Léon Jean Namur

Vu Wikipedia
Léon Jean Namur
Gebuer 16. Februar 1879
Iechternach
Gestuerwen 2. August 1937
Iechternach
Famill
Papp Léon Namur


De Léon Jean Namur, gebuer zu Iechternach de 16. Februar 1879 an do gestuerwen den 2. August 1937, war en Apdikter zu Iechternach. Säi lëtzebuergeschen Apdikeschdiplom krut hien de 27. Oktober 1900. Domat konnt hien dann sengem fréi verstuerwene Papp Léon Namur seng Apdikt, d'Pharmacie du Cerf, iwwerhuelen.

Bis dohin war d'Apdikt, nom Doud vum Léon Namur am Joer 1893, vun engem Provisor gefouert ginn, an zwar vum Antoine Mathes (Mattes), deen den 18. August 1868 gebuer gouf an den 21. Mee 1891 säin Apdikteschdiplom krut.

Gielchen[1][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Léon Namur am Luxemburger Wort vum 3. August 1937 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.