Längemooss
Ënner enger Längemooss oder méi genee enger Längemoosseenheet versteet een eng Moosseenheet fir d'Längt. D'Längemooss dengt fir d'Miessung oder Angab vun der Längt enger Streck oder Linn an enger Dimensioun, oder engem Ofstand (Distanz) zur Angab vun enger Ofmiessung.
Inhaltsverzeechnes |
Meter [änneren]
International genormte Grondeenheet vun der Längt ass de Meter.
De Meter ass duerch d'Internationalt Eenheetesystem (SI) festgeluechte gesetzlech Moosseenheet an de meeschte Staate an SI-Basiseenheet, et ass definéiert iwwer d'Liichtvitesse. Vun him si weider Eenheeten ofgeleet. Duerch d'Prefixe fir Moosseenheeten gëtt uginn, mat waterengem Facteur de Meter ze multipléizieren ass. D'SI-Prefixe fir méi wéi 10³ gi gewéinlech rar gebraucht.
Vergläich [änneren]
A munneche Fachgebidder a Kulturraim waren – a sinn zum Deel nach haut – weider Eenheeten am Gebrauch, beispillsweis:
| Eenheet | Zeechen | Meter | Definitioun | Benotzungszäit | Gebrauchsberäich | |
|---|---|---|---|---|---|---|
| vu | bis | |||||
| Parsec | pc | 30.856.776.000.000.000 | Distanz vun engem Stär, deen eng jährlech Parallax vu genee enger Bousekonn opweist | haut | Astronomie | |
| Liichtjoer light year |
Lj ly lyr |
ca. 9.460.528.000.000.000 | De Wee deen d'Liicht am Vakuum an engem julianesche Joer zréckleet | haut | Astronomie | |
| Astronomesch Eenheet engl. Astronomical Unit |
AE AU |
149.597.870.691 | mëttels Distanz Äerd–Sonn | haut | ||
| Rasta (Eenheet) | 4.800 4.900 |
2/3 vun enger geographescher Meil | (germanescht Längemooss) | |||
| Leuge | ca. 2.222 | antik gallo-réimesch Längemooss | ||||
| Séimeil oder nautesch Meil | sm | 1.852 | 1' Breetendifferenz | haut | Navigatioun | |
| Statute Mile (terrestresch Meil) |
1.609,344 | haut | USA | |||
| Meil engl. Mile |
mi | 1.482 11.299 |
||||
| Werst | 1.066,8 | Russland | ||||
| Kilometer | km | 1.000 | 103 m | 1800 | haut | |
| Stadion | ca. 158,5 ca. 211 |
600 Fuß | antikt Griicheland | |||
| Hektometer | hm | 100 | 102 m | 1800 | haut | |
| Sun | sun | 0,030 303 030 | 1/33 m | Japan | ||
| Dekameter | dam | 10 | 101 m | 1800 | haut | |
| Rute | R. | 3,7663 4,2951 |
Preußen Sachsen landwirtschaftlech Längemooss |
|||
| Klafter | ca. 1,9 | ausgestreckte Männeräerm | ||||
| Fuedem | ca. 1,8 | |||||
| Meter | m | 1 | iwwer Liichtgeschwënnegkeet am Vakuum | 1800 | haut | |
| Yard | yd | 0,9144 | 1 yard = 3 feet = 36 inches | haut | USA | |
| Duebelschrëtt | 0,8 1,5 |
|||||
| Schrëtt | 0,71 0,75 |
|||||
| Grouss-Ell | ca. 0,52 | |||||
| Ell | ca. 0,45 bis 1,713 | regional staark onbestänneg | ||||
| Span | ca. 0,23 | hallef Ell | ||||
| Fouss engl. foot, feet |
ft | 0,3048 | 1 ft = 12 in | Zënter 1980 globalt Héichtemooss an der Aviatioun (entgéigen SI-Konventioun) fréier um Fouss vum jeeweilege Kinnek gemooss |
||
| Dezimeter | dm | 0,1 | 10−1 m | 1800 | haut | |
| Handbreet | ca. 0,08 | 1/3 Span | ||||
| Zoll (engl. inch) |
in " |
0,0254 | haut | USA | ||
| Fangerbreet | ca. 0,02 | 1/4 Handbreet | ||||
| Deelungseenheet | TE | 0,018 0,00508 |
Schaltschafbau Elektronikbaugruppen |
|||
| Zentimeter | cm | 0,01 | 10−2 m | 1800 | haut | |
| Stéch | 0,006 666 666 6 | 2/3 cm | Schongbranche, hep franséische Stéch | |||
| Linn Paräisser Linn |
''' | 0,002 255 8 | 1/144 vum Paräisser Fouss (32,47 cm) | haut an der Auerentechnik a fir d'Deelung vu Libellen | ||
| Millimeter | mm | 0,001 | 10−3 m | 1800 | haut | |
| Punkt | P p pt |
0,000 375 0,000 376 065 0,000 352 778 |
1/72 in |
Dréckerei | ||
| Charrière French |
CH FR |
0,000 333 333 3 | 1/3 mm | Medizintechnik | ||
| milli-inch | mil | 0,000 025 4 | 1000 mil = 1 in | Elektronik, Verwiesselungsgefor mat Mil | ||
| Mikrometer | µm | 0,000 001 | 10−6 m | 1800 | haut | |
| Nanometer | nm | 0,000 000 001 | 10−9 m | 1800 | haut | |
| Ångström | Å | 0,000 000 000 1 | 10−10 m | 1965 | Angab vum Atomradius | |
| X-Eenheet | ca. 0,000 000 000 000 1 | 10−13 m | 1925 | 1965 | Röntgen | |
| Planck-Längt | ![]() |
1,616252 10−35 | Grenz vun der widersprochsfräi Brauchbarkeet vun de bekannte Physik-Gesetzer | 1930 | haut | Stringtheorien, Schläifequantegravitatioun |
Legende: SI-Einheiten
Eenheeten déi um Inch (") baséieren, wéi Fouss (ft), Yard asw. (Angloamerikanescht Moosssystem), déi an der Bezéiung zum Meter genormt sinn, gi weider am deegleche Liewen an den USA sowéi generell an der Elektronik gebraucht. D'Wëssenschaft ass schonns längst zum Metreschen Eenheetesystem iwwergangen.
Kuckt och [änneren]
- Geschicht vu Moossen a Gewiichter
- Al Moossen a Gewiichter
- Metrificatioun
- Meterkonventioun
- Distanzmiessung
- Gréisstenuerdnung (Längt) – Iwwersiicht iwwer Objete verschiddener Ofmiessunge
- Physikalesch Gréisste an hir Eenheete: Flächemooss, Raummooss
- Liichtgeschwënnegkeet, Äerdmiessung
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Längt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
