Léon Suttor

Vu Wikipedia
Léon Suttor
Gebuer 19. Juli 1866
Gestuerwen 11. Dezember 1946
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt

De Léon Suttor, gebuer den 19. Juli 1866 zu Ettelbréck a gestuerwen den 11. Dezember 1946 war e lëtzebuergeschen Architekt.

No sengem Secondaire am Kolléisch huet hien op der Polytechnische Schule, der haiteger Technische Universität München, studéiert a säin Architektendiplom kritt.

Gebaier, déi de Suttor entworf huet:

De Suttor war deen éischten, deen zu Lëtzebuerg e Plaffong am Arméierte Bëtong agezunn huet, an dat an der Miesdrëffer Kierch.

D'Enn vu sengem Liewen huet de Suttor a sengem Landhaus zu Boufer verbruecht. Hien ass gestuerwen duerch en Accident; hie gouf viru senger Dier vun engem Auto ugestouss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 171
  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 133