Léandre Lacroix

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Léandre Lacroix
Gebuer 1. Januar 1859
Réimech
Gestuerwen 28. Mäerz 1935
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Liberal Liga

De Léandre Lacroix, gebuer den 1. Januar 1859 zu Réimech a gestuerwen den 28. Mäerz 1935 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.

De 26. Mäerz 1904 gouf hie Buergermeeschter vun der Gemeng Réimech[1] an hien ass dat bis 1906 bliwwen.

Vun 1914 bis 1918 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.

Hie war Deputéierte vun de Kantoner Réimech a Lëtzebuerg.[2]

Zesumme mam Alphonse Weicker hat hien d'Banque générale du Luxembourg gegrënnt.

Fir un hien z'erënneren ass 1935 um Lampertsbierg eng Strooss no him genannt ginn: d'Rue Léandre-Lacroix[3].

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Alphonse Munchen
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1914 - 1918
Nofollger:
Luc Housse

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial N° 17 vun 1904 mat der Publikatioun vun der Nominatioun vum Léandre Lacroix als Buergermeeschter vu Réimech
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Léandre Lacroix am Luxemburger Wort vum 29. Mäerz 1935 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.
  3. Rue Léandre-Lacroix an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020