Léon Letsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Léon Letsch, gebuer den 23. Mee 1927 zu Mamer, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympiionik. [1]
Tëschent dem 4. Mee 1947 am 11. Mee 1961 huet de Léon Letsch an 53 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe 10 Goler geschoss. [2]
Vun 1950 bis 1953 huet hie bei der franséischer Profisequipe vum C.O. Roubaix-Tourcoing gespillt.
1952 war hien an der lëtzebuergescher Selektioun bei den Olympesche Summerspiller zu Helsinki. [3]
Hien ass bestuet mat der Nicole Frantz, Duechter vum Vëlossportler Nicolas Frantz.
Inhaltsverzeechnes |
Auszeechnungen [änneren]
- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg [4]
Kuckt och [änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Literatur zum Thema [änneren]
- Bressler Henri: NICOLAS FRANTZ - Quand nos grands-pères parlaient du Tour de Frantz, S. 126 - S. 127, éditions saint-paul, ISBN 13 : 978-2-87963-677-1
Referenzen [änneren]
- ↑ De Léon Letsch op dem Site vu sports-reference.com
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Léon Letsch um Site European Football
- ↑ De Léon Letsch op dem Site vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux » : Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l’honneur