Léift

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kuss vun enger verléifter Koppel

Léift ass eng typesch mënschlech Emotioun: déif, selbstlos Hingab un eng aner Persoun oder en Objet.

Dëst staarkt Gefill ka bannent engem Familljebond (Eltereléift, Sëschterléift), engem Bond am Geescht (Frëndschaftsléift, platonesch Léift) oder engem kierperleche Bond (geschlechtlech Léift, Libido) existéieren.

Déi éischt Astufung vun de Forme vun der Léift kënnt aus der antiker griichesch-réimescher Kultur:

  • Storge (στοργή) – zaart Zouneigung, familiär Léift;
  • Philía (φιλία) – sozial Léift an onbedingte Frëndschaft, géigesäiteg Unerkennung a Verstoen;
  • Agápe (ἀγάπη) – selbstlos Nächsten- a "Feindesléift", déi deen aneren héich schätzt a just säi Wuel am Bléck huet;
  • Éros (έρως) – emotional, schwärmeresch, sënnlech-erotesch Léift, kierperlech Begier, Leidenschaft;

Léift ass awer och eng philosophesch Kategorie, a Reflexiounen iwwert d'Léift sinn e breetgefächert Thema an der Konscht an der Kultur.

Kuckt och [änneren]