Lëschenhaus

Vu Wikipedia
D'Lëschenhaus

D'Lëschenhaus (an den 1970er Joren Loeschenhaus oder Löschenhaus geschriwwen), war eng barock Landvilla, déi zu der Abtei Iechternach gehéiert huet. Se stoung op der Gewan tëscht de Plaze mat de Flouernimm Schwaarzuecht a Lëschen, südlech vun Iechternach, um Fouss vum Bësch Haard.

D'Haus gouf 1676 vum Abt Philippe de la Neuveforge als eng Zort Erhuelungsheem fir d'Patere vun der Abtei gebaut. 1719 huet den Abt Mathias Hartz dat deemools schonn zimmlech delabréiert Gebai restauréiert. Seng definitiv Form krut et an de Jore 1748-1749, wéi den Abt Grégoire Schouppe zwéin Eckpavillonen drubaue gelooss huet.[1]

D'Gebai stoung am 20. Joerhonnert laang eidel a war zulescht am Besëtz vun der Gemeng Iechternach. De 17. Mee 1977 gouf et op Uerder vum Buergermeeschter Robert Schaffner ofgerappt, well et net an d'Konzept vum Centre récréatif gepasst huet, deem säin Haaptstéck den Iechternacher Séi sollt sinn.

An d'Plaz vum Lëschenhaus gouf eng "Pirateninsel" amenagéiert.

D'Diskussioun ëm d'Ofrappen huet d'Lëschenhaus zu enger Cause célèbre fir de Monumenteschutz zu Lëtzebuerg gemaach.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. M. Schmitt (1970): Die Bautätigkeit der Abtei Echternach im 18. Jahrhundert (1728-1793). Luxembourg, Ministère des Arts et Sciences, S. 189-190.
    R.M. Staud & J. Reuter (1952): Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg, St.Paulus Druckerei, S.170-172.
  2. À propos du „Löschenhaus“ et d'un article de Denis Scuto.