Kurt Felix
De Kurt Felix, gebuer de 27. Mäerz 1941 zu (Wil (Sankt Gallen), a gestuerwen de 16. Mee 2012 zu Sankt Gallen, war e Schwäizer Teleespresentateur a -journalist. Hie war zënter 1980 mat der Sängerin an Teleesprésentatrice Paola del Medico bestuet.
Biographie [änneren]
De Kurt Felix huet sech scho fréi fir Radio-Lauschterspiller intresséiert an där schonns als Schüler geschriwwen. 1960-1965 huet hien zu Frauenfeld als Schoulmeeschter geschafft, huet niewelaanscht awer och als Radio- an Televisiounsprésentateur geschafft. 1965 gouf hie fest bei der Schwäizer Telee SF DRS engagéiert. Hien huet do och eege Formater entwéckelt wéi d'Emissioun Teleboy mat verstoppter Kamera.
Vun 1980 bis 1990 huet hien esou eng Zort Emissioun och mat vill Succès, zesumme mat senger Fra Paola, op der däitscher Telee (Südfunk) ënner dem Titel "Verstehen Sie Spaß?" moderéiert.
Vun 1995 bis 2008 war hien Telees-Kolumnist an Autuer, ë. a. bei der Schweizer Illustrierte, SonntagsBlick an dem St. Galler Tagblatt.
Hie war laang mat Schilddrüsekriibs geplot an ass un de Suiten dovunner gestuerwen.
Literatur [änneren]
- K.F. Habegger, Verstehen Sie Spass (1982)
- Walter Grieder, Zwei die Spass verstehen - Biographie (1990)