Léon Moulin

Vu Wikipedia
Léon Moulin
Gebuer 4. Dezember 1897
Lëtzebuerg
Gestuerwen 28. November 1974
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller

De Léon Charles Nicolas Moulin, gebuer de 4. Dezember 1897 an der Stad Lëtzebuerg (an der Dräikinneksgaass)[1], an do gestuerwen den 28. November 1974[2], war e lëtzebuergeschen Theaterschauspiller, Auteur a Radios-Speaker.

Hie war vu Beruff Coiffer an der Neipuertsgaass.

Seng éischt Theaterroll hat hie mat 13 Joer, am Mäerz 1910, am Batty Weber senger Revue Peffer a Salz.

Nom Éischte Weltkrich war hie Member vun den Theaterensembelen Montmartroise, La Mansarde, Les Deux Masques a L'Avant-Scène. Mat dësem leschten Ensembel, deen nëmme franséisch Stécker opgeféiert huet, ass de Léon Moulin och am Ausland opgetrueden.
Duerch seng besonnesch Frëndschaft mam Batty Weber war hie bei all Uropféierung vu senge Wierker, ausser dem Aarme Pierrot, op der Bün. Et gouf behaapt[Source?], de Batty Weber hätt him an dem August Donnen munnech Rollen op de Läif geschriwwen.

Hien huet a ville Revuen, Operetten, haaptsächlech déi vum Emile Boeres, matgespillt a Regie gefouert. Donieft war hien e gefrote Lieser vun Texter a Gedichter. Den 1. August 1933 gouf hie fest bei Radio-Lëtzebuerg agestallt, wou hie bis zu senger Pensioun, den 1. Januar 1964 blouf. Hei war hie bekannt fir seng Emissiounen an enger defteger Lëtzebuerger Sprooch a seng eemoleg Stëmm an Aussprooch. Wärend der Zäit vum Zweete Weltkrich huet hie säin Numm als Speaker op "Leo Molling" missen änneren.

De Léon Moulin ass um Nikloskierfecht begruewen, wou och den August Donnen an de Batty Weber hir Griewer hunn.

Fir un de Léon Moulin z'erënneren, gouf eng Strooss an an der Stad (Zens) no him genannt (Rue Leo Moulin).

Filmer als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • De Fuuss. Eng onmënschléch-mënschléch Geschicht vun den zaamen a wëllen De'eren, 1968

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Conter, Claude D., 2007. Moulin Léon. In: Luxemburger Autorenlexikon. Erausgi vum Germaine Goetzinger & Claude D. Conter an Zesummenaarbecht mat aneren. S. 433-434. Centre national de littérature. Imprimerie Graphic Press.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. État civil • Luxembourg, Registres d'état civil, 1796-1941, Léon Charles Nicolas Moulin. www.familysearch.org (04.12.1897). Gekuckt de(n) 05.06.2022.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 30. November 1974
  3. Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022