L'envol (Charlotte Engels)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Statu "L'envol" vun der Charlotte Engels. Fir aner Staute mat deem Numm, kuckt wgl. L'envol.
L'envol
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Plaz Fluchhafe Lëtzebuerg
Koordinaten 49°38'10,1796"N, 6°13'0,5498"O
Héicht 3,5 m
Material Bronz
Kënschtler Charlotte Engels
Bauhär Transportministère

L'envol ass eng monumental bronze Skulptur vun der Kënschtlerin Charlotte Engels, déi vun 1979 bis 2003 virun där aler Aerogare um Findel stoung, an nees zanter 2010 nieft där neier steet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Skulptur stellt eng dem Himmel entgéintgeriichten, stiliséiert Synthees vun engem Vugel an engem Fliger duer. Si ass aus Bronze, 3,50 m héich an zwou Tonne schwéier[1]. Si gouf 1977 vum Transportministère bei der Sculptrice Charlotte Engels an Optrag ginn. De Präis louch bei 5,9 Millioune Frang (zirka 148.000 Euro)[1]. Am Abrëll 1979 gouf d'Skulptur feierlech op hirer Plaz um Findel ageweit.[1]

Wéinst dem Chantier vun der neier Aerogare gouf d'Skulptur 2003 ewechgeholl. De 16. Mäerz 2010 huet d'Tageblatt gemellt, datt d'Skulptur um Terrain vum Fluchhafen, beim Bireler Haff, ëmgekippt tëscht alem Eisen an engem Pifffaass léich[2]. A senger Reaktioun op den Tageblatt-Artikel huet den Transportminister Claude Wiseler matgedeelt, datt d'Skulptur vun do un ënner Daach gelagert sollt ginn, fir spéider virun der 'neier' Aerogare opgeriicht ze ginn[1].

Am Juni 2010 gouf d'Skulptur an e spezialiséierten Atelier bei Stuttgart bruecht, wou se reparéiert a mat enger 'naturbronzebronger' Patina iwwerzu gouf. Dat Ganzt huet 16.600 Euro kascht. De 25. November 2010 gouf d'Skulptur a Presenz vum Bauteminister Claude Wiseler virun der 'neier' Aerogare opgestallt[3],[4].

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

1981 huet d'Lëtzebuerger Post en Timber vu 35 Frang erausginn, op deem L'envol vum Charlotte Engels, nieft der Aerogare an engem Fliger, ee vun den Haaptelementer war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Luxemburger Wort vum 17. Mäerz 2010, S. 19: Nach Aufregung um Skulptur der Luxemburger Künstlerin Charlotte Engels: "L'Envol": Alles wird gut.
  2. Tageblatt vum 16. Mäerz 2010, S. 20: L'envol erlitt Bruchlandung. Skulptur von Charlotte Engels wurde weggeschafft und "entsorgt". D'Redaktioun vum Tageblatt krut en Tipp vum Josy Braun, wat pikant ass, well deen 1981 an engem Tageblatt-Artikel d'Erëmfanne vun enger anerer "verluerener" Skulptur, der Gëlle Fra, gemellt hat.
  3. "Cérémonie d'installation de la statue "L'Envol" à l'aéroport de Luxembourg." gouvernement.lu, 25-11-2010.
  4. Luxemburger Wort vum 26. November, S. 23: Skulptur "L'Envol" von Charlotte Engels an neuem Standort auf Findel aufgestellt. "Krönender Abschluss" für neues Terminal.