Kurhaus Baden-Baden

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kurhaus zu Baden-Baden

D'Kurhaus zu Baden-Baden ass Treffpunkt fir Touristen, Nuetseilen, Kurgäscht, Geschäftsleit, Glécksspiller an Einheimescher. E gouf am 19. Joerhonnert vum Karlsruher Baumeeschter Friedrich Weinbrenner am klassistesche Stil entworf.

D'Gebai besteet aus dräi Deeler a leit direkt nieft dem Kurgaart.

De Casino, gehéiert zu engem vun deene schéinsten a beléiftsten aus Däitschland. 1809 goufen déi éischt offiziell Casinoen zu Baden-Baden am Konversatiounshaus an am Promenadenhaus (haitegt Kurhaus) opgemaach. 1824 gouf dunn d'Kurhaus vum Weinbrenner gebaut. 1855 gouf de Casino vu franséische Kënschtler a Bannenarchitekten an eng fantastesch Spillhal am Stil vun de franséische Kinneksschlässer aus dem 17. Joerhonnert, mat ville verschiddene Säll (Salon Pompadour, de roude Sall, de Wantergaart, de florentinesche Sall) ëmgebaut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kurhaus Baden-Baden – Biller, Videoen oder Audiodateien