Kulturzentrum Opderschmelz

Vu Wikipedia
Kulturzentrum Opderschmelz
Land Lëtzebuerg
Plaz Diddeleng
Adress 1b rue du Centenaire
Koordinaten 49° 28’ 27.93’’ N
      06° 04’ 58.28’’ O
Architekt(en) Paul Bretz
Datum vum Bau 2005-2007

De Kulturzentrum Opderschmelz, mam offiziellen Numm Centre culturel régional Dudelange Opderschmelz genannt, kuerz ODS, ass e multidisziplinäre Konschtzentrum zu Diddeleng. De Kulturzentrum Opderschmelz ass am selwechte Gebai wéi de Centre national de l'audiovisuel (CNA) mam Ciné Starlight an d'Diddelenger Museksschoul. Am Gebai ass och de Kulturservice vun der Stad Diddeleng ënnerbruecht, deen ënner anerem och fir d'Programmatioun vum Zentrum zoustänneg ass. Et ass och e Restaurant am Gebai.

Geographesch läit de Kulturzentrum Opderschmelz am südlechen Deel vun Diddeleng an der Rue du Centenaire.

Fir de Bau war den Architektebüro Paul Bretz zoustänneg.

De Kulturzentrum Opderschmelz ass Enn 2007 a Betrib geholl ginn. Den éischte Concert war de 17. November. Vum 8. bis de 15. Dezember war Porte Ouverte, woubäi de Publikum d'Geleeënheet hat, d'Gebai kennen ze léieren.

De grousse Sall huet eng maximal Capacitéit vun 280 Sëtzplazen (+180 um Balcon), respektiv 500 Stéiplazen, an ass mat der modernster Technik ausgerëscht.

De klenge Sall huet eng maximal Capacitéit vun 105 Sëtzplazen a gëtt fir d'Concourse vun der Musekschoul benotzt a fir méi kleng Concerte wou méi eng grouss Intimitéit erwënscht ass.

De Kulturzentrum bitt och Ateliere fir kënschtleresch Workshoppen ofzehalen. Ausserdeem gëtt et Prouf- a Versammlungssäll fir d'Harmonie Municipale an d'Harmonie Forge du Sud.

Vun 2008 un ass de Kulturzentrum Opderschmelz Matorganisator vum Zeltik-Festival mat keltescher Musek op der Jean-Fohrmann Plaz.

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]