelestoffplanéit. Wéinst der Kuelenwaasserstoffpresenz ass d'Uewerfläch donkel a roudelzeg.

E Kuelestoffplanéit, och als Diamantplanéit oder Karbitplanéit bezeechent, ass eng hypothetesch Planéiteform, déi vum Marc Kuchner virgeschloe gouf. Sou ee Planéit sollt sech aus protoplanetare Stëbscheiwe forme kënnen, déi vill Kuelestoff a wéineg Sauerstoff hunn. D'Éntwécklung vu sou engem Planéit sollt no Erkenntnesser vun der Planéitefuerschung vu siliziumräiche Planéiten (wéi d'Äerd, d'Venus asw.) ofwäichen.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

Wéi déi bekannt terrestresch Planéite soll och e Kuelestoffplanéit en Eisekär hunn. Ëm dee Kär sollte sech Schuele vun Siliciumcarbid an Titancarbid bilden op där nees eng déck Schicht Kuelestoff roue sollt. Déi Kuelestoffschicht däerft aus Graphit bestoen, ausserdeem, wa genuch Drock zu senger Hierstellung do ass, kéinten Diamante bei Vulkanausbréch ausgeworf ginn a regelrecht Bierger op der Uewerfläch formen. Op der Uewerfläch sollten doriwwer eraus verschidde Kuelewaasserstoffer (z. B. Methan) a Gase wéi Kuelemonoxid sinn. Sollt Waasser op deene Planéite sinn, kéint et entwéckelt Liewen mat Stoffwiessel do ginn.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

Kuelestoffplanéite sollten eng ähnlech Dicht hu wéi Planéite mat haaptsächlech siliziumhaltegem Mantel. Dofir däerft et schwéier ginn, si vun ähnlechen z'ënnerscheeden. Geologesch Strukture wéi Flëss a Bierger kënnen och do sinn, allerdéngs mat aneren Elementer (z. B. Mierer déi net aus Waasser, mä aus Uelege bestinn). Sollt d'Temperatur bestëmmt Wäerter net iwwerschreiden (z. B. 350 K), kéinte sech laangketteg Moleküller formen, déi sech an der Atmosphär usammelen a schliisslech op d'Uewerfläch erofreenen.

Dee vun der NASA geplangten Terrestrial Planet Finder-Projet soll an der Lag sinn, Kuelestoffplanéiten, wann s'existéieren, z'entdecken.

Méiglech Kuelestoffplanéiten[änneren | Quelltext änneren]

De Pulsar PSR 1257+12 kéint vun engem Kuelestoffplanéit (PSR 1257+12 b) ëmkreest ginn. Ausserdeem erwaart ee Kuelestoffplanéiten an der Géigend vum galakteschen Zentrum, well Stären do vill méi Kuelestoff hu wéi zum Beispill d'Sonn. Duerch d'Akkumulatioun vun Elementer mat enger héijer Uerdnungszuel am Zäitverlaf (duerch Kärfusioun bannen an de Stäre mat uschléissendem Fräisetzen duerch Supernovaen) kéint d'Konzentratioun vu Kuelestoff do déi néideg Héicht schonn erreecht hunn.

Et gëtt ugeholl, datt et sech bei deem am August 2011 entdeckten Exoplanéit PSR J1719-1438b ëm e Kuelestoffplanéit handelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]