Kurt Heinrich Debus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kurt H. Debus als Direkter vum NASA-Kennedy Space Centers (1962 bis 1974)

De Kurt Heinrich Debus, gebuer den 29. November 1908 zu Frankfurt am Main a gestuerwen den 10. Oktober 1983 zu Cocoa Beach, Florida war en däitsche Rakéitepionéier. Vun 1944 bis Februar 1945 war hie Betribsleeder vum Préifstand VII zu Peenemünde, tëscht Juli 1962 an November 1974 war en Direkter vum Kennedy Space Center.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Kurt Debus hat 1929 e Studium vun Elektrotechnik op der Technescher Héichschoul Darmstadt ugefaangen, wou hien 1930 Member vun der Burschenschaft Markomannia – spéider Darmstädter Burschenschaft Rheno-Markomannia – gouf. Vu 1933 bis 1936 war hie Member bei der SA, a vun Ufank 1939 war hie Member vun der SS (Membernummer 426.559).[1] 1935 krut hie säin Diplom an Elektrotechnik a gouf Assistent vum Ernst Hueter. 1939 huet hien am Fach Elektrotechnik op der TH Darmstadt promovéiert an huet dunn als wëssenschaftleche Mataarbechter weider op der TH geschafft. An dä Zäit wéi en op der TH-Darmstadt geschafft huet (1942) hat hien en Aarbechtskolleg bei der Gestapo ugeschmiert, wéinst angebleche „staatsfeindleche“ Bemierkungen. Dee gouf doropshin zu 2 Joer Prisong nom deemolegen Heimtückegesetz veruertelt.[1]

Vun 1939 un hat de Wernher von Braun ouni Erfolleg versicht, den Debus fir d'Aarbecht un der V2 zu Peenemünde ze gewannen. Virun d'Wiel gestallt, Zaldot ze ginn oder op Peenemünde ze goen, hat hie sech fir Peenemünde entscheet an huet vun August 1943 als Entwécklungsingenieur bei der Heeresversuchsanstalt Peenemünde un der V2-Rakéit geschafft. Zum Schluss war hien do Betribsleeder vum Préifstand VII.

Den Debus koum 1945 zesummn mat enger Grupp vun Ingenieuren a Wëssenschaftler ëm de Wernher von Braun an d'USA. Bis 1950 huet d'Grupp zu Fort Bliss am Texas geschafft an ass dann an d'Redstone Arsenal zu Huntsville (Alabama) geplënnert.

Vun 1952 bis 1960 huet de Kurt Debus bei der US-Arméi an der ballistescher Agentur vum Fluchzündunglaboratoire geschafft. An däre Funktioun war hien um Cape Canaveral, wou hien den Ofschoss vum éischte ballistesche Fluchkierper der Redstonerakéit iwwerwaacht huet. Aus dem Redstone-Programm entstoung ënner senger Bedeelegung de Mercury-Redstone-Programm, Virleefer vum Apollo-Programm.

Den Debus gouf 1962 Direkter vum Start Operation Center a schliisslech Direkter vum John F. Kennedy Space Center. Während där Zäit war hie verantwortlech fir d'Starte vum Apollo-Programm inklusiv vun de sechs Moundlandungen (Apollo 11 bis Apollo 17; Apollo 13 gouf virzäiteg ofgebrach). Ënner senger Leedung ware folgend Missioune gelongen:

1974 huet hie sech vu senger Positioun als Direkter vum Space Center zréckgezunn. An de Joren 1975 bis 1980 war hie President vum Opsiichtsrot vun der OTRAG.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Kurt H. Debus gouf de Moundkrater Debus op der Moundrécksäit genannt.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kurt Debus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Rainer Eisfeld, Mondsüchtig, Wernher von Braun und die Geburt der Raumfahrt aus dem Geist der Barbarei, Paperback, 296 Seiten, 2012, ISBN 978-3-86674-167-6, S. 97.