Läitrenger Haff

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Läitreng)

Läitrenger Haff a Läitreng si Lieu-diten an der Gemeng Biekerech.

Op Läitreng selwer steet 1 Gebai um Flouer Groesteen, an de Läitrenger Haff besteet just aus engem Bauerenhaff, deen op der Grenz mat der Belsch läit, just tëscht de Gossemaarken LB106 an LB107. E läit op enger Héicht vun 397 Meter.

Op de Läitrenger Haff kënnt e vu Lëtzebuerg aus iwwer Feldweeër déi vun Huewel a vu Biekerech fortginn, an aus der Belsch iwwer Feldweeër déi vu Giisch a vun Heckbous fortginn.