Kurt Hovelynck

Vu Wikipedia
De Kurt Hovelynck mat dem Dossard 147 an den Dimitri Champion mat dem Dossard 51 op der 4. Etapp am Tour de Wallonie 2008.

De Kurt Hovelynck, gebuer den 2. Juni 1981 zu Eeklo, ass e belsche professionelle Vëlossportler.

Den Hovelynck huet seng Profiscarrière 2004 bei der belscher Vëlosekipp Jong Vlaanderen 2016 ugefaangen. Zanter 2005 fiert e fir de Professional Continental Team Chocolade Jacques.

A senger zweeter Saison gouf en do Zweete beim Grand Prix Wanzele, an Drëtten op enger Etapp vum Circuit de Lorraine.

Bei dem Tour de l'Algarve an dem Tour de l'Avenir konnt hie sech 2006 zweemol ënner den zéng Éischte klasséieren.

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]