Kurt Schumacher

Vu Wikipedia
Kurt Schumacher
Gebuer 13. Oktober 1895
Gestuerwen 20. August 1952
Bonn
Nationalitéit Däitschland, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Westdäitschland
Educatioun Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Rechtsberoder, Politiker, Resistenzler
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland

De Kurt Schumacher gebuer den 13. Oktober 1895 zu Culm a Westpreisen, haut a Polen, a gestuerwen den 20. August 1952 zu Bonn, war en däitsche Politiker.

Hie war Parteipresident vun der SPD vun 1946 bis 1952 an SPD-Fraktiounspresident am éischten Däitsche Bundestag vun 1949 bis 1952.

De Kurt Schumacher huet an der Zäit vun 1945 bis 1949 den Toun uginn wéi et dorëm gaangen ass d'SPD a Westdäitschland erëm opzebauen. An den éischte Jore vun der Bundesrepublik war de Schumacher de grousse politesche Géigespiller vum Konrad Adenauer. Och wann dem Schumacher seng politesch Virstellungen op laang Siicht zum gréissten Deel en Echec waren, gehéiert hien dach zu deene Leit, déi Gründerväter vun der Bundesrepublik Däitschland genannt ginn.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Promotioun stellt de Schumacher säi ganzt Liewen aktiv an den Déngscht vun der SPD. Virun 1933 ass hie fir d'éischt mol Redakter an enger Parteizeitung, duerno Deputéierten am Landtag a kuerz drop och am Reichstag. De gréissten Deel vun der Nationalsozialismuszäit muss hien am KZ verbréngen. No 1945 gëtt hien onëmstriddene Parteichef an ee vun de Protagoniste vun der fréier Bundesrepublik, där hie säi Stempel opdréckt.

Am Géigesaz zum Fuuss Adenauer beschreift säi Biograph Peter Merseburger hien andeems en um Machiavelli seng Terminologie vum Léiw zeréckgräift. Mat engem onheemlech staarke Wëllen, polemesch a wéi et schéngt och net vu senge Virstellungen ofzebréngen, gëtt hie fir d'Leit vun där Zäit e charismatescht Géigebild zum éischte Kanzler. De preisesche Sozialist Schumacher ass an den éischte Jore vun der Bundesrepublik an der ëffentlecher Meenung de kloer dominéierende Politiker an a vu Westdäitschland. Eréischt duerch d'Wale vun 1949 déi deenen de rhäinlännesche Katholik Adenauer Kanzler gëtt, an duerch den definitive kierperleche Verfall vum Schumacher, dee bal zur selwechter Zäit ufänkt ännert dat Bild.

Gedenkplack beim Kurt-Schmacher-Haus zu Berlin-Wedding

Seng Fuerderungen dréit de Schumacher mat leidenschaftlecher Radikalitéit vir. Een Aarm verléiert hien am Éischte Weltkrich, säi lénkst Bee muss 1948 amputéiert ginn; d'Zäit am Konzentratiounslager schuet senger Gesondheet vill. Entkräft a kierperlech staark geschiedegt, huet de Kettefëmmert awer wéi et schéngt e Wëllen dee bis zur Tocksegkeet geet a kënnt dowéinst de Leit vu senger Zäit a Gespréichspartner wéi e liewegt Symbol vu moralescher Korrektheet a vun engem onbeugsame Kampf fir e fräiheetleche Sozialismus vir.

Zäit bis 1945[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Schoulzäit[änneren | Quelltext änneren]

De Schumacher, gebuer den 13. Oktober 1895, ass dat véiert Kand den eenzege Jong vum evangeelesche Kommerzant Carl Schumacher a senger Fra Gertrud geb. Meseck.. Am Etat civil steet hien als Curt Ernst Carl Schumacher. Säi Papp Carl ass net nëmme geschäftlech erfollegräich, mä och politesch aktiv. Den Unhänger vum lénksliberale Fräisënn war jorelaang Culmer Stadtverordnetenvorsteher. Héchstwarscheinlech (genee Date sinn net bekannt) gëtt hien dobäi och vun de polneschen Deputéierten ënnerstëtzt. D'Famill Schumacher huet vill familiär Bezéiungen an der (politescher a wirtschaftlecher) Elite vun der Stad.

Zanter 1911 ass de Carl och Kreistagsdeputéierten, 1914 an 1917 vertrëtt hie Culm bei de Verhandlunge vum Reichsverband vun den däitsche Stied. Säi Jong Kurt liest an där Zäit d'Sozialistische Monatshefte – d'Zäitschrëft vum revisionistesche Flillek vun der SPD an de März, eng lénksliberal Zäitschreft, déi den Hermann Hesse a de Ludwig Thoma erausginn. De Jong aus guttbiergerlechem Haus gëllt an der Schoul als iwwerzeegte Sozialdemokrat, leit awer och ënner der perséinlecher Isolatioun, déi dat mat sech bréngt bannent der westpreußescher Gesellschaft.

1924 muss de Schumacher fir e potenziellen Doktoratspapp e Portrait vu sech selwer opsetzen, hie schreift do: "Mein Interesse für historische und politische sowie philosophische Dinge brachte mich sehr früh dem Sozialismus nahe. Die üble und ungünstige Umgebung, die eine ostmärkische Kleinstadt für solche Interessen nun einmal ist, hat mich notgedrungen sehr frühzeitig zu einer Schablonisierung meiner Ansichten gebracht – spätestens seit meinem 15. Jahre zählte ich mich innerlich zur Sozialdemokratischen Partei. Allerdings fehlte diesen "Schablonen" dadurch manches ihrer Gefährlichkeit, dass ich durch die Lektüre Bernsteins (was mir heute etwas sehr sonderbar vorkommt) Sozialdemokrat im Parteisinn geworden bin." Den Afloss vum Bernstein an deem seng Positionéierung géint den orthodoxe Marxismus begleet de Schumacher säi ganzt Liewen.

Culm läit nëmmen 30 Kilometer vun der Grenz vum (deemools) zaristesche Russland ewech. Seng Matschüler sinn zum gréissten Deel Polen, a senger Ofschlossklass sinn 8 Däitscher a 14 Polen. Am Gymnasium zu Culm war e puer Joer éier de Schumacher fir d'éischt an d'Schoul gaangen ass de Gebrauch vum Polnesche verbuede ginn; e Verbuet, deen all Joer rituell op enger grousser Versammlung widderholl gouf. Duerch säi Matschüler a Frënd Franz Raszeja gëtt de Schumacher Member an der traditiounsräicher mä verboudener Philomatevereenegung vun de Polen a léiert sou hir Astellungen, hir Kultur an hiert staarkt Nationalgefill kennen.

De Kurt Schumacher op der 2-DM-Mënz

Krichsfräiwëllegen[änneren | Quelltext änneren]

Bei der éischter méiglecher Geleeënheet mellt sech de Schumacher den 2. August 1914 – kuerz nom Ufank vum Éischte Weltkrich – als Krichsfräiwëllegen, ouni sech kënne virzestellen, wéi sech dat op seng Schoulcarrière auswierke géif. Ee vun de Grënn firwat hie Fräiwëllegen ass ass well Culm, als Stad op der Grenz, staark Gefor leeft, zur Frontstad an domat Affer vun enger Belagerung ze ginn. Hie geet nach eng Kéier kuerz op d'Schoul zeréck, fir en Notabitur ze maachen. Säin (net selwer gewielt) Aufsatzthema an deem Exame bezitt sech zäitgeméiss op e Schiller-Theema. Will, ruf' ich aus, das Schicksal mit uns enden, So stirbt sich's schön, die Waffe in den Händen. De Schumacher ass nach Joerzéngte méi spéit déif beandrockt dovun, datt sech an den Deeg duerno och de gréissten Deel vu senge polnesche Matschüler op déi däitsch Säit schloen a sech fräiwëlleg an d'Arméi mellen. Si si virun allem dovu motivéiert géint Russland kënnen an de Krich ze zéien.

Als Zaldot am Infanterie-Regiment Nr. 21 gëtt hie schonn den 2. Dezember 1914 zu Wloclawek bei Lódz (Polen) schwéier blesséiert. Getraff vun zwéi Querschléier duerch den Ueweraarm an zwéi Schëss duerch d'Hand, bleift hie 26 Stonnen um Feld leien; an dëser Zäit gëtt hie vu weidere Granatsplitteren um Been getraff, éier hien op engem Holzwon, an d'Feldlazarett (iwwer 50 km ewech) geschleeft gëtt. Do gëtt him de rietsen Aarm amputéiert. Dem 1,85 m grousse Schumacher säi Gewiicht fält an de Méint drop vun 72 op 43 kg. Zudeem gëtt en och nach vun der Ruhr net verschount. Den 10. Oktober 1915 gëtt hien offiziell aus der Arméi entlooss. Well e säi rietsen Aarm am Krich verluer huet, kritt hien all Mount eng Rent vun 33,75 Mark dozou eng Krichszoulag vu 15 Mark an d'einfach Verstümmelungszoulag vu 27 Mark souwéi d'Eisent Kräiz 2. Klass.

Culm fält nom éischte Weltkrich u Polen. D'Decisioun zitt hefteg Diskussiounen an der Stad mat sech. Deeler vum Schumacher senger Famill plënneren an de Rescht vum Däitsche Räich, déi aner bleiwen a Polen. Hien erlieft dat zum gréissten Deel op der Plaz, well hien zu där Zäit säi Referendariat um Amtsgeriicht vu Culm mécht.

Studium a Promotioun[änneren | Quelltext änneren]

Halle, Leipzig, Berlin[änneren | Quelltext änneren]

Kurt-Schumacher-Platz zu Berlin-Reinickendorf

1915 fänkt hien un Droit an Nationalekonomie op den Universitéiten zu Halle, Leipzig, a vun 1917 un zu Berlin, ze studéieren. Iwwer seng Zäit zu Halle an zu Leipzig ugeschwat schwätzt hien, wann et senger Mataarbechterin an enker Bekannter Annemarie Renger nogeet, souwuel a politescher wéi och a perséinlecher Hisiicht nëmme virsichteg. Zu Leipzig léiert hie seng Kusin Dora kennen, mat där hien – vun der Zäit am KZ ofgesinn – eng liewenslaang Libesbezéiung ënnerhält. Hien ass awer géint e Bestietnes mat hir; spéider seet hien dozou: Ich habe mich nie an Menschen geklammert – allerdéngs gehéiert och zu där Opfaassung, datt déi aner Mënschen dowéinst keng Uspréch un hie selwer stellen däerften.

1919 ass säi Studium mat dem juristesche Staatsexamen fäerdeg. Hie gëtt Mataarbechter am Reichsarbeitsministerium. Well hien zu Berlin keen Tuteur fir säin Doktertitel fënnt, promovéiert en 1926 op der Westfälescher Wilhelms-Universitéit zu Münster a gëtt Dr. jur.. De Sujet vu senger Dissertatioun fir déi hien e magna cum laude kritt, ass: Der Kampf um den Staatsgedanken in der deutschen Sozialdemokratie.

Déi Dissertatioun ass vu Villen als Bekenntnesschreiwes vum Schumacher ugesi ginn. No der Novemberrevolutioun war d'SPD eng vun den Haaptparteien am Staat ginn. Bis 1918 gouf si nach mat alle Mëttele vum Staat bekricht, zanter der Revolutioun muss si awer fir de Staatsapparat schaffen. De Schumacher probéiert a senger Dissertatioun un dee Problem erunzegoen. Dobäi stellt hien déi zwéi wichteg Theoreetiker vun der Sozialdemokratie, de Ferdinand Lassalle an de Karl Marx, nieftenaner. Si stelle fir de Schumacher d'Haupttypen aller sozialistischen Politiker duer: de Marx, deen nom Schumacher den Staat aus dem Endziel hinwegphilosophiert soll hunn, fir de Mythos des emanzipierten Individuums ze kreéieren, wärend de Lassalle den Aarbechterstaat fir d'höchste Menschheitsideal gesäit. De Schumacher entscheet sech an där Situatioun eendeiteg fir d'Sozialdemokratie als Staatspartei – hie beschreift déi senger Meenung no existéierend Noutwennegkeet vun der Inkorporatioun vun den Aarbechter in das Staatsganze, e fuerdert, datt et zu der Festigung der Staatsgesinnung an der Stärkung des Abwehrwillens, vor allem gegen Russland kënnt.

An der SPD[änneren | Quelltext änneren]

A senger Zäit zu Leipzig an zu Halle bleift de Schumacher op Distanz zur Partei. D'Stied sinn Héichbuerge vun der USPD. Den deemolegen ausserparlamentareschen an op de politesche Streik ausgeriichte Politikstil stéisst hien zeréck.

1917 gëtt hie Member am Bund der Kriegsteilnehmer und Kriegsbeschädigten deen der SPD nosteet. Op senger Memberskaart steet d'Nummer 116, dat an enger Organisatioun, déi schonn 1920 iwwer 650.000 Memberen huet.

Nodeem hien e puer Joer gezéckt huet, fir seng Verhältnesser zimmlech ongewéinlech, gëtt hien den 8. Januar 1918, also wéi et d'Keeserräich nach ginn ass an e puer Méint virun der Novemberrevolutioun, Member vun der SPD. Als Akadeemiker an der SPD gehéiert hie souwuel bei de Sozialdemokrate wéi och an den akadeemesche Kreesser enger däitlecher, an op béide Säiten zu enger net grad beléifter, Minoritéit. Wärend der Revolutioun ass hien, ënner anerem mat dem Otto Braun, Member vum Berliner "Arbeiter- und Soldatenrat". 1920 gëtt d'SPD och säi Patron: hie gëtt politesche Redakter vun der sozialdemokratescher Stuttgarter Zeitung Schwäbische Tagwacht. Zu Stuttgart fält de Schumacher als leidenschaftlechen Orateur an zimmlech fréi och als Géigner vun den Nationalsozialisten op. 1924 gëtt hien de President vum Stuttgarter Reichsbanners Schwarz-Rot-Gold. 1930 gëtt e President vun der Stuttgart-SPD, dem Kreesverband mat de meeschte Membere vun der Württemberger SPD.

Kommunisten an Nationalsozialisten[änneren | Quelltext änneren]

Scho fréi fänkt de Schumacher u sech souwuel mat de Kommuniste wéi och mat den Nationalsozialisten – deenen hie sech allenzwee a gläichem Mooss refuséiert – ausenanerzesetzen. Dem Schumacher senger Meenung no hunn d'Aktioune vun der spéiderer KPD – an déi doduerch verursaachte Reaktioune vun de politesche Rietsen – vill derzou bäigedroen, de Spillraum fir eng wierklech demokratesch Revolutioun dramatesch a fatal ze reduzéieren. Hien hält déi a sengem Stuttgarter Walkrees relativ staark KPD fir eng komplett vu Moskau gesteiert Partei, an der KPD géif et keng Demokratie bannent der Partei ginn, hiert Verhältnes zur Demokratie an zur Gewalt wier déi selwecht wéi déi vun der NSDAP. Eng Zesummenaarbecht mat der KPD ass fir de Schumacher zu kengem Moment och nëmmen eng theoreetesch Méiglechkeet.

Mat der NSDAP setzt sech de Schumacher fir d'éischt 1923 méi intensiv ausenaner. Senger Meenung no ass den Antisemitismus den eenzege Lien, deen d'Beweegung beienee géif halen, den Nationalsozialismus géif just un d'Gewalt gleewen, an d'Selbstbestëmmungsrecht, dat si fir d'Vollék verlaangt, géif doduerch zu enger Farce ginn.

Deputéierten am Land- an am Reichstag[änneren | Quelltext änneren]

1924 gëtt hie Member vum Landtag vu Württemberg. Hien ass vun 1928 u Member am Presidium vun der SPD-Fraktioun. 1931 gëtt hien aus dem Landtag erausgewielt. De Schumacher gehéiert domat zu de wéinege Spëtzepolitiker an der SPD, deenen hir sozialdemokratesch Sozialisatioun primär an der Weimarer Republik iwwer d'Bün geet; hien zitt an der politescher Évaluatioun vun der Situatioun manner Parallelen zum Keeserräich wéi déi meescht vu senge Kolleegen an huet doduerch en oppent A fir déi nei Entwécklungen an der Weimarer Zäit.

Berlin-Reinickendorf

Nodeem hie bei der Wal 1928 nëmmen ëm e puer Stëmmen net eragewielt gouf, gëtt de Schumacher 1930 fir d'éischt Kéier an de Reichstag gewielt. Hien ass en decidéierte Géigner vun der Toleréierungspolitik vis-à-vis vum Heinrich Brüning senger Regierung. Zanter 1932 ass hie Member vum Presidium vun der SPD-Fraktioun. Well de Reichstag no 1930 bal net méi schaffe kann, hält de Schumacher do och nëmmen eng eenzeg Ried. Am Februar 1932 attackéiert hie virun allem d'NSDAP. Den Nationalsozialismus wier: "der dauernde Appell an den inneren Schweinehund im Menschen", fir d'éischt Kéier wier dem Nationalsozialismus "in der deutschen Politik die restlose Mobilisierung der menschlichen Dummheit gelungen." Spéitstens vum 20. Juli 1932 un, dem Datum vum Preußenschlag, gesäit sech de Schumacher an onbedéngter Oppositioun zur politescher Entwécklung déi ëmmer méi séier op de fatale Punkt zousteiert.

Hien ass och am Reichstag, deen nodeem den Hitler un der Muecht war, ënner schwierege Konditioune gewielt gëtt. Hie gehéiert zu deene wéinege Parlamentsmemberen, déi mat un der Ried vum Otto Wels schaffen, mat där deen den Neen vun der SPD zum Ermächtigungsgesetz formuléiert. Déi Zentral Botschaft (Freiheit und Leben könne man den Sozialdemokraten nehmen, nicht aber ihre Ehre) an där Ried bestëmmt dem Schumacher säi ganzt Behuelen an der Zäit vum Nationalsozialimus. Den 10. Juni plädéiert hien op enger Sëtzung vun der SPD-Reichstagsfraktioun fir d'illegal Aarbecht vun der Partei an nach eng Kéier den 19. Juni op enger SPD-Reichskonferenz. Hien ass, net sou wéi d'Parteispëtzt, déi mengt, et kéint net méi schlëmm wéi zu Zäite vum Bismarck senge Sozialistegesetzer ginn, Vertrieder vun enger Haltung vis-à-vis vun den Nationalsozialisten déi keng Kompromesser erlaabt. Vum 13. Juni 1933 u gëtt de Schumacher mat steckbréiflech gesicht.

Am Konzentratiounslager[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Juli 1933, gudder zwou Wochen no dem Verbuet vun der SPD, gëtt de Schumacher zu Berlin festgeholl, nodeem hie bei engem geheime sozialdemokrateschen Treffen am Schwarzwald matgemaach hat. De Schumacher kritt d'Chance, eng Verzichtserkläerung op politesch Aktivitéit z'ënnerschreiwen a sech domat seng Fräiheet zeréckzekafen. Hie refuséiert. Doropshi gëtt hie fir néng Joer, néng Méint an néng Deeg a verschidde Konzentratiounslagere gespart, ufanks, vum Dezember 1933 un, am KZ Heuberg, duerno, bis Juli 1935, am KZ Oberer Kuhberg zu Ulm, um Enn am KZ Dachau an eng Zäitchen och am KZ Flossenbürg.

De Schumacher kann zwar als Weltkrichsveteran op e bësse Rücksicht hoffen, mä riskéiert, well hien ëfters widdersprécht a souguer en Hongerstreik ufänkt, e puermol säi Liewen. Am Konzentratiounslager refuséiert hien all Zort vu Kontakt mat kommunistesche Prisonéier, well hien hinnen eng Matschold gëtt un den Nazien hirer Muechtergräifung.

De 16. Mäerz 1943 gëtt hien als schwéierkranke Mann op Hannover entlooss, wou hie gezwonge gëtt bis zur Liberatioun, den 10. Abrëll 1945 ze bleiwen. No dem Attentat vum 20. Juli 1944 gëtt hie vum 24. August bis den 20. September 1944 op en Neits inhaftéiert, déi Kéier am KZ Neuengamme.

Rekonstruktioun vun der SPD[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz nom Krich an der Befreiung vun Däitschland vum Nationalsozialismus fänkt de Schumacher un d'SPD nees opzebauen. Genee wéi den August Bebel, gëtt de Schumacher als wahrer Volkstribun, mitreißender Redner, Führer, an den glaubte, wer zur SPD gehörte (Peter Lösche) beschriwwen.

Kurt-Schmacher-Haus, Berlin-Wedding

Schonn de 6. Mee 1945, zu engem Moment wou d'brittesch Besatzungsmuecht et nach net erlaabt huet Parteien ze grënnen, gëtt de Schumacher vun ongeféier 130 sozialdemokratesche Fonctionnairen zu Hannover an d'Funktioun vum lokale President gewielt.

De Schumacher beweist am Duerchernee vun der Nokrichszäit grousst organisatorescht Geschéck a gëtt sou a kuerzer Zäit zu enger net kontestéierter Féierungsfigur vun der Sozialdemokratie an de westleche Länner. Am Juli 1945 ginn him 11 westdäitsch Parteibezierker eng Vollmuecht: Si chargéieren den früheren Reichtagsabgeordneten Dr. Kurt Schumacher mit der organisatorischen und politischen Führung der Partei im gesamten Reich. Den 10. Mee 1946, véier Wochen nodeem an der Sowjetescher Besatzungszon d'Zwangsvereenegung, géint déi de Schumacher sech agesat hat, vu KPD an SPD zur SED agefouert gouf, gëtt de Schumacher schliisslech mat 244 vun 245 Stëmmen zum Parteipresident vun der SPD an den dräi westleche Besatzungszone gewielt. De Büro Dr. Schumacher zu Hannover entwéckelt sech zur faktescher Parteizentral, seng Mataarbechter, wéi den Erich Ollenhauer, d'Annemarie Renger, den Egon Franke, den Alfred Nau, den Herbert Kriedemann an d'Herta Gotthelf ginn d'organisatoresch Basis vun der SPD.

De Schumacher wëll d'Feeler vun der Weimarer Republik emgoen a gräift a sengen inhaltleche Konzepter op Iwwerleeungen aus der Weimarer Zäit an op déi vun de Sozialdemokraten am Exil zeréck. Säin Afloss op d'Entwécklung vun der SPD ewech vun der Klassepartei, mat marxistesch inspiréiertem Programm, hin zu enger pluralistescher lénkser Vollekspartei ass widderspréchlech. Zum engen entstammt hie kengem typeschen SPD-Hannergrond, wat seng Famill a säi soziaalt Ëmfeld betrëfft, gehéiert, par Rapport zu de Cheffe vun der Weimarer Republik, zu enger neier Generatioun an huet, theoreetesch fundéiert, all, vum Marxismus inspiréiert, Revolutiounsperspektive fale geloss. Fir hien ass d'Partei net an éischter Linn eng Aarbechterpartei, mä eng Partei vu Fräiheet a Gerechtegkeet, d'Aarbechter sollen zwar eng gläichberechtegt Roll am Staat anhuelen, mä dem Schumacher säin Zil ass net méi dat vun engem Arbeiterstaat. Seng Positiounen, besonnesch säi Patriotismus maachen d'SPD fir nei Wieler- a Membersmilieuen op, déi hir virdrun entgaange sinn. Anerersäits erstéckt hien och Diskussioune bannent der Partei, wéi zum Beispill déi vum Carlo Schmid. D'Iddien, déi sou, besonnesch duerch den Openthalt vu ville Sozialdemokraten am Exil entstane sinn, brauche sou Jore méi laang, fir an der Partei duerchzekommen.

Autoritäre Féierungsstil[änneren | Quelltext änneren]

De Schumacher gesäit d'Partei als déi wichtegst Stäip vum politische System. Am Chaos vun der Nokrichszäit, a mat dem Hannergrond vun de groussen Aufgaben, deene sech déi fréi bundesdäitsch Politik stelle muss, sécher awer och perséinlechkeetsbedéngt, ass fir hien d'Eenheet vun der Partei eent vun de wichtegsten Ziler.

Zu den Eegenschafte vum Kurt Schumacher, déi dacks kritiséiert goufen, gehéiert säin autoritäre Féierungsstil. De Willy Brandt, deem säi Féierungsstil genee de Kontraire ass, charakteriséiert de Schumacher a sengem Buch Links und frei: "Ich begriff – etwas widerstrebend – die magnetische Wirkung, die er auf viele ausübte. Er bat nicht, er forderte. Er wog nicht Argumente gegeneinander ab, sondern schleuderte das Ergebnis seines Nachdenkens in den Zuhörerkreis – und dies mit erheblichem Stimmaufwand."

Müllerstraße 163

De Schumacher verlaangt vun de Membere vun der SPD eng stolhaart Parteidisziplin an ass Verdeedeger vum Fraktiounszwang. SPD-Politiker, déi ëffentlech eng aner Meenung vertrieden, gi vun him schaarf ugegraff (z. B. de Wilhelm Hoegner an de Wilhelm Kaisen). Am Fall Hoegner geréit dee bal scho militanten Zentralist mat dem geneesou vehemente bayeresche Federalist unenaner. Wärend den Hoegner dem Schumacher seng "Diktator-Allüren" kritiséiert, gesäit de Schumacher am Hoegner net ganz zu Onrecht e Separatist, dee mat der Bayernpartei an engem Concours läit, fir erauszefanne wien de beschte Bayer wier. Mat Hëllef vu sengem Büro, der bayerescher SPD, déi dem Hoegner seng Positiounen och wäit iwwerdriwwe fënnt, an dem fréiere Londoner Emigrant Waldemar von Knoeringen bréngt de Schumacher et um Enn fäerdeg, den Hoegner an der SPD z'isoléieren.

Am Fall Paul Löbe ass dem Schumacher seng Begrënnung: "Die individuelle Meinungsfreiheit ist auch in der Öffentlichkeit gesichert. Wenn aber einmal Entschlüsse vorliegen, dann müssen sie auch respektiert werden. Es kann auch nicht nach Beschlussfassung die Diskussion in jedem Moment von neuem beginnen." D'"demokratische Freiheit" läit fir de Schumacher "in der Einordnung in die große Idee, deren praktische Gestaltung demokratisch fixiert ist."

An der SPD gëtt et der nëmmen e puer, déi him widderspriechen, oder souguer säi Féierungsusproch a Fro stellen. De Fraktionsmember Heinrich Ritzel erkläert déi Tatsaach, datt de Schumacher och a parteiinternen Diskussioune kaum Widdersproch kritt, mat der schaarfer Aart vu senger Argumentatioun, déi vill Leit scho "frühzeitig verstummen ließ"; anerer "schwiegen gegenüber dem Mann, der durch seine physischen Leiden so etwas wie Unantastbarkeit ausstrahlte." E vun deene wéinegen, déi dem Schumacher säi Stil oppe kritiséieren, ass eeben de Paul Löbe. An engem Bréif un de Schumacher schreift hien: "... Du weißt wie sehr wir Dich alle schätzen... daß aber nun überhaupt keine andere Meinung in der Partei laut werden soll als die Deine, scheint mir etwas zu viel verlangt... wohl zehnmal haben Genossen mich schon gefragt, ist denn niemand da, der Kurt das einmal offen sagt. Ja, ja, es gibt Leute, die sich davor zu fürchten scheinen. Schließlich aber kann eine gesunde Politik nicht nur dadurch betrieben werden, daß man die anderen rechts und links dreimal täglich vor den Kopf stößt."

Am Géigesaz zu de méigleche Géigner huet de Schumacher d'Virdeeler kloer op senger Säit. Hien huet e koherent politescht Konzept fir d'Nokrichszäit, huet de Respekt vun de Parteimemberen, de politeschen Duerchsetzungswëllen an eng Organisatioun, fir dëse Wëllen och duerchsetzen ze kënnen – alles Fakteuren, déi deenen Anere feelen.

Éischten Oppositionsféierer vun der Bundesrepublik[änneren | Quelltext änneren]

De Schumacher refuséiert 1946 d'Offer vun den Alliiéierten, Ministerpresident vu Baden-Württemberg ze ginn, well hie sech net regional a sengen Aktioune wëllt beschränken. Hie gëtt allerdéngs dat Joer zum President vum Zonenbeirat an der brittescher Besatzungszon gewielt.

Bei der Bundestagswal vun 1949 gëtt de Kurt Schumacher an den éischte Bundestag gewielt. D'SPD verléiert no ufanks widderspréchleche Pronostike mat 29,2 % vun de Stëmme géint CDU/CSU, déi 31,0 % vun de Stëmme kréien.

Am Géigesaz zu villen aneren an der SPD, fir se mam Numm ze nennen: d'Landespolitiker Wilhelm Kaisen (Bremen), Max Brauer (Hamburg) an Hermann Lüdemann (Schleswig-Holstein), ass hie ganz decidéiert géint eng Grouss Koalitioun an domat och fir eng Oppositiounsroll vun der SPD. Déi zwéin onëmstridde Parteicheffe vun de grousse Parteie si géint eng staark Oppositioun an hire Parteie fir eng kloer Richtungsentscheedung duerch d'Walen. Och perséinlech wier souwuel e Minister Schumacher an engem Ministesch-Kabinett Adenauer wéi och déi ëmgedréinte Konstellatioun nëmme schwéier méiglech gewiescht. Schonn op enger Walversammlung am Oktober 1946 gesäit de Schumacher d'Oppositiounsroll als eng Méiglechkeet fir d'SPD. D'Sozialdemokrate fäerten "auch nicht vor einem gefährlichen Leben in der Opposition, denn wir Sozialdemokraten sagen uns, es ist besser für uns und die Welt, wenn die Opposition einmal von einer internationalistischen demokratischen Partei als von Chauvinisten und Nationalisten und allen Reaktionären, die ja augenblicklich bei der CDU untergekrochen sind, soweit sie nicht im Osten des Reiches bei der SED sind."

Stëmmeverdeelung vun der Bundestagswal 1949

De Konrad Adenauer gëtt éischte Bundeskanzler, de Kurt Schumacher gëtt als éischten Oppositiounschef säi Géigespiller am Bundestag. Am Géigendeel zur Praxis an der Weimarer Republik begräift hien d'Oppositionsroll ëmmer als konstruktiv. D'Oppositioun soll nom Schumacher senger Meenung net un éischter Plaz d'Régierung kritiséieren, mä si soll selwer kapabel sinn, besser oder zumindest geneesou gutt Virschléi ze maachen. Mat där parlamentarescher Stilännerung hannerléisst hie säi vläicht wichtegst Ierwe fir de Politesche System vun der Bundesrepublik.

De Schumacher ass den onëmstriddene Chef vun der SPD-Fraktioun, an obwuel säi Plang, de Fraktiounszwang an d'Geschäftsuerdnung schreiwen ze loossen, net opgeet, praktizéiert hien e konsequent. Hien ass, och wéinst der Weimarer Erfarung, der Meenung, datt d'Parlament geneesou wéi eng handlungsfäeg Regierung eng eeneg Oppositioun brauch, déi och kapabel ass, am Noutfall d'Regierungsfunktiounen z'iwwerhuelen. An der däitscher Traditioun ass hie sou de Grënner vun der Funktioun vum Oppositiounschef.

1949 kandidéiert de Schumacher bei de Wale fir d'Funktioun vum Bundespresident, hie verléiert awer géint den FDP-Kandidat Theodor Heuss, deen och vun den Uniounsparteien ënnerstëtzt gëtt. Doduerch datt hie fir dee Poste kandidéiert wëllt de Schumacher awer net signaléieren, datt hie sech aus der aktiver Politik wéilt zeréckzéie fir méi representativ Aufgaben z'iwwerhuelen. Datt hie sech där Wal stellt, ass d'Resultat vun den ëmmer méi haarde Fuerderungen aus Koalitiounskreesser, déi wëllen, datt en SPD-Politiker un d'Spëtzt vum Staat gewielt gëtt.

Den 20. August 1952 stierft de schwéierkranke Schumacher, un de Spéitfollge vun der laanger KZ-Haft, zu Bonn.

Hie gëtt zu Hannover gegruewen. An de Stroossen tëscht Bonn an Hannover stinn Honnertdausende vu Leit an erweisen him déi lescht Éier. D'Süddeutsche Zeitung schreift an hirem Noruff: "Wir brauchen Dich, obwohl Du unser Gegner bist, und wir wissen es.... Und das weitere Tröstliche ist darin enthalten, daß es hier keiner mittelmäßigen und mittellauwarmen Persönlichkeit entgegenwallte, keinem 'Wirte wundermild', sondern einem Strengen, Abweisenden, Unerbittlichen."

Politesch Virstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Schumacher senge politesche Virstellungen huet de Begrëff Volkes eng zentral Plaz an dat a sengen zwéi Bedeitungsniveauen, souwuel als Begrëff fir den drëtte Stand vun der franséischer Revolutioun, d'ausgebeidelt an d'ënnerdréckte Massen, wéi och am Sënn vun engem Staatsvollek. De Kurt Schumacher wëll en demokratescht a sozialistescht ongedeeltent Däitschland, méiglechst an de Grenze vun 1937; Däitschland soll méiglechst séier seng Souveränitéit erëmkréien a seng Plaz ënner de fräie Vëlker vun Europa erëm anhuelen. Hie steet an der Traditioun vun der Revolution vun 1848 an där vun 1918, hie kämpft fir en unitaresche Verfassungsstaat, fräi Walen, Parteiendemokratie, Parlamentarismus, d'Iwwerwanne vum Obrigkeetsstatus an der kapitalistescher Klassegesellschaft. Fir hien ass d'SPD déi eenzeg Partei, déi weeder duerch den Nationalsozialismus nach duerch de Stalinismus belaascht ass; d'Sozialdemokrate wieren dofir als eenzeg kapabel, e fräit Däitschland an e fräit Europa z'integréieren a sou zum Spannungsofbau tëscht de Groussmuechte bäizedroen.

Dem Schumacher seng politesch Konzepter hunn de Vir- an den Nodeel, ni administrativ Muecht besiess ze hunn. E Virdeel, well hie seng Virstellunge sou ni un der Realitéit moosse muss, onduerchféierbar Pläng komme sou net zum Virschäin a Widderspréch an deenen Theorië sinn net sou gutt ze gesinn; en Nodeel, well hie sou kaum ënner dem Drock steet fir eppes bäizeléieren. Hie ka seng Positioune bäibehalen an dat och an enger weltgeschichtlecher Situatioun, déi sech rapid ännert. Sou féiert hien d'SPD an eng programmatesch Isolatioun, aus där si laang Zäit, bis an d'60er Joren eran, net erauszekënnt.

Plack um Kurt-Schumacher-Denkmal zu Berlin

Sozialismus[änneren | Quelltext änneren]

De Schumacher ass vun der programmatescher Ierfschaft vun der Bebelscher SPD markéiert: Fir hien ass d'Iwwerwanne vum Klassekampf ee vun den zentrale Bute vun der Politik. Senger Meenung no kann dat nëmmen duerch d'Verstaatlechung vun de Schlësselindustrië passéieren. Geneesou déif ass hie vum Echec vun der Weimarer Republik beaflosst a mengt, eng vun den Ursaachen dofir an der schlechter Demokratiséierung vun der Ekonomie ze gesinn. Besonnesch am Duerchernee vun der Nokrichszäit plädéiert, ze vergläiche mat dem Labour-Party a Groussbritannien, mä och groussen Deeler vun der CDU, fir eng geplangt Ekonomie, fir de Ravitaillement vun der Bevëlkerung mat dem Noutwennegste sécherzestellen.

Demokratie[änneren | Quelltext änneren]

D'Demokratie an d'Participatioun vum Vollek un der Muecht léisst sech fir de Schumacher am beschten duerch fräi an allgemeng Walen duerchsetzen. Duerch déi zueleméisseg Iwwerleenheet vum Vollek géinteniwwer den traditionelle Funktiounseliten, si Walen de sécherste Wee, fir deenen Eliten hir Privileegien ofzehuelen. Konzeptioune wéi déi vun de Bolschewiken, déi d'Volleksherrschaft eréischt no enger Zäit vun der Diktatur vum Proletariat uviséieren, refuséiert hien. Fir hie féieren nëmmen demokratesch Methoden zu enger Vollksherrschaft.

Antikommunismus[änneren | Quelltext änneren]

De Schumacher reprochéiert der KPD "Klassenverrat", well si d'Weimarer Republik net nëmmen net verdeedegt, mä aktiv zu hirem Ënnergang, an domat der Entwécklung vum Nationalsozialismus bäigedroe soll hunn. Fir hien ass d'KPD en Organismus deen de Wëlle vun der sowjetescher Aussepolitik vollstrecke soll; an hiren Aussoe vun der Demokratie an der Däitscher Eenheet ass si fir hie verlugen. Mat enger neo-nationalistescher Sprooch, "gleich der des alten Nazismus", géif sech d'KPD a spéider d'SED fir eng "nationalrussische Politik mit nationaldeutschen Phrasen" asetzen. Op eng Verhandlungsoffer vun der Volkskammer reagéiert hien den 30. Januar 1951 am Bundestag mat senger gewinnter ätzender Schärft: "Die deutschen Demokraten können nur mit Deutschen über Deutschland verhandeln, aber nicht mit Gesinnungsrussen, deren Deutschtum eine bloße Äußerlichkeit ist."

Schonn am Summer 1945 féiert hien eng Trennung vun der Ost-SPD ënner dem Otto Grotewohl duerch; hie stellt sech an dësem Moment kloer géint den Zäitgeescht: a beede Parteien ass d'Bestriewen no enger Einheit der Arbeiterklasse staark, an anere Länner wéi Italien oder Frankräich gëtt et eng gemeinsam Antifaschistische Front vu Kommunisten a Sozialdemokraten; 1945 setze souguer nach d'Westmuechten op eng Zesummenaarbecht mat der UdSSR. Hie geet och gär an dës Richtung, obwuel hien och weess, wéi vill dat de Walresultate vun der SPD géif schueden. D'Héichbuerge vun der Aarbechterbeweegung leie virun allem an de Landesdeeler am Osten, wärend déi biergerlech Parteien am kathoulesche Westen a Süde vun der neier Bundesrepublik méi staark sinn. Déi vum Schumacher durchgesaten Ofgrenzung vun der SPD zum Kommunismus bestëmmt d'Partei bis an d'1970er Joren eran; éreischt dës Ofgrenzung huet den organiséierte Kommunismus vu senge wichtegste Gespréichspartner (SPD an déi vun hir dominéierte Gewerkschaften) isoléiert a verhënnert soudatt d'Kommunisten Afloss op d'gesellschaftlech Mëtt kréien.

Patriotismus[änneren | Quelltext änneren]

De Politolog Hans-Peter Schwarz beschreift de Schumacher als "mit Getöse national." An engem Appell aus dem Joer 1945 schreibt Schumacher: "Mag das Verbrechen des deutschen Nazismus an der Welt noch so schwer sein, das deutsche Volk kann und darf nicht darauf verzichten, sein Reich... als nationales und staatliches Ganzes zu behaupten. Für die arbeitenden Massen sind Idee und Tatsache des Deutschen Reiches nicht nur nationalpolitisch, sondern auch klassenpolitisch eine Notwendigkeit. Ihr politischer und wirtschaftlicher Befreiungskampf ist ohne diese Grundlage zur Erfolglosigkeit verurteilt."

De gebiertege Preis ass fest dovun iwwerzeegt, datt et e vun de schwéierste Feeler vun der Weimarer Lénkser gewiescht wier, d'"nationale Idee" de Konservativen an den Nationalsozialisten z'iwwerlossen. Nie méi soll d'SPD als national illoyal diskreditéiert gi kënnen. Mat Leidenschaft allerdéngs gräift hie Kräften un, déi senger Iwwerzeegung no mat dem Nationalsozialismus paktéiert haten. Fir hie läit de Contraire net tëscht "national" an "international", mä tëscht national an nationalistisch. Nationalismus war 1947 fir hien "die heutige Form des Nihilismus in der Welt" an domat bis an de Fong ze refuséieren. 1950, an de Verhandlunge fir den Europarot, definéiert hien d'Roll vun der SPD: "durch Wahrung der nationalen Rechte den Nationalismus unmöglich zu machen und ihn unter Zustimmung des ganzes Volkes zerschlagen zu können."

Seng Manéier, säi Patriotismus auszédrécken, mécht et allerdéngs senge Géigner liicht, fir hien aussepolitesch als lénksen Nationalist z'isoléieren. Besonnesch well hien als aktive Resistenzler schonn am KZ sëtzt, wärend vill westlech Staatsleit dem Adolf Hitler nach den Haff maachen, mengt de Schumacher et sech leeschten ze kënnen, op Aanhéicht, wann net souguer wéinst engem Gefill vu moralescher Iwwerleeënheet, bei de Gewënner vum Krich opzetrieden. Datt déi an him e Mënsch gesinn deen als Eenzelpersoun Widderstand geleescht huet, domat awer op kee Fall en typeschen Däitschen ass, kann oder wëllt en net gesinn. Och nom Krich schaffen déi westlech Staate mat de Représentante vun deener Klassen a Schichten zesummen, déi fir de Schumacher d'Republik net genuch verdeedegt hunn. Hie kënnt an d'Situatioun, am Ausland de schlechte Ruff vum däitschen Nationalist ze kréien, wärend déi déi et dem Nationalsozialismus, senger Meenung no, méiglech gemaach sou wäit ze kommen, schonn nees erëm hoféiert ginn.

Kurt-Schumacher-Platz zu Berlin-Reinickendorf

Aus den Erfarunge mat dem Traité vu Versailles an der däitscher "Erfüllungspolitik" mengt de Schumacher, datt just Häert néideg wier, fir datt Däitschland erëm eng national Gläichberechtegung op internationalem Terrain kéint duerchzesetzen. Dem Schumacher seng Positioun zur Europäescher Eenegung an zur "Westbindung" vun der Bundesrepublik bleift inkoherent. Engersäits leet hie säi leidenschaftleche Refus vun der Sowjetunioun an dem do praktizéierte Realsozialismus an der Situatioun vun engem Kale Krich dee grad ufänkt, faktesch op eng "Westbindung" fest. Anerersäits widdersetzt hie sech de Schrëtt, déi dëst Festlee praktesch ënnerstetzen: Europarot, Montanunioun an EVG. Dëst erschwéiert seng Opfassung vun der däitscher "Wiedervereinigung" dauerhaft oder mécht se ganz onméiglech. Kritesch géinteniwwer vu Frankräich, Groussbritannien a virun allem zu, de vun him als kapitalistesch Virmuecht ugesinnen, USA refuséiert hie sech déi Schrëtt, déi eng "Westbindung" kéinte konkrétiséieren. Am Verglach zu de Wäerter vun der Opklärung an engem fräiheetleche Sozialismus empfënnt hien déi faktesch Situatioun an dëse Länner als zudéifst onzefridde maachend a ka sech zu kenger echter Zesummenaarbecht mat hinnen zesummeräissen.

De Schumacher profiléiert sech am Bundestag als scharfe Géigner vun der "Westeinbindung" duerch de Konrad Adenauer. Hie gesäit doran eng Gefor fir eng eventuell zäitlech no Wiedervereinigung. An der Suite vum Sträit ëm d'Petersberger Okommen bezeechent hien den Adenauer an der Nuecht vum 24. November op de 25. November 1949 als "Bundeskanzler der Alliierten" a gëtt doropshin e puer Deeg vun de Sessioune vum Bundestag suspendéiert. Spéider revidéiert hien dat Zitat. Hien ass den Ursprong "Magnet-Theorie" déi den Adenauer iwwerholl huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Albrecht, Willy (Éd.): Kurt Schumacher: Reden - Schriften - Korrespondenzen 1945-1952, Berlin, Bonn/Bad Godesberg 1985, Quellenéditioun, ISBN 3-8012-1107-X
  • Dowe, Dieter (Éd.): Kurt Schumacher und der "Neubau" der deutschen Sozialdemokratie nach 1945, Bonn/Bad Godesberg 1996, Recueil vun de Konferenzen, ISBN 3-86077-461-1
  • Haus der Geschichte der Bundesrepublik Deutschland (Éd.): Kurt Schumacher und seine Politik. Berlin, Argon Verlag 1996, Wëssenschaftleche Symposium vum 30. Oktober 1995, ISBN 3-87024-793-2 (Tagungsband, starker Schwerpunkt auf seinen politischen Konzeptionen ab 1945.)
  • Koeppen, Wolfgang: Das Treibhaus, 1953, ISBN 3-937793-25-9 (Roman, d'Persoun vum Knurrewahn ass e liicht verfriemte Portrait vum Kurt Schumacher)
  • Merseburger, Peter: Der schwierige Deutsche Kurt Schumacher. Eine Biographie. Stuttgart 1995, ISBN 3-421-05021-X (Erhieft kee wëssenschaftlechen Usproch, ass awer eng liesenswert Synthees vum allgemenge Kenntnesstand)
  • Schober, Volker: Der junge Kurt Schumacher 1895-1933. Série Politik- und Gesellschaftsgeschichten vum Historisches Forschungsseminar vun der Friedrich-Ebert-Stiftung Bd. 53; Bonn 2000, J. H. W. Dietz a Successeurs, ISBN 3-8012-4110-6 (Wëssenschaftlech Biographie iwwer déi fréi Joren; leit e bëssen un der Aarmut un Dokumenter aus där Zäit).
  • Wesemann, Fred: Kurt Schumacher. Ein Leben für Deutschland. Frankfurt a. M. 1952. (Biographesch Faiten an Zitater goufen nach deelweis vum Schumacher selwer gelies an eventuell verbessert a besetzt sou deelweis Quellecharakter. D'Buch selwer ass am Kader vun enger Campagne vun der Bundesregierung fir d'Établéierung vun der Demokratie éditéiert ginn an typiséiert dowéinst staark dem Schumacher säi Charakter)

Dem Schumacher seng perséinlech Saache sinn eis net hannerloss ginn. Den allergréissten Deel vu senge méi alen Ënnerlagen a perséinlechen Dokumenter goufe vun den Nationalsozialisten zerstéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
SPD Presidente vun der SPD-Bundestagsfraktioun

Kurt Schumacher - Erich Ollenhauer - Fritz Erler - Helmut Schmidt - Herbert Wehner - Hans-Jochen Vogel - Hans-Ulrich Klose - Rudolf Scharping - Peter Struck - Ludwig Stiegler - Franz Müntefering - Peter Struck - Frank-Walter Steinmeier


Commons: Kurt Schumacher – Biller, Videoen oder Audiodateien