Lécker Revolutioun

Vu Wikipedia
D'Zerstéierung vun der Kathedral.

D'Lécker Revolutioun war eng Period tëscht 1789 a 1792/1795, an där, no 8 Joerhonnerten Existenz, d'Prënzbistum Léck ofgeschaaft gouf.

Si ass 1789, praktesch zäitgläich mat der Franséischer Revolutioun ausgebrach. Ursaache fir dës Revolutioun gouf et der eng jett: Den Hoensbroeck, deen zanter 1784 un der Muecht war, war méi autoritär a reaktionär wéi säi Virgänger, de François-Charles de Velbrück. D'Biergertum, den niddregen Adel an den niddrege Clergé, d'Aarbechter an d'Baueren haten net vill oder näischt ze soen, an et gouf eng Partie schlecht Rekolten, wat alles zu enger allgemenger Onzefriddenheet bäigedroen huet. D'Ëmstänn zu Paräis an an den Éisträicheschen Nidderlanden hu sécher och eng Roll gespillt.

De 15. August 1789 hunn d'Communautéite vu Franchimont e Kongress ausgeruff, deen de 26. vum Mount sollt ofgehale ginn. De Prënzbëschof Hoensbroeck huet probéiert fir Rou an d'Vollek ze bréngen, andeems en dem Doumkapitel an dem héije Clergé proposéiert huet, op hir finanziell Privilegen ze verzichten, an datt all Schichte vun der Bevëlkerung sollten Zougank zu den ëffentlechen Ämter hunn.

De 17. August hunn d'Radikaliste verlaangt datt d'Reglement vu 1684 sollt ofgeschaaft ginn, an d'Vollek vu fräigewielte Vertrieder sollt representéiert ginn. Schonn den Dag drop hu sech d'Aarbechter vum Béchsemécher Gosuin, zesumme mat de Leit aus de Faubourgen, zu Léck breet gemaach an d'Violette besat. De selwechten Dag huet de Colonel Ransonnet déi Lécker Zitadell besat. D'Buergermeeschtere Léopold-Albert-Ignace de Villenfagne de Sorinne a Philippe-François de Ghaye goufen ofgesat an an hir Plaz koumen de Jacques-Joseph de Fabry an de Jean-Remy de Chestret. De Mathias de Lassence an de Gilles-Joseph vu Köln goufe Vizebuergermeeschter an et goufen 32 nei Konzelljeeën agesat. De Gosuin gouf Manbour eng Zort Momper vun der Stad. D'Vollek ass de Prënzbëschof a seng Residenz vu Seraing siche gaangen. Hien huet all d'Beschlëss ratifizéiert an dem Maximilian vu Bayern säi Reglement vum 29. November 1684 ofgeschaaft.

D'Bonnes villes hunn deem nogezunn, fräi Walen ofgehalen an all hir Magistraten ersat. Déi Revolutioun déi bis dunn nëmmen d'Stied betraff hat, huet dunn och d'Landbevëlkerung op den Dill geruff. No der éischter Versammlung vum Kongress vu Polleur un deem eigentlech nëmmen déi 5 Bänn vu Franchimont deelgeholl hunn, hunn d'Awunner vum Bann vun Amay reklaméiert datt all Baillage sollt eng Vertriedung an de Versammlungen hunn.

Am Vollek waren d'Meenungen awer nach ëmmer gedeelt tëscht Partisane vum Ernest vu Bayern an dem Fridde vu Fexhe an deenen déi eng zweet Revolutioun wollten. Den Hoenbroeck huet sech net méi sécher gefillt an hien huet sech an d'Abtei Sankt Maximäin vun Tréier aus dem Stëbs gemaach.

Preisen, am Numm vum Nidderrhäin-Westfälesche Krees, huet probéiert, déi Opstännesch ze zëssen, mä ouni Succès. Den 12. Januar 1791 huet déi éisträichesch Arméi Léck eruewert an den Hoensbroeck kuerz duerno nees op de Bëschofstroun zeréckgesat. Déi meescht Republikaner hu sech op Paräis exiléiert, hire Besëtz gouf konfiskéiert. 1792 ass den Hoensbroeck gestuerwen, an duerch de François-Antoine-Marie de Méan ersat ginn. Dësen hat et awer net fir laang, well no der Victoire an der Schluecht vu Jemappes, de 6. November 1792, hunn d'franséisch Revolutiounstruppen d'Kontroll an den Éisträicheschen Nidderlanden, an och d'Fürstentum Léck, dat dertëscht louch, iwwerholl.

1793 hunn déi Lécker an e puer Bonnes villes iwwer de Prinzip vum Uschloss u Frankräich, dee staark vun de Franchimontois ënnerstëtzt gouf, ofgestëmmt. Dofir waren ausser de Lécker, nach méi wéi d'Hallschent vun den deemools 643 Uertschaften am Fürstentum, d'Stëmme vun der Grofschaft Looz an dem Entre-Sambre-et-Meuse net matgerechent.[1] Gläichzäiteg huet déi provisoresch Provënzialversammlung bestëmmt datt d'Kathedral Saint-Lambert, déi se als Symbol vum Ancien Régime ugesinn hunn sollt ofgerappt ginn.

Mä d'Éisträicher, déi sech net geschloe ginn haten, hunn d'Meuse iwwerschratt an hunn no der Schluecht vun Aldenhoven den 1. Mäerz 1793 Tongeren besat. Doropshinn hu sech eng ronn 250 Haaptleit vun der Revolutioun mat all den Archiven an Direktioun Frankräich aus dem Stëbs gemaach. No der Schluecht vun Neerwinden den 18. Mäerz 1793, wou d'Fransousen iwwerdubbert goufen, hunn d'Éisträicher nees d'Kontroll iwwerholl an eng zweet Kéier de Prënzbëschof an der Persoun vum de Méan restauréiert.

Mä schonn dat Joer drop hunn d'Fransousen, an de Schluechte vu Fleurus (26. Juni) a vu Sprimont (17. September) d'Fürstentum zeréckeruewert.

Monument op der Redoute

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

1795 gouf d'Prënzbistum Léck, wéi och d'Éisträichesch Nidderlanden, d'Prënzabtei Stavelot-Malmedy an d'Herzogtum Bouillon, an d'franséisch Republik integréiert. D'Gebidder vum Fürstentum goufen tëscht den Departementer Ourthe (dee gréissten Deel), Meuse-Inférieure a Sambre-et-Meuse opgedeelt.

Um Wiener Kongress (1814/15) goufen d'Gebidder vum ale Prënzbistum Léck an dat neit Kinnekräich vun de Vereenegten Nidderlanden integréiert. Aus den Departementer goufe Provënze gemaach: Aus dem Departement Ourthe gouf d'Provënz Léck (e puer Deeler am Osten, mat Sankt-Väit, Schleiden, Krounebuerg..., goufen allerdéngs vum Kinnekräich Preisen annektéiert), d'Departement Meuse-Inférieure gouf d'Provënz Limburg an d'Departement Sambre-et-Meuse gouf d'Provënz Namur.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Harsin, La révolution liégeoise de 1789 ; Bréissel, 1959.
  • Adolphe Borgnet, Histoire de la révolution liégeoise de 1789 ; 2 Bänn, Léck, 1865.
  • Joseph Daris, Histoire du diocèse et de la principauté de Liège de l'origine jusqu'en 1879 ; Bréissel, 'Éditions Culture et Civilisation', 1980 (= anastalteschen Nodrock vun der Ausgab a 7 Bänn, 1868-1892).
  • Jean Stengers, Hervé Hasquin, Roland Mortier, etc., Jean-François Vonck (1743-1792) ; Akte vum internationale Colloque (1992) iwwer de J.F. Vonck an d'Lécker Revolutioun; in: Études sur le XVIIIe siècle, Bd. XXIV, Bréissel (ULB), 1996.
  • Liège - La Province hier et aujourd'hui ; Monographie, 1976 erausgi vum Crédit communal de Belgique ; 93 Säiten (ill.).
  • Bruno Demoulin et Jean-Louis Kupper, Histoire de la principauté de Liège ; Toulouse, Éditions Privat, 2002; 280 Säiten (ill.).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Annonce vum 22. Februar 1793.