Léon Kinsch (1926)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Journalist Léon Kinsch. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Léon Kinsch.
Léon Kinsch
Gebuer 7. Mee 1926
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 15. August 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist
Famill
Geschwëster Joseph Kinsch


De Léon Kinsch, gebuer de 7. Mee 1926 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 15. August 1983 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Journalist.

Hien huet 1958 d'Plaz vum Carlo Hemmer als Editeur a Chefredakter vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land iwwerholl. Gläichzäiteg war hien de lëtzebuergesche Korrespondent vun der Noriichtenagence Belga. Eng Rei vu lyresche Wierker, déi a lëtzebuergeschen an an auslänneschen Zäitschrëfte verëffentlecht goufen, sinn och vun him.

Hie war de Brudder vum Industriellen a President vum Verwaltungsrot vun der Arbed an Arcelor, Joseph Kinsch.


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 209