Läschwaasser

Vu Wikipedia

Läschwaasser gëtt vun de Pompjeeën beim Bekämpfe vu Bränn als Läschmëttel gebraucht. E Feier erläscht, wann d'Brennmaterial ënner de Flampunkt ofgekillt gëtt.

Et gëtt entweeder an engem Tankwon op d'Plaz bruecht oder aus enger anerer Läschwaasserversuergung ofgezaapt.

Virdeeler[änneren | Quelltext änneren]

Waasser als Läschmëttel ass präiswäert an iwwerall disponibel. Flëssegt Waasser erhëtzt sech op net méi wéi 100 °C, domat läit seng Maximaltemperatur ënner dem Flampunkt vu ville Stoffer. Donieft ass et fir Mënschen an Déieren ongeféierlech an net ëmweltschiedlech. Déi héich Verdämpungswärmt vu Waasser ka grouss Wäermten ophuelen. De Waasserdamp killt d'Feier a verdrängt de Sauerstoff, dee bei enger Verbrennung néideg ass.

Dat geschitt, wann een e Glas Waasser op e Frittendëppen, dat brennt, schëtt.

Ausname vum Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Waasser leet d'Elektrizitéit, dofir däerf et net bei Bränn vun elektreschen Installatioune gebraucht ginn - deen dee läscht riskéiert soss, en elektresche Schock ze kréien.

Och bei Ueleg, dee brennt, däerf op kee Fall Waasser drop geschott ginn: Ueleg, dee brennt, huet eng Temperatur vu ronn 200 Grad. Kënnt do Waasser drop, verdämpen d'Waassermoleküle direkt a ginn, zesumme mat de Uelegmolekülen, an d'Luucht gehäit, wou dës direkt verbrennen. D'Resultat ass eng Explosioun vun enger Feierbull, déi alles a Brand setzt, wat ronderëm ass.

Zousätz[änneren | Quelltext änneren]

A ville Länner wei och zu Lëtzebuerg gëtt normaalt Drénkwaasser aus Hydrante fir d'Brandbekämpfung benotzt. A spezielle Fäll (wei z. B. Flëssegkeeten déi brennen asw.) gëtt dem Waasser Schaummëttel bäigemëscht.

Läschwaasserversuergung[änneren | Quelltext änneren]

D'Pompjeeën ënnerdeelen d'Läschwaasserversuergung an zwou Aarten.

  • Ofhängeg Läschwaasserversuergung

D'Läschwaasserversuergung iwwer Hydranten, déi un dat zentraalt Waasserleitungsnetz ugeschloss sinn.

  • Onofhängeg Läschwaasserversuergung

All aner Ofzapméiglechkeete vu Läschwaasser

    • Kënschtlech Waasserofzapplazen
      • Läschwaassertank
      • Läschwaasserbur
    • Natierlech Waasserofzapplazen
      • Flëss
      • Baachen
      • Séien
      • Kanäl
      • Stauséi

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]