Lënserefrakter

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Refrakter bei der Orangerie Kassel

E Lënserefrakter, oder Lënsenteleskop ass en optescht Instrument, mat deem een Objeten, déi wäit ewech sinn, vill méi no oder méi grouss ka gesinn. Dat gëtt duerch eng Vergréisserung vum Kuckwénkel mat Hëllef vu Lënsen erreecht. Prismen a Spigele kënnen d'Bild opriichten oder d'Baulängt vum Refrater verklengeren.

D'Entwécklung vu leeschtungsfäege Lënserefraktere spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vun der Astronomie. Refraktere maachen zesumme mat de Spigelteleskopen d'Klass vun den opteschen Teleskopen.

Opbau a Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

Refraktere besti generell aus enger Kombinatioun vu Lënsen, déi vun enger mechanescher Konstruktioun gehale ginn. Jee no Stralegank vum Liicht duerch d'Lënsen ënnerscheet een dobäi tëscht Galiléieschem Refrakter a Kepler-Refrakter. Zousätzlech optesch Elementer kënnen d'Bild beim Bléck duerch de Refrakter d'selwecht wéi d'Original ausriichten. De Stralegank am Refrakter kann duerch Spigele gefaalt ginn, fir trotz der laanger Brennwäit eng kuerz Bauform méiglech ze maachen.

Galiléiesche Refrakter[änneren | Quelltext änneren]

Stralegank an engem Galiléiesche Refrakter

De Galiléiesche Refrakter, och hollännesche Refrakter genannt, gouf vum hollännesche Brëllemaacher Hans Lipperhey ëm 1608 erfonnt an e bëssi méi spéit vum Galileo Galilei weiderentwéckelt. Et huet als Objektiv eng Sammellëns an als Okular eng Streelëns mat enger klenger Brennwäit. De Brennpunkt vum Objektiv a vum Okular falen op der Säit vum Observateur zesummen. Et huet e klengt Gesiichtsfeld, stellt d'Objeten awer riicht a säitenrichteg duer. Et gëtt haut beim Opereglas agesat. Well d'Okular eng negativ Brennwäit huet, muss et bannenzeg vun der Brennwäit vum Objektiv leien. Et entsteet kee reellt Tëschebild.

Kepler-Refrakter[änneren | Quelltext änneren]

Stralegank beim Kepler-Refrakter. D'Objektiv (1) mécht vum Objet (4) en ëmgekéiert, reellt Tëschebild (5), dat ee mam Okular (2) kuckt. D'A (3) gesäit e vergréissert, virtuellt Bild (6) a schäinbar kuerzer Distanz (gestréchelt Linn).

Als Kepler-Refrakter, och astronomesche Refrakter, bezeechent een e Refrakter, deen enger vum Johannes Kepler 1611 beschriwwener Bauweis gläicht. No där ass och d'Okular eng konvex Sammellëns, mat méi klenger Brennwäit. D'Okular an d'Objektiv stinn am Ofstand vun hiren addéierte Brennwäiten, d. h. hir Brennpunkte falen tëscht de Lënsen zesummen. D'Gesiichtsfeld ass méi grouss wéi beim Galiléiesche Refrakter. Ob de Johannes Kepler dëse Refraktertyp erfonnt hat, ass net sécher. Den éischten iwwerliwwerte Kepler-Refrakter gouf vum Jesuit Christoph Scheiner ëm 1613 gebaut.

Well sech de Stralegank am Refrakter kräizt, mécht d'Objektiv vum gekuckten Objet e säiteverkéiert Bild dat op der Kopp steet, an dat een duerch den Okular – nom Prinzip vun der Lupp – vergréissert gesäit.

Falrefrakteren[änneren | Quelltext änneren]

Falrefraktere mat 230 mm Lënsenduerchmiesser an 2058 mm Brennwäit

D'Falrefraktere sinn eng besonnesch Form vun Teleskop. De Stralegank gëtt meeschtens iwwer een oder zwéi Spigelen deviéiert, hie gëtt also quasi gefaalt. Déi verschidde Falvariante ginn dobäi dacks no hirem Konstrukteur oder nom baussenzegen Erschäinungsbild vum Teleskop genannt. Sou erënnert de Fagott-Refrakter (einfach Falung) un déi geknéckt Bauweis vum Musekinstrument mam selwechten Numm an den Newton-Refrakter (zweemol gefalt) wéinst sengem Okularabléck un de Spigelteleskop vum Newton. De Schaer-Refrakter ass duebel gefaalt an no sengem Konstrukteur genannt.

Coudé-Refrakter[änneren | Quelltext änneren]

Och beim Coudé-Refrakter gëtt de Stralegank vun zwéi Plangspigelen oder Prisme gefaalt. Dës dirigéieren d'Liicht duerch d'Montéierung op e Fokus dee seng Plaz net verännert. Virdeel vun dëser Bauaart ass d'Observatioun vun enger fester Plaz aus, déi ouni groussen Opwand mat Sëtzméiglechkeet, Hëllefsmëttelen an Aarbechtsdësch ausgerëscht ka ginn, während sech dat an der Regel relativ laangt Teleskop onofhängeg dovu beweegt. Nodeel ass déi, beim Schwenken oder Noféiere vum Teleskop, verursaachter Bilddréiung, sou datt astronomesch Fotoen nëmme mat kuerze Verschlosszäite méiglech sinn oder opwendeg Dréinoféierungen agebaut musse ginn. Well de Stralegank normalerweis duerch eng Achs vun der Montéierung gefouert gëtt, si meeschtens nëmme relativ grouss Instrumenter vun iwwer zirka 8 Zoll Ëffnung, als Coudé-Refrakteren ausgefouert.

De Coudé-System ass och bei Spigelteleskopen am Gebrauch.

Bauforme fir speziell Asäz[änneren | Quelltext änneren]

Ale Militärteleskop

Fir terrestresch Observatioune benotzt een

  • Jumelle: Et versteet een dorënner e kompakte Refrakter mat kuerzer Brennwäit mat Prismesystemer, déi en opgeriicht a säiterichtegt Bild liwweren. Sou Refrakteren hu meeschtens fir all A e separate Stralegank (Objektiv, Prismesystem an Okular).
  • Spektiv: relativ kompakt a robust Refraktere fir Observatioune mat engem A; Objektivduerchmiesser bis 100 mm
  • stationären Aussiichtsrefrakter: fir Natur- a Landschaftsobservatioun, z. B. bei markanten Aussiichtspunkten
  • Zilrefrakter: hunn eng kleng Vergréisserung bei héijer Liichtstäerkt.

Fir astronomesch Observatiounen:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Refrakteren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]