Läichesynod

Vu Wikipedia
De Poopst Formosus a säin Nofollger Stephan VI.
Fantasieduerstellung vun der Läichesynod op engem Bild vum Jean-Paul Laurens, 1870

D'Läichesynod zu Roum am Joer 897 war e kierchleche Geriichtsprozess an deem de Poopst Stephan VI. säi Virgänger Formosus exhuméiere gelooss huet, fir hie wéinst angeeblechem Mëssbrauch wärend senger Amtszäit unzekloen. Dëst makabert Ereegnes gëllt als moraleschen Déifpunkt vum Poopsttum.

D'Uklo[änneren | Quelltext änneren]

Ee wichtege Grond fir dëse Prozess waren Zweiwel un der Rechtméissegkeet vum Stephan VI. senger Poopstwal. No dem Marinus I. an dem Formosus war de Stephan deen drëtte Poopst dee viru senger Amtszäit Bëschof vun enger anerer Stad war. Virun dem Marinus senger Wal sinn d'Peepst an der Reegel ënner den Diakonen a Paschtéier vu Roum gewielt ginn. Datt e Bëschof Poopst gewielt gouf, bedeit datt et sech just ëm en Transfert an en anert Bistum gehandelt huet. Dës sougenannten Translatioun war awer just a Fäll vun Noutwennegkeet (necessitas) oder Nëtzlechkeet (utilitas) erlaabt. Verbuede war dëse Wiessel, wann en aus Éiergäiz geschouch.

Genee dat huet de Stephan VI. dem Formosus virgehäit, dee viru senger Wal zum Poopst Bëschof vu Porto war.

De Stephan selwer awer hat sech an der selwechter Saach schëlleg gemaach, hien dee viru senger Poopstwal Bëschof vun Anagni war. Zum Bëschof war hie vum Formosus geweit ginn.

Falls et sech am Prozess erausstelle sollt, datt de Formosus onrechtmässeg Poopst gewiescht wier, a seng Poopstwal annuléiert géif, da wier automatesch och dem Stephan seng Weih zum Bëschof vun Anagni annuléiert. Hie wier also nei an d'Poopstamt gewielt ginn, an net just transferéiert. Der Translatioun wier hien also logescherweis net schëlleg.

Fir déi gewënscht Verurteelung z'erreechen ass hien doriwwer eraus ugeklot ginn, deen Eed gebrach ze hunn, deen hien dem Poopst Jang VIII. 878 ob der Synod vun Troyes geleescht hat. Dësem Eed no hätt hien nie méi op Roum zeréckgoen däerfen. Des Weideren ass hie beschëllegt ginn, seng Réckversetzung an de Laienstand duerch de Poopst Jang mëssbraucht ze hunn. Géint dësen Uklopunkt schwätzt awer d'Tatsaach, datt dem Jang séin Nofollger Marinus I. dem Formosus schonn erëm 883 als Bëschof agesat huet an e vun sengem Eed entbonnen huet.

Prozess an Urteel[änneren | Quelltext änneren]

Trotz allem huet de Stephan néng Méint no dem Formosus sengem Doud, seng scho verweeste Läich aus der Gruft huelen, se a seng peepstlech Gewänner kleeden, an op den Troun setze gelooss. Dräi Deeg laang gouf dem Verscheeten, dee vun engem Diakon vertratt gouf, ee formelle Prozess gemaach an hie gouf verurteelt.

D'Uerteel awer stoung scho virum Prozessoptakt fest, hie gouf ofgesat a seng Amtshandlungen an déi vun him gespente Weie goufe fir ongëlteg erkläert.