Lëscht vun de kënschtlechen Objeten um Äerdmound

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bléck op de Vollmound vun der Äerd

An der Lëscht vun de kënschtlechen Objeten um Äerdmound stinn déi meescht kënschtlech Objeten, déi op der Äerdmounduewerfläch opgeschloe sinn, oder do gelant an dobliwwe sinn. (Am éischte Fall sinn d'Objeten deelweis zerstéiert.) Net opgefouert si méi kleng Objete wéi zum Beispill d'Retroreflekteren an den ALSEP. Och feele kleng Objete vun den Apollo-Astronauten, wéi d'Golfbäll, déi vum Alan Shepard während der Apollo 14-Missioun geschloe goufen, Fändelen oder d'Skulptur Fallen Astronaut, déi vun der Besatzung vun Apollo 15 um Mound zréckgelooss goufen.

Fënnef Rakéitenuewerstufe vum Apollo-Programm sinn déi schwéierst Objeten. Während iwwer 180 Tonnen op de Mound bruecht goufen, sinn nëmmen 382 kg Moundgestengs vun den Apollo- a Luna-Missiounen op d'Äerd zréckbruecht ginn.

Déi eenzeg kënschtlech Objeten um Mound, déi nach benotzt ginn, sinn d'Retroreflektere fir d'LLR-Experiment aus dem Apollo-Programm.

D'Objete mat enger Positioun >90° Ost oder West sinn op der Äerdmoundrécksäit. Dat sinn: Ranger 4, Lunar Orbiter 1, Lunar Orbiter 2, Lunar Orbiter 3 an den Okina-Relaissatellit vun der Raumsond Kaguya. D'Objete sinn an der Reiefolleg vun hirem Opschlag resp. hirer Landung nummeréiert.

Lëscht[änneren | Quelltext änneren]

Nr. Objet Land Landung Mass (kg) Positioun Bemierkung Bild
1. Luna 2 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1959091313. September 1959 390 29,1° N, 0° W

Palus Putredinis

War déi éischt Raumsond, déi geziilt um Mound opgeschloen hat.
Luna 2.jpg
2. Drëtt Rakéitestuf vun der Wostok vu Luna 2 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1959091313. September 1959 91009.100 29,1° N, 0° W

Palus Putredinis

30 Minutten no Luna 2 och uewerhalb vum Palus Putredinis opgeschloen, tëscht de Krater Archimedes an Autolycus.
Vostok rocket model.jpg
3. Ranger 4 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1962042626. Abrëll 1962 331 12,9° S, 129,1° W Ranger 4 war trotz Feelschlag déi éischt US-Raumsond, déi d'Mounduewerfläch erreecht hat.
1964 71394L.jpg
4. Ranger 6 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

196402022. Februar 1964 381 9,4° N, 21,5° O

Mare Tranquillitatis

D'Kameraen hu sech virum Opschlag net aktivéiere gelooss.
GPN-2000-001979.jpg
5. Ranger 7 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1964073131. Juli 1964 366 10,6° S, 20,61° W

Mare Cognitum

D'Sond hat kuerz virum Opschlag 4.300 Biller iwwerdroen.
GPN-2000-001979.jpg
6. Ranger 8 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1965022020. Februar 1965 367 2,64° N, 24,77° O

Mare Tranquillitatis

Ranger 8 ass op de Mound opgeschloen. D'Sond hat 7.300 Biller iwwerdroen.
GPN-2000-001979.jpg
7. Ranger 9 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1965032424. Mäerz 1965 367 12,79° S, 2,36° W

Krater Alphonsus

Ass opgeschloen an hat 5.800 Biller iwwerdroen, déi och live an der US-Televisioun gewise goufen.
GPN-2000-001979.jpg
8. Luna 5 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1965051212. Mee 1965 14741.474 1,6° S, 25° W

Mare Nubium

D'Sond war op de Mound gestierzt, nodeem d'Buedemstatioun d'Kontroll iwwer d'Haaptdreifwierk verluer hat.
9. Luna 7 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 196510077. Oktober 1965 15041.504 9,8° N, 47,8° W

Oceanus Procellarum

Bei Luna 7 ass de Lagekontrollsystem virun der Landung ausgefall, sou datt d'Zündung vum Bremsdreifwierk net gaangen ass.
10. Luna 8 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 196512066. Dezember 1965 15501.550 9,6° N, 62° W

Oceanus Procellarum

D'Sond ass néng Sekonnen nom Zünde vum Bremsdreifwierk a Rotatioun komm an ass haart um Mound opgeschloen.
11. Luna 9 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 196602033. Februar 1966 15801.580 7,13° N, 64,37° W

Oceanus Procellarum

Déi éischt mëll Landung um Mound an der Geschicht vun der Raumfaart.
12. Luna 10 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1966053030. Mee 1966 16001.600 onbekannt Ass um Mound opgeschloen
Luna orbiter bus.jpg
13. Surveyor 1 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

196606022. Juni 1966 270 2,45° S, 43,22° W

Oceanus Procellarum

Surveyor 1 war déi éischt mëll Landung vun enger US-amerikanescher Sond um Mound. D'Sond hat ronn 6 Woche geschafft an hat 11.200 Biller iwwerdroen.
Surveyor NASA lunar lander.jpg
14. Surveyor 2 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1966092222. September 1966 292 4,0° S, 11,0° W

Mare Insularum

D'Sond war haart opgeschloen a gouf dobäi zerstéiert.
Surveyor NASA lunar lander.jpg
15. Lunar Orbiter 1 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1966102929. Oktober 1966 386 6,35° N, 160,72° O Vum 26. Moundëmlaf un, den 18. August, hat si ugefaange mat fotograféieren an hat virum Ofstuerz 229 Biller iwwerdroen.
Lunar orbiter 1 (large).jpg
16. Luna 11 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1966103131. Oktober 1966 16401.640 unbekannt War en Orbiter vun der verbesserter Serie E-6LF a gouf de 24. August 1966 gestart.
Luna-11 12.jpg
17. Luna 13 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1966122424. Dezember 1966 17001.700 18,87° N, 63,05° W

Oceanus Procellarum

Eng instrumentiell verbessert Versioun vu Luna 9.
18. Luna 12 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1967011919. Januar 1967 16701.670 onbekannt D'Widderhuelung vun der Missioun mat Luna 11, gestart den 22. Oktober 1966, war erfollegräich.
Luna-11 12.jpg
19. Surveyor 3 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1967042020. Abrëll 1967 281 2,99° S, 23,34° W

Oceanus Procellarum

Deeler vun der Sond goufe vun den Apollo 12-Astronauten demontéiert an op d'Äerd zréckbruecht.
Surveyor 3 on the Moon.jpg
20. Surveyor 4 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1967071717. Juli 1967 283 0,45° N, 1,39° W

Sinus Medii

Ass de 14. Juli 1967 gestart, eng Landung war awer net gelongen. D'Sond ass 3 Deeg méi spéit haart ogeschloen.
Surveyor NASA lunar lander.jpg
21. Surveyor 5 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1967091111. September 1967 281 1,42° N, 23,2° O

Mare Tranquillitatis

Hat bis de 17. Dezember 1967 19.000 Biller, Daten an eng analyséiert Buedemprouf iwwerdroen.
Surveyor NASA lunar lander.jpg
22. Lunar Orbiter 3 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1967101010. Oktober 1967 386 14,6° N, 97,7° W Wéinst en etleche Feelfunktioune gëllt de Lunar Orbiter 3 als net erfollegräich.
Lunar orbiter 1 (large).jpg
23. Lunar Orbiter 2 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1967101111. Oktober 1967 385 2,9° N, 119,1° O Hat bis zu sengem Opschlag 817 Biller iwwerdroen.
Lunar orbiter 1 (large).jpg
24. Lunar Orbiter 4 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1967103131. Oktober 1967 386 zw. 22° u. 30° W D'Sond hat 546 Biller geknipst. Doduerch gouf déi viischt Moundsäit bal vollstänneg an d'Récksäit zu ronn 3/4 erfaasst.
Lunar orbiter 1 (large).jpg
25. Surveyor 6 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1967111010. November 1967 282 0,53° N, 1,4° W

Sinus Medii

D'Sond hat 15.000 Biller a vill Daten iwwermëttelt. De 17. November 1967 gouf d'Dreifwierk vun der Sond nees gestart an d'Sond war dann 2,5 m méi wäit gelant.
Surveyor NASA lunar lander.jpg
26. Surveyor 7 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1968011010. Januar 1968 290 40,86° S, 11,47° W

Krater Tycho

D'Sond hat bis zum 21. Februar 1968 21.000 Biller geknipst.
Surveyor NASA lunar lander.jpg
27. Lunar Orbiter 5 Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1968013131. Januar 1968 386 2,8° S, 83,1° W 844 Biller goufen iwwerdroen, ënner anerem och vun der Moundrécksäit.
Lunar orbiter 1 (large).jpg
28. Luna 14 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1968 16701.670 onbekannt Mat der Sond gouf ënner anerem e Kommunikatiounssystem fir e bemannte sowjetesche Mondprogramm getest souwéi weider wëssenschaftlech Experimenter duerchgefouert.
Luna-11 12.jpg
29. Apollo 10 LEM Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1969052222. Mee 1969 22112.211 onbekannt Nom Erreeche vun der Moundëmlafbunn goufen all d'Manöveren duerchgefouert, wéi se fir déi reell Landung vun Apollo 11 geplangt waren.
LM illustration 02.jpg
30. Apollo 11 LEM Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1969072020. Juli 1969 20342.034 0° 40' 26.69" N,
23° 28' 22.69" O [1]

Mare Tranquillitatis

Déi éischt bemannt Landung um Mound. Éischten Transport vu Moundgestengs op d'Äerd.
Bean Descends Intrepid - GPN-2000-001317.jpg
31. Luna 15 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1969072121. Juli 1969 27182.718 17° N, 60° O

Mare Crisium

Déi éischt Sond vun der Serie E-8-5 hätt solle virun den Amerikaner Moundgestengs op d'Äerd zréckbréngen.
Luna-16.jpg
32. Apollo 11 LEM Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1969072121. Juli 1969 21842.184 onbekannt D'Fär hat an eng Moundëmlafbunn geschwenkt an duerno nees un d'Kommandokapsel ugekoppelt. No der Trennung ass den LEM op der Mounduewerfläch opgeschloen.
LM illustration 02.jpg
33. Apollo 12 LEM (Intrepid) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1969111919. November 1969 22112.211 2,99° S, 23,34° W [2]

Oceanus Procellarum

Zweet bemannt Moundlandung. D'Landeplaz war sou gewielt, datt Experimentresultater vum Surveyor 3 opgeholl konnte ginn.
Bean Descends Intrepid - GPN-2000-001317.jpg
34. Apollo 12 LEM (Intrepid) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1969112020. November 1969 21642.164 3,94° S, 21,2° W

Mare Insularum

Intrepid ass mat 1,5 km/s Vitesse ronn 72 km vum Seismometer opgeschloen. D'Date vum Moundbiewe goufe vum ALSEP direkt op d'Äerd weider gefunkt.
LM illustration 02.jpg
35. Apollo 13 S-IVB (S-IVB-508) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1970041414. Abrëll 1970 1345413.454 2,75° S, 27,86° W

Oceanus Procellarum

Den Aschlag war wéi eng Sprengwierkung vu gutt 10 t TNT. No ronn 30 Sekonnen hat dee vun Apollo 12 opgestallte Seismometer den Aschlag registréiert.
As7-3-1545.jpg
36. Luna 16 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1970092020. September 1970 5727< 5.727 0,68° S, 56,3° O

Mare Fecunditatis

War déi éischt sowjetesch Missioun, déi Moundgestengs mat op d'Äerd bruecht hat.
Luna-16.jpg
37. Luna 17 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1970111717. November 1970 48444.844 38,28° N, 35,0° W

Mare Imbrium

Hat Lunochod 1 ofgesat, den éischte ferngesteierte Rover op engem aneren Himmelskierper.
Lunakod landing bus-Luna17.jpg
38. Lunochod 1 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1970111717. November 1970 756 38,32507°N, 36,9949°W De Rover leet 10.540 m zréck, iwwerdréit méi wéi 20.000 Biller, iwwer 200 Panoramaen an hat iwwer 500 Buedemprouwen ënnersicht.
39. Apollo 14 S-IVB (S-IVB-509) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

197102044. Februar 1971 1401614.016 8,09° S, 26,02° W[3]

Mare Cognitum

Opschlag fir e seismescht Experiment.
As7-3-1545.jpg
40. Apollo 14 LEM (Antares) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

197102055. Februar 1971 21442.144 3° 38' 43,08" S,
17° 28' 16,90" W [4]

Fra-Mauro

Drëtt bemannt Moundlandung, als Zil war d'Fra-Mauro-Héichland uviséiert, dat eigentlech vun Apollo 13 besicht sollte ginn.
Bean Descends Intrepid - GPN-2000-001317.jpg
41. Apollo 14 LEM (Antares) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

197102077. Februar 1971 21322.132 3,42° S, 19,67° W

Oceanus Procellarum

De Shepard ass éischte Golfspiller um Mound.
LM illustration 02.jpg
42. Apollo 15 S-IVB (S-IVB-510) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1971072929. Juli 1971 1403614.036 1,51° S, 17,48° W

Fra Mauro

Opschlag op der Mounduewerfläch fir e seismescht Experiment.
As7-3-1545.jpg
43. Apollo 15 LEM (Falcon) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1971073131. Juli 1971 28092.809 26° 7' 55,99" N,
3° 38' 1,90" O [5]

Hadley-Rill

Véiert bemannt Moundlandung.
Bean Descends Intrepid - GPN-2000-001317.jpg
44. Apollo 15 Lunar Roving Vehicle Flag of the United States.svg USA

(NASA)

197108022. August 1971 462 26,08° N, 3,66° O

Hadley-Rill

Éischte Moundauto. Wéi d'Crew de Moundauto montéiert hat, huet de Scott misste feststellen, datt d'Steierung defekt war.
Apollo15LunarRover.jpg
45. Apollo 15 LEM (Falcon) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

197108033.August 1971 21322.132 26,36° N, 0,25° O

Palus Putredinis

Opschlag op der Mounduewerfläch.
LM illustration 02.jpg
46. Luna 18 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1971091111. September 1971 56005.600 3,57° N, 56,5° O

Mare Fecunditatis

Huet bei der Landung keen Toun méi vu sech ginn an ass ëmgekippt oder beschiedegt ginn.
Luna-16.jpg
47. Luna 20 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1972022121. Februar 1972 5727< 5.727 3,53° N, 56,55° O

Apollonius-Héichland

Ass ongeféier 1800 m vu Luna 18 ewech gelant an hëlt 55 g Buedemprouwen, well de Buerer nëmme 15 cm déif andrénge konnt.
Luna-16.jpg
48. Apollo 16 LEM (Orion) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972042020. Abrëll 1972 27652.765 8° 58' 22,84" S,
15° 30' 0,68" O [6]

Descartes-Héichplateau

Fënneft bemannt Landung um Mound. Zil war d'Cayley-Héichland, an der Géigend vum Descartes-Krater.
Bean Descends Intrepid - GPN-2000-001317.jpg
49. Apollo 16 Lunar Roving Vehicle Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972042424. Abtëll 1972 462 8,97° S, 15,51° O

Descartes-Héichplateau

Zweete Moundauto, hat 26,6 Kilometer zréckgeluecht.
Young and Rover on the Descartes (crop).jpg
50. Apollo 16 LEM (Orion) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972042424. Abrëll 1972 21382.138 onbekannt Opschlag op der Mounduewerfläch.
LM illustration 02.jpg
51. Apollo 16 S-IVB (S-IVB-511) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972042929. Abrëll 1972 1400214.002 1,3° N, 23,9° W

Mare Insularum

Opschlag op der Mounduewerfläch fir e seismescht Experiment.
As7-3-1545.jpg
52. Apollo 16 Subsatellit Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972052929. Mee 1972 42 onbekannt
Apollo subsat.png
53. Explorer 49 (RAE-B) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972052929. Mee 1972 328 onbekannt Gouf op eng Moundëmlafbunn bruecht an hat Ënnersich vu Radiostralung an engem Frequenzberäich vu 25 kHz bis 13,1 MHz gemaach.
RAE B.jpg
54. Luna 19 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1972093030. September 1972 56005.600 onbekannt Et war e Moundorbiter. En hat e Lunochod ouni Rieder an e Moundorbit bruecht an dee mat weideren Experimenter ausgerëscht.
Luna-22.jpg
55. Apollo 17 S-IVB (S-IVB-512) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972121010. Dezember 1972 1396013.960 4,21° S, 22,31° W Opschlag op der Mounduewerfläch fir e seismescht Experiment.
As7-3-1545.jpg
56. Apollo 17 LEM Abstiegsstufe (Challenger) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972121111. Dezember 1972 27982.798 20° 11' 26,88" N,
30° 46' 18,05" O [7]

Taurus-Littrow

Sechst a bis elo lescht bemannt Moundlandung.
Bean Descends Intrepid - GPN-2000-001317.jpg
57. Apollo 17 Lunar Roving Vehicle Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972121414. Dezember 1972 462 20,17° N, 30,77° W

Taurus-Littrow

Drëtte Moundauto, am Géigesaz zu fréieren Asätz keng Defekter an der Steierung.
Lunar Rover Apollo 17.jpg
58. Apollo 17 LEM (Challenger) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1972121515. Dezember 1972 21502.150 19,96° N, 30,50° O

Taurus-Littrow

Opschlag um Mound.
LM illustration 02.jpg
59. Luna 21 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1973011515. Januar 1973 47274.727 25,85° N, 30,45° O

Krater Le Monnier

War de Lander vu Lunochod 2
Lunakod landing bus-Luna17.jpg
60. Lunochod 2 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1973011515. Januar 1973 840 25,47° N, 30,54° O

Krater Le Monnier

Obschonn déi Missioun nëmme fënnef Méint gedauert hat, hat de Rover iwwer 37 km zréckgeluecht.
61. Apollo 15 Subsatellit Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1973012222. Januar 1973 36 onbekannt
Apollo subsat.png
62. Explorer 35 (IMP-E) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1973062424. Juni 1973 104 onbekannt Satellit fir d'Erfuersche vum Magnéitfeld am Moundorbit.
IMP-E.jpg
63. Luna 23 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 197411066. November 1974 56005.600 13° N, 62° O Bei der Landung war de Buer beschiedegt ginn, sou datt keng Buedemprouwe konnte gemaach ginn.
64. Luna 22 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 197511022. November 1975 40004.000 onbekannt Hat bis den 2. September 1975 am Moundorbit geschafft.
Luna-22.jpg
65. Luna 24 Flag of the Soviet Union.svg UdSSR 1976081818. August 1976 5800< 5.800 12,75° N, 62,2° O

Mare Crisium

Déi lescht Luna-Sond, si hat 170 g Moundgesteng op d'Äerd bruecht.
66. Hiten Orbiter (Hagoromo) Flag of Japan.svg Japan

(ISAS)

1990031919. Mäerz 1990 12 onbekannt Duechtersond vun Hiten.
Hiten.gif
67. Hiten Flag of Japan.svg Japan

(ISAS)

1993041010. Abrëll 1993 143 34,3° S, 55,6° O Et hat sech hei ëm en Technologieexperiment gehandelt. D'wëssenschaftlech Missioun vun der Sond hat sech beschränkt op d'Miessung vum kosmesche Stëbs tëscht Äerd a Mound mëttels dem Munich Dust Counter. [1]
Hiten.gif
68. Lunar Prospector Flag of the United States.svg USA

(NASA)

1999073131. Juli 1999 126 87,7° S, 42,1° O Den Orbiter war mat sechs wëssenschaftlechen Experimenter ausgerüst.
Lunar Prospector orbiter.jpg
69. SMART-1 Flag of Europe.svg ESA 200609033. September 2006 307 34,24° S, 46,12° W

Lacus Excellentiae

En Haaptzil vun der Missioun war et, en neiaartegen, solarelektresch bedriwwene Ionenundriff an nei Navigatiouns- a Kommunikatiounstechniken ze testen.
70. Chandrayaan-1 Moon Impact Probe Flag of India.svg Indien

(ISRO)

2008111414. November 2008 29 [8] 89,9° S, 0,0° O

Shackleton-Krater

Op der MIP war e Massespektrometer, eng Videokamera an e Radar-Héichtemiesser agebaut ginn.
Chandrayaan-1.jpg
71. Kaguya Subsatellit (OKINA) Flag of Japan.svg Japan

(JAXA)

2009021212. Februar 2009 53 28,2° N, 159,0° W

no beim Mineur Krater

De Relaissatellit gouf fir d'Weiderleede vum Signal tëscht dem Orbiter an der Äerd gebraucht.
72. Chang'e-1 Flag of the People's Republic of China.svg China

(CNSA)

200903011. Mäerz 2009 23502.350 1,5° S, 52,36° O

Mare Fecunditatis

Et sollten Technologie fir zukënfteg Missioune getest souwéi d'Beschafenheet vun der Mounduewerfläch an dem Gestengs studéiert ginn.
Chang e 1.jpg
73. Kaguya Flag of Japan.svg Japan

(JAXA)

2009061010. Juni 2009 17201.720 80,4° O, 65,5° S

Krater Gill

Hat déi éischt HDTV-Biller vum Mound gemaach, eng erfollegräich Missioun.
74. Centaur-Uewerstuf Flag of the United States.svg USA

(NASA)

200910099. Oktober 2009
11:31 UTC
19301.930 84.675° S, 48.725° W

Cabeus

D'Centaur-Uewerstuf war mat enger Vitesse vun 2,5 km/s ongebremst an engem Wénkel vu ronn 70° op de Mound gestierzt. Centaur upper stage of Atlas V rocket.jpg
75. LCROSS Flag of the United States.svg USA

(NASA)

200910099. Oktober 2009
11:35 UTC
585585 84.729° S, 49.36° W

Cabeus

Opschlag ongeféier véier Minutten no der Centaur-Uewerstuf, konnt beim Duerchfléie vun der Wollek wëssenschaftlech Daten iwwer hir Zesummesetzung gewannen an an Echtzäit op d'Äerd funken. LCROSS Centaur.jpg
76. GRAIL A („Ebb“) Flag of the United States.svg USA

(NASA)

2009100917. Dezember 2012
22:28:51 UTC
585133 75.620° N, 26.630° W

Moundnordpolregioun, tëscht Philolaus a Mouchez

D'Raumsond war zum plangméissege Missiounsenn mat engem onbenannte Bierg kollidéiert. D'Plaz vum Aschlag gouf vun der NASA no der verstuerwener Astronautin Sally Ride genannt. GRAIL space probes on top of the second stage of their Delta IIH before encapsulation.jpg
77. GRAIL B ("Flow") Flag of the United States.svg USA

(NASA)

2009100917. Dezember 2012
22:29:21 UTC
585133 75.620° N, 26.630° W

Moundnordpolregioun, tëscht Philolaus a Mouchez

D'Raumsond war zum plangméissege Missiounsenn mat engem onbenannte Bierg kollidéiert. D'Plaz vum Aschlag gouf vun der NASA no der verstuerwener Astronautin Sally Ride genannt. GRAIL space probes on top of the second stage of their Delta IIH before encapsulation.jpg
Total Mass (kg): 190.285

Billergalerie[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]