Lëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest

Vu Wikipedia
Lëtzebuerg
1956–58, 1960–93, 2024
Sender: RTL
Éischt Participatioun: 1956
Zuel vu Participatiounen: 38
Héchst Placéierung: 1. (1961, 1965, 1972, 1973, 1983)
Héchst Punktenzuel: 143 (1983)
Niddregst Punktenzuel: 0 (1970)
Punktenduerchschnëtt: 49,21

Dësen Artikel gëtt eng Iwwersiicht vun alle lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest.

Lëtzebuerg ass ee vun de siwe Grënnungsmembere vum Eurovision Song Contest, deen 1956 déi éischt Kéier zu Lugano organiséiert gouf. Meeschtens huet de Grand-Duché Sängerinnen a Sänger aus Frankräich, der Belsch an aus Däitschland fir sech optriede gelooss. D'Lëtzebuerger Museker hunn och beim Grand Prix vertrueden, awer just zéngmol, an de Joren 1960, 1962, 1968, 1971, 1984, 1989, 1991, 1992, 1993 an 2024, a gewéinlech ouni grousse Succès. Zweemol (1960, 1992) hunn d'Lidder op Lëtzebuergesch gesongen, an am Joer 1993 war d'Lidd "Donne-moi une chance" béid op Franséisch a Lëtzebuergesch.

Fënnefmol huet Lëtzebuerg gewonnen: 1961 mam Jean-Claude Pascal (mam Lidd "Nous les amoureux"; 1965 mat der France Gall (mam Lidd "Poupée de cire, poupée de son", geschriwwe vum Serge Gainsbourg); 1972 huet d'Vicky Leandros bei hirer zweeter Participatioun fir Lëtzebuerg mam Lidd "Après toi" gewonnen; am Joer drop huet d'Anne-Marie David mat hirem Lidd "Tu te reconnaîtras" fir d'Land gewonnen. Fir d'lescht huet d'Corinne Hermès 1983 zu München mat "Si la vie est cadeau" gewonnen. Lëtzebuerg huet zanter 1994 net méi un der Eurovisioun deelgeholl.

Joer Interpret Titel Plaz Punkten
1956 Michèle Arnaud Les amants de minuit
Ne crois pas
   
1957 Danièle Dupré Amours mortes (Tant de peine) 4. 8
1958 Solange Berry Un grand amour 9. 1
1959 --- ---    
1960 Camillo Felgen Sou laang wéi s du do bass 13. 1
1961 Jean-Claude Pascal Nous les amoureux 1. 31
1962 Camillo Felgen Petit bonhomme 3. 11
1963 Nana Mouskouri À force de prier 8. 13
1964 Hugues Aufray Dès que le printemps revient 4. 14
1965 France Gall Poupée de cire, poupée de son 1. 32
1966 Michèle Torr Ce soir je t'attendais 10. 7
1967 Vicky Leandros L'amour est bleu 4. 17
1968 Chris Baldo & Sophie Garel Nous vivrons d'amour 11. 5
1969 Romuald Catherine 11. 7
1970 David Alexandre Winter Je suis tombé du ciel 12. 0
1971 Monique Melsen Pomme, pomme, pomme 13. 70
1972 Vicky Leandros Après toi 1. 128
1973 Anne-Marie David Tu te reconnaîtras 1. 129
1974 Ireen Sheer Bye, bye, I love you 4. 14
1975 Geraldine Toi 5. 84
1976 Jürgen Marcus Chansons pour ceux qui s'aiment 14. 17
1977 Anne-Marie B. Frère Jacques 16. 17
1978 Baccara Parlez-vous français? 7. 73
1979 Jeane Manson J'ai déjà vu ça dans tes yeux 13. 44
1980 Sophie & Magaly Papa Pingouin 9. 56
1981 Jean-Claude Pascal C'est peut-être pas l'Amérique 11. 41
1982 Svetlana Cours après le temps 6. 78
1983 Corinne Hermès Si la vie est cadeau 1. 142
1984 Sophie Carle 100% d'amour 10. 39
1985 Margo, Franck Olivier, Diane Solomon,
Ireen Sheer, Malcolm Roberts & Chris Roberts
Children, Kinder, enfants 13. 37
1986 Sherisse Laurence L'amour de ma vie 3. 117
1987 Plastic Bertrand Amour, Amour 21. 4
1988 Lara Fabian Croire 4. 90
1989 Park Café Monsieur 20. 8
1990 Céline Carzo Quand je te rêve 13. 38
1991 Sarah Bray Un baiser volé 14. 29
1992 Marion Welter & Kontinent Sou fräi 21. 10
1993 Modern Times Donne-moi une chance 20. 11
Keng Participatiounen tëscht 1994 an 2023 nach mat
2024 Tali Fighter . .

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]