Léon Lippmann

Vu Wikipedia
Léon Lippmann
Gebuer 1. Mäerz 1808
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. November 1883
Amsterdam
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Banquier
Famill
Papp Jonas Lippmann
Geschwëster Isaï Lippmann

De Léon (oder Leo) Lippmann[1], gebuer den 1. Mäerz 1808 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 11. November 1883 zu Amsterdam, war en Eisebunnsmanager a Banquier.

Als Jong vum Jonas Lippmann huet hie fir d'éischt als Reesender vu sengem Papp senger Händschefabréck geschafft. Méi spéit gouf en Direkter vu verschiddenen hollänneschen Eisebunnsgesellschaften. 1858 huet hien zu Amsterdam eng Bank, d' Bank Lippmann, Rosenthal & Cie, matgegrënnt. Hie gouf och do Lëtzebuerger Konsul.

Hie war de Brudder vum Isaï Lippmann. Hien ass um ale jiddesche Kierfecht a Clausen begruewen[2].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Um Gebuertsakt vun der Stad Lëtzebuerg als Lÿon resp. Lyon Lippmann agedroen
  2. Cf. Familljegraf Lippmann um ale jiddesche Kierfecht zu Clausen.
  3. Intérieur. L'indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (31. Mee 1874). Gekuckt de(n) 2023-01-24.