Lëscht vu lëtzebuergeschen Orchestergruppen

Vu Wikipedia

Orchestre de chambre du Luxembourg "Les musiciens"[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Kammerorchester "Les musiciens" ass e klassesche Kammerorchester, an deem ronn 40 Beruffsmuseker spillen. Gegrëndt gouf den Orchester am Joer 1974 vun enger Grupp vu lëtzebuergesche Musekstudenten. Well s'all ganz jonk waren, hu se sech "Ensemble Les jeunes musiciens" genannt. Si hunn uechter d'Land an iwwer d'Grenzen ewech gespillt, si hu vill Choralle begleet an hu sech lues a lues vergréissert. Vun 1985 bis 2000 huet de Pierre Cao den Orchester dirigéiert. Am Joer 2002 huet säin Elève, de Nicolas Brochot, d'Direktioun iwwerholl.

Zanter 2004 droen d'Musiciens offiziell den Titel « Orchestre de chambre du Luxembourg » a si hu schonn e puermol de Grand-Duc bei Staatsvisiten an d'Ausland begleet.

Mat senge wäit iwwer 650 Concerten huet den Orchester "Les musiciens" an de leschte Joerzéngten déi national a regional Museklandschaft e gutt Stéck méi räich gemaach.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Les musiciens.

Orchestre Symphonique "Le Cercle"[änneren | Quelltext änneren]

De Symphonieorchester "Le Cercle" ass 1910 zu Rëmeleng gegrënnt ginn. Den Orchester huet Concerte ginn, an Theater gespillt, ënner verschiddenen Dirigenten.

Säit 1994 huet de Georges Wagner (Chef adj. vun der Militärmusik e.r., Dirigent vun der Escher Stadtmusek säit 40 Joer 1971 -2011) den Dirigentestaf iwwerholl, an aus dem Amateur-Orchester ass e proffessionnellen Orchester ginn, den am ganze Land Concerten opféiert. De Repertoire féiert iwwer kleng Klassik, Operetten, Oper bis hin zu grousser Klassik, a Kierchemusek. Concerte mat Gesangs- oder Instrumentalsoliste stinn op der Dagesuerdnung.Och Lëtzebuerger Operette ginn opgefouert, net nëmmen instrumental.

Aconcagua[änneren | Quelltext änneren]

Aconcagua ass e Lëtzebuerger Quintett, deen zu Lëtzebuerg an am Ausland mat engem argentineschen Tango-Repertoire optrëtt. Dëse Quintett interpretéiert haaptsächlech d'Wierker vum Astor Piazzolla.

Kammer Musek Veräin Lëtzebuerg KMVL[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Veräi gëtt et zanter 1907, a besteet nach haut, woubäi se sech haut méi op instrumental Musek konzentréieren.

Les Solistes Européens[änneren | Quelltext änneren]

Les Solistes Européens sinn e professionellen Orchester deen 1989 gegrënnt gouf, a bis 2009 vum Jack Martin Händler geleet gouf. Si hunn eng international Renommée.

Estro Armonico[änneren | Quelltext änneren]

Estro Armonico am Juni 2013 bei engem Concert op der Plëss

Besteet zanter 1992 a gëtt vun Ufank u vum Guy Goethals geleet. Vill professionell Museker spillen an dësem Sträichorchester, dee sech jee no Wierkopféierung och an e Symphonieorchester verwandelt. Si triede mat Chorallen op a spille klassesch a Kierchemusek (Massen), och alt mol Musicals (z. B. mam Opus 78) oder Filmmusik (z. B. Les Nuits d'Arabie).

La Boca[änneren | Quelltext änneren]

Museksproffe spillen an dësem lëtzebuergesche Quintett wéi z. B. d'Vania Lecuit, de Jeannot Sanavia, de Sergio Tordini, de Janos Nadasi (Piano) an de Spiridigliozzi Maurizio (Akkordeon). Si spillen haaptsächlech Piazzolla, Sanavia, Spiridigliozzi a Vivaldi. Si konzentréiere sech op originell Kompositioune fir hir Besetzung. Grouss Optrëtter: Tufa (Tréier), Iechternacher Festival, Printemps musical Lëtzebuerg, Tango Festival Beetebuerg. Grouss Opféierungen: Concerto per fisarmonica e Quartetto Percussivo (Piazzolla a Spiridigliozzi), 4 Joreszäite vum Vivaldi a Spiridgliozzi

Just Born[änneren | Quelltext änneren]

Ass e Quartett: Chris Birch, Johanna Weirich, Radu (OPL). Si spillen anspruchsvoll a klassesch arrangéiert Wierker aus der fréier populärer US-amerikanescher Volleksmusek.

Collegium Musicum Luxemburgense[änneren | Quelltext änneren]

Ass en Ensembel, deen original: musique baroque op originalen Instrumenter virdréit. Besetzung: Uergel, Cembalo a kënschtleresch Leedung: Pierre Schwickerath; Gei: Johanna Weirich a Chris Birch (CB spillt och pardessus, diskant an tenor gamb), des Weideren 3 violes de gambe, 1 violone souwéi Laténgesch Gesangssolisten (S.A.T.B.).

Quatuor de Luxembourg[änneren | Quelltext änneren]

Professionell Museker: Osamu Yaguchi, éischt Gei; Barbara Witzel, zweet Gei souwéi Cello a Braatsch. Fokusséieren op zäitgenëssesch klassesch Sträichquartett-Kompositiounen, mat der Beméiung, och lëtzebuergesch Komponisten ze fuerderen. Bis elo 5 CD-en, hiren éischten CD mat ë. a. engem Wierk vum Walter Civitareale ass vu Pizzicato als "meilleur CD du mois" agestuuft ginn.