László Lékai

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kardinol László Lékai

De Kardinol László Lékai, gebuer den 12. Mäerz 1910, gestuerwen den 30. Juni 1986, war Äerzbeschof vun Esztergom a Primas vun Ungarn. Säi Virgänger war de Kardinol József Mindszenty, säin Nofolger de Kardinol László Paskai.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De László Lékai huet zu Veszprém an zu Roum Philosophie a kathoulesch Theologie studéiert. En ass den den 28. September 1934 zum Paschtouer geweit ginn an huet duerno an där Funktioun an als Dozent an der Diözes Veszprém geschafft. Tëscht 1943 a 1944 war hie Conseiller a Sekretär vum Kardinol József Mindszenty. Vum November 1944 bis Februar 1945 souz hien an engem Prisong vum Naziregime.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gabriel Adriányi: Die Ostpolitik des Vatikans 1958-1978 gegenüber Ungarn. Der Fall Kardinal Mindszenty. Schäfer, Herne 2003

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]