L'Union

Vu Wikipedia
Entete vun der éischter Nummer

L'Union war eng franséischsproocheg Dageszeitung zu Lëtzebuerg, déi tëscht dem 12. November 1860 an dem 1. Juni 1871 erauskomm ass. Tëscht dem 1. Oktober 1868 bis an d'Joer 1869 war hir Periodicitéit dräi Nummeren d'Woch.[1]

Editeure waren d'Bridder Jacques a Pierre Heintzé.

Den éischte Redakter war de Mathias Ulrich, dee virdru beim Courrier vum Charles Metz geschafft hat. 1865 gouf e vum Jean Joris ofgeléist. L'Union war ausgesprache regierungsfrëndlech, an huet hir (anescht wéi déi liberal Konkurrenz) d'Partie gehalen.[2]

Den 1. Juni stoung ze liesen, fir hir Lieserschaft ze vergréisseren, géif d'Union als franséischsproocheg Zeitung ophalen, a vun do un op Däitsch erauskommen.

Dësen neien Titel war d'Luxemburger Volks-Zeitung, ass awer nëmmen ee weidert Joer laang erauskoum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op bibnet.lu.
  2. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg. 1704 - 2004- Luxemburg, SIP, 2004, S.95-96.