Lé Tanson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Léon ("Lé") Tanson, gebuer den 9. Abrëll 1914 zu Beetebuerg a gestuerwen den 3. Abrëll 1999 zu Munneref, war e lëtzebuergesche Moler, Lokalhistoriker a Fotograf. Hie war bestued mat dem Fernande Weisen a war Employé bei der Spuerkeess[1].
No sengen Secondairesstudien an der Ecole industrielle et commerciale de Luxembourg um Lampertsbierg, huet hien eng Carrière als Moler ageschloen. Hie war e Joër an der Ecole des Artisans de l'Etat à Luxembourg um Lampertsbierg, an huet duerno zu Paräis op der Ecole supérieure des Beaux Arts an op der Académie de la grande chaumière stodéiert.[2]
Hien huet Biller, Zeechnungen, Timberen, Keramik, Skulpturen, Mosaiker, Plakater a gosse Plakken geschafen. Vun him si Monumenter zu Hollerech, On, Munneref, Elleng, Beetebuerg an Uewerkuer, an och d'Monument fir d'Volontaires luxembourgeois zu Seoul a Südkorea. Hien huet e Roman a lokalhistoresch Fuerschunge publizéiert.
Seng gesamt Dokumentatioun ass no sengem Doud verluer gaangen. Hien hat senger Haushälterin alles vermaacht, déi du wäertvoll Dokumenter eenzel verkaaft huet an de Rescht wechgehäit huet[3].
[Änneren] Auszeechnungen
Am zweete Weltkrich gouf de Lé Tanson op Munneref versat[4]. Do huet hien als lokale Chef bei der L.V.L. an der Unio'n matgewierkt. Hien huet ofgeschossenen amerikaneschen Piloten, franséischen a russeschen Krichsgefangenen a lëtzebuergeschen a loutrengeschen Krichsdéngschtverweigerer gehollef.
Direkt no der Befreiung huet den Lé Tanson sech als Freiwellegen an d'amerikanesch Arméi gemellt a stung tëschent September 1944 an August 1945 fir d'éischt als "Trooper" beim 3. Kavallerieregiment a spéider als Regimentsdolmetscher beim "CIC Detachment 212".
Doduerch huet de Lé Tanson eng Rei Auszeechungen[5] kritt:
- Titre de résistant;
- Croix de l'Union;
- Commandeur de l'Ordre la Couronne de Chêne;
- Officier de l'Ordre de mérite;
- Eéierebiirger vun der Gemeng Munneref;
- Honorary Sergeant and Official Regimental Translator of the 3rd Armoured Cavalry Regt. II US Army,;
- Aaner amerikanesch, franséisch a sovietesch Auszeechnungen.
[Änneren] Referenzen
- ↑ De Lé Tanson war eng Zäit laang Gérant vun der Spuerkeess zu Munneref, duerno huet en an der Zentral an der Stad Lëtzebuerg geschafft.
- ↑ Brochure mam Titel "25e EXPHIMO. MONDORF-LES-BAINS", 1983,S. 104
- ↑ Kee gutt Beispill deemno fir lëtzebuergesch Lokalhistoriker, déi besser hätten, virun hirem Doud alles der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an der Stad oder dem Literaturarchiv zu Miersch ze vermaachen.
- ↑ Lé Tanson +. Luxemburger Wort vum 7. Abrëll 1999, Säit 19.
- ↑ D'Opzielung stamt aus senger Doudesannonce, déi den 9. Abrëll 1999 am Letzebuerger Wort publizéiert gouf.
[Änneren] Publikatiounen
- Tanson, Lé, 1970. Als überall die Feuer brannten... Roman.
- Tanson, Lé, ca. 1970. Damals in Bad Michelskirch. 1939-1945. Tapuscrit polycopié, Centre national de littérature, Mersch.
- Tanson, Lé, 1981. Chronik der 'Stadt' und Gemeinde Bad Mondorf. 1281-1981.
- Etringer, Norbert & Lé Tanson, 1981. Chronik der Gemeinde Bürmeringen. 290 p., Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg.
- Tanson, Lé, 1997. Die wechselvolle Geschichte des "Palace Hotel". Pp. 217-220 in: Gerges, Martin (éd.), 1997. Mondorf, son passé, son présent, son avenir. Mondorf le Domaine thermal et les éditions Les publications mosellanes. 614 p. Imprimerie Victor Buck. ISBN 2-919975-06-4.

