Kursindikater

Vu Wikipedia
De Kursindikater vun enger Cessna 172

De Kursindikater ass e Gyroskop dat an d'Fliger agebaut gëtt fir d'Richtung ze moossen.

Am Géigesaz zu deem op Schëffer gebrauchte Gyrokompass – mat deem en dacks verwiessselt gëtt – ass de Kursindikater kee gefesselten, mä e fräie Kreesel. Säi Moossprinzip berout op der Stabilitéit vun der Dréiachs vum Rotor; seng Genauegkeet hänkt dofir vun der Rotormass, senger Dréivitess an der mechanescher Fäerdegungsqualitéit of.

Soulaang d'Kreeseldrift ënner de Spezifikatioune bleift, ass de Kursindikater trotz senger einfacher Bauaart e verléisslecht Moossinstrument vun der Loftnavigatioun an eng wichteg Bäilag zum Magnéitkompass. Am Géigesaz zu dësem ass en am Kurvefluch fräi vu Kompassfeeler a weist roueg un, soudatt e sech och fir d'Method vun der Automatiksteierung eegent.

All Kursindikater muss awer vun Zäit zu Zäit nojustéiert ginn, andeems seng Unzeig un de magnetesch ermëttelte Kurs ugepasst gëtt. Wat fréier manuell gemaach gouf, iwwerhëlt beim Gyrosyn-Kompass eng Automatik, déi déi klengst Schrëtt noféiert fir Stéierungen z'ënnerloossen.

D'Wénkelskala vu Kursindikateren ass meeschtens op 5° gedeelt, d'Ofliesung ass dofir op ongeféier 1-2° genee méiglech.

Direkt virum Start, nodeem de Pilot de Fliger op der Pist ausgeriicht huet, gëtt de Kursindikater entspriechend der mëssweisender Pisterichtung agestallt. Dës Richtung ass um Ufluchblat vum Fluchfeld vermierkt.

Kuckt och: Fluchnavigatioun, Horizontal Situation Indicator, Kurs (Navigatioun)