Léon Degrelle

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Léon Degrelle
De Fändel vun de Rexisten

De Léon Joseph Marie Ignace Degrelle, gebuer de 15. Juni 1906 zu Bouillon an der Belsch a gestuerwen den 31. Mäerz 1994 zu Málaga a Spuenien, war e Belsche Politiker.

Den Degrelle entstaamt aus der typescher kathoulescher Mëttelklass; säi Papp war Brauer, een Deel vu senger Famill kënnt aus dem Grand-Duché (Éislek). Zu Namouer an zu Louvain huet hien Droit studéiert. 1930 huet hien d'Chrëschtkinneksbewegung gegrënnt, eng wallounesch autoritär an antidemokratesch Bewegung, benannt nom Verlagshaus Christus Rex, an deem d'Zäitschrëft Rex erauskoum. D'Rexisten haten 1936 an dem Belsche Parlament 21 Sëtzer.

Beim Iwwerfall vun der Wehrmacht op d'Belsch, am Mee 1940, gouf den Degrelle a Frankräich deportéiert. Mä kuerz drop gouf en do vun den Däitsche befreit. 1941 huet den Degrelle ganz offen de Choix vun der Kollaboratioun mat Nazidäitschland gemaach a gouf sou, nieft dem Staf De Clercq vum Vlaams Nationaal Verbond (VNV), ee vun de wichtegste Kollaborateuren a sengem Heemechtsland, e wallounesche Quisling.

Wéi Däitschland d'Sowjetunioun iwwerfall huet, huet den Degrelle d'éischt eng ronn Dausend Fräiwëlleg zesummegekraazt, fir no an no, aus enger éischter Unitéit, dem Infanterie-Batailloun 373 vun der Wehrmacht, eng Légion Wallonie ze schafen. Parallel dozou gouf et iwwregens och eng Vlaamse Legioen. Spéider, am Januar 1943, sinn d'Zaldote vun der Légion Wallonie, déi bis ewell an der Uniform vun der Wehrmacht gekämpft haten a ganz vill Verloschter erlidden haten (ë. a. zu Tscherkassy), an d'Waffen-SS integréiert ginn. Ee Moment waren déi wallounesch Zaldoten an der 5. SS-Panzerdivisioun.

De Léon Degrelle koum als am meescht dekoréierten (Ritterkräiz mat Eechelaf) auslänneschen Zaldot aus Russland erëm. Um Enn vum Krich huet den Degrelle sech iwwer den Ëmwee vu Skandinavien no Franco-Spuenien verzunn. An der Belsch gouf hien am Dezember 1945 zum Doud veruerteelt, mä säi Gaaschtland huet hien net ausgeliwwert. 1964 huet dat Belscht Parlament, mat där sougenannter Lex Degrelle, de Verjärungsdelai fir Landesverrot verlängert.

1969 koumen dem Degrelle seng Erënnerunge vun engem Faschist eraus; dora feiert den Auteur den Hitler als "dee gréisste Genie vun allen Zäiten".

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ënner der Leedung vum Paul Aron a vum José Gotovitch, Dictionnaire de la Seconde Guerre mondiale en Belgique ; Bréissel (André Versaille éditeur), 2008; 528 Säiten. ISBN 978-2-87495-001-8
  • Hans Werner Neulen: An deutscher Seite: Internationale Freiwillige von Wehrmacht und Waffen-SS, München 1998, ISBN 978-3800410699
  • Hans Werner Neulen: Europas verratene Söhne. Die Tragödie der Freiwilligen im Zweiten Weltkrieg[1], München 1980, ISBN 3-404-65042-5

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Den Titel verréit de Geescht vum Auteur
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.