Léon Metz
De Charles-Léon Metz, gebuer den 1. November 1842 a gestuerwen de 25. Juni 1928, war e lëtzebuergesche Schmelzhär aus der Metz-Dynastie a Politiker.
Hien huet seng Ingenieursstudien zu Paräis an zu Léck gemaach. 1866 huet hien op der neier Dummeldenger Schmelz ugefaang mat schaffen.
1870 huet säi Monni den Norbert Metz hie mat de Virbereedungsaarbechten fir Metze Schmelz (spéider Arbed Schëffleng) beoptragt an hie gouf och do Direkter.
No der Grënnung vun der Arbed, 1911 gëtt hie Member vun där hirem Verwaltungsrot.
Zënter 1873 war hie Member vum Escher Gemengerot, a vun 1906 bis 1909 Buergermeeschter vun Esch. An déi Zäit fält ë. a. de Verkaf vum Clair-Chênes-Bësch un d'Gelsenkirchener Bergwerks AG, déi do d'Adolf-Emil-Hütte (spéider Arbed Belval) opgeriicht huet.
Hie war och tëscht 1875 an 1918 Deputéierten an der Chamber, Grënnungspresident vum Adolf-Verein a vun 1905 bis 1925 President vun der Handelskammer.
Hie war de Jong vum Auguste Metz.
Zu Esch-Uelzecht ass haut eng Strooss no him benannt, d'Rue Léon Metz.
Gielercher [änneren]
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1923)[1]