Léon Moutrier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Léon Moutrier
Gebuer 18. Dezember 1872
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat, Politiker

De Léon Moutrier, gebuer den 10. Dezember 1872 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 13. Oktober 1940 an der Stad Lëtzebuerg[2] war e lëtzebuergesche Politiker.

Vum 24. Februar 1916 bis den 19. Juni 1917 war hie Generaldirekter (Minister) fir den Interieur a fir den ëffentlechen Unterrecht (instruction publique) an der Regierung Thorn a vum 19. Juni 1917 bis den 28. September 1918 Generaldirekter vun der Justiz an dem ëffentlechen Unterrecht an der Regierung Kauffman.[3]

Hie war duerno vum 28. September 1918 bis den 21. Dezember 1936 Member vum Staatsrot.

De Moutrier war President vun der Chambre des comptes, e Poste fir deen d'Chamber hien am Oktober 1918 proposéiert huet.[4]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, S. 63.
  2. Luxemburger Wort 1940, Nr. 289 (15. Oktober), S. 8 (Doudesannonce)
  3. Thewes, G., 2006. Les Gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848. Luxembourg, Service Information et Presse, S. 69 an 73.
  4. Luxemburger Wort 1918, Nr. 278/279 (5. Oktober), S. 2 (Kammer-Revue): Als alleiniger Bewerber um die Präsidentschaft, der Rechnungskammer war der frühere Generaldirektor, Herr Moutrier, aufgetreten. Er wurde mit 40 Stimmen bei 7 weißen Zetteln zum ersten Kandidaten proklamiert. [1]
  5. (fr)Les Fêtes Belgo-Luxembourgeoises de Bruxelles. L'Indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (15. Mee 1922). Gekuckt de(n) 2023-08-01.
  6. Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert gpoufen
  7. Le maréchal Foch à Luxembourg op der Säit 2 vu L'indépendance luxembourgeoise vum 15. Juni 1919 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022