Léon Lommel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bëschof Léon Lommel
De Wope vum Bëschof Leo Lommel
Grafplak vum Bëschof Lommel an der Krypta vun der Kathedral
Monument fir de Bëschof Leo Lommel zu Kruuchten
De Bëschof Leo Lommel bei enger Firmung den 28. Juni 1961 zu Kolpech

De Mathias Léon Lommel, gebuer den 3. Februar 1893 um Schleederhaff bei Kruuchten, a gestuerwen den 11. Juni 1978 war de 5. Bëschof vu Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

Biographie [änneren]

Als eelste vun aacht Kanner vum Bauer Henri Lommel an der Susanne Beringer geet de Leo Lommel an den Iechternacher Kolléisch, op d'Cours supérieurs an 1913 op Roum op déi peepstlech Universitéit Gregoriana. Bedéngt duerch de Krich huet hie misse vun 1914-1918 seng Studien zu Innsbruck weiderféieren.

Den 13. Juli 1919 gouf de Leo Lommel zu Innsbruck zum Geeschtleche geweit. Am Joer 1923 gouf hie Professer fir Philosophie a Konschtgeschicht um Grand Séminaire zu Lëtzebuerg an 1926 gouf hien Aumônier vum kathouleschen Akademikerveräin.

De 6. Mee 1941 gouf hie vun der Gestapo a Frankräich ausgewisen, wou hien tëscht 1941 a 1944 an der Diözes Autun Paschtouer vun de Pare Saint-Yan a Saint-Germain-des Rives war.

Nom Krich iwwerhëlt hien d'Plaz vum Professer fir Dogmatik um Stater Seminaire.

De 14. Mee 1949 gouf hien zum Titularbëschof vun Nephelis a Koadjutor vum Bistum Lëtzebuerg ernannt. Den 29. Juni 1949 huet de Kardinol Fernando Cento en zum Bëschof geweit. Hie gouf den 21. Oktober 1956 Bëschof vu Lëtzebuerg an den 12. Februar 1971 gouf de Jean Hengen säin Nofolger.

De 16. Juni 1978 gëtt hien am Scheedpunkt vum Chouer an der Krypta vun der Kathedral ënnert dem Bild vu Christus begruewen.

Wierken [änneren]

Dem Leo Lommel louch d'Veréierung vun der Tréischterin besonnesch um Häerz.

Als Konschtexpert huet hien d'Chouerfënsteren[1] vun der Kathedral entworf, déi tëscht 1935 an 1938 vergréissert gouf. Nom Krich war hien dacks als Beroder vu kierchleche Bauwierker täteg.

1966 huet hien d'Dräihonnertjoerfeier vun der Muttergottesoktav zelebréiert.

Zu Iechternach huet de Leo Lommel och d'Veréierung vum Hellege Willibrord, dem Patréiner vum Benelux, gefördert an der Sprangprëssessioun en neien Opschwong ginn. Den 20. September 1953 konsekréiert hien d'Iechternacher Basilika, déi de 26. Dezember 1944 vun den Nazi gesprengt gouf.

Um Zweete Vatikanesche Konzil ass de Leo Lommel en engagéierten a begeeschterte Konzilspapp. Hien ënnerstëtzt besonnesch d'Ëmsetze vun der Liturgiereform. Esou gouf 1963 de Chouer vun der Kathedral nei amenagéiert an den 8. Dezember 1963 ass d'Kathedral och feierlech konsekréiert ginn. Dës Konsekratioun war duerch de Bëschofswiessel 1936 an duerch Krichsjoeren 1940-1945 ëmmer erëm op besser Zäiten verréckelt ginn.

A sengem Faaschtenhierdebréif kënnegt hien 1969 déi 4. Diözesesynod un.

Wopen [änneren]

De Bëschofswope gëtt esou beschriwwen: "Parti: au I d'argent au lion de gueules, armé, lampassé et couronné d'or, la queue fourchue et passée en sautoir, au II d'azur semé d'étoiles d'argent, le monogramme de la Sainte Vierge couronné du même, brochant."

Als Bëschofsdevise huet de Léon Lommel en Zitat aus dem Psalm 79 Vers 13 gewielt: nos autem populus tuus - Mir awer däi Vollek.

De Bëschofswopen ass iwwert dem Agank vun der Krypta an der Iechternacher Basilika a Stee gemeesselt an och enger Fënster vun der Hareler Kierch ofgebillt [2].

Gielercher [änneren]

Quellen [änneren]

  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

Virgänger BishopCoA PioM.svg Nofolger
Joseph Laurent Philippe Lëscht vun de Bëscheef Jean Hengen