Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten ass en Deel vun de Referenztabellen.
[änneren] A
- En A op ee geheien (an ee verléift sinn)
- Een am A behalen (op een oppassen, een observéieren)
- Mam lénksen A an déi riets Täsch kucken (balucken)
- En A zoudrécken (maache wéi wann een eppes net gesinn/an Uecht geholl hätt)
- Een op d'A drécken (een uschmieren)
- Do ginn engem d'Aen op wéi Ginzescheeken
- Sech wéi d'Aaxt am Bësch behuelen (sech total derniewent behuelen)
- Se net méi all hunn (eppes Oniwwerluechtenes, Verrécktes maachen)
- Näischt gesot ass och eng Äntwert
- Äppel a Bire vergläichen (zwou Saache matenee vergläichen déi näischt mateneen ze dinn hunn)
- Den Aarsch op hunn (se net méi all hunn)
- Den Aarsch oprappen (ee vernennen)
- En Aarsch wéi e Brauereispäerd hunn
- Een Aarschkrécher (een, deen iwwerméisseg schmeechelt)
- Briech der d'Auer net (ëmmer mat der Rou, iwwerhuel dech net)
[änneren] B
- D'Baach eragoen (wann aus eppes näischt gëtt, zerstéieren, futti maachen, eppes verléieren)
- Bal ass keng Maus an der Fal
- Een op de Bam dreiwen (ee rose maachen)
- Duerch d'Bascht sinn (sech ewech maachen, fort goen)
- Sech de Batti stellen (sech den Domme stellen, Topegkeete maachen)
- Engem de Bauch pinselen (engem schmeechelen)
- Vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn (eppes net erkennen obwuel et no läit)
- Béimescht Duerf
- D'Bengele bei d'Tromm geheien (ophalen, opginn)
- Am Bësch sinn (näischt matkréien)
- Keen Holz mat an de Bësch huelen
- Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et erëm
- Déi Gutt sinn déi Bescht an du bass där keen (auswäichend Äntwert op eng generell Fro)
- De Bëseler hunn (wibbeleg, nervös sinn)
- Sech wéi e Bettseecher schummen
- Iwwert de Bierg sinn (wann et engem besser geet)och: iwwer dem Kand sinn
- Aus Maulefskéip Bierger maachen (iwwerdreiwen)
- Léie wéi e Biischtebënner
- Saufe wéi e Biischtebënner
- Kee Blat virun de Mond huelen (riicht eraus schwätzen)
- Blech schwätzen (Dommheeten erzielen)
- Blo a rout ass Baueremoud (eppes passt net zesummen)
- Bludde ewéi e Rand
- Blutt geleckt hunn (wann ee sech mat eppes befaasst, dat een duerno net méi lass léisst)
- Engem weise wou de Bock d'Lach huet
- Rutsch mer dach de Bockel erof (du kanns mech emol)
- De Botter vun der Schmier rappen
- Si huet d'Box un (d'Fra ass Meeschter am Stot)
- Nëmmen eng Box am Aarsch gehat hunn (Fréier ganz onbemëttelt gewiescht sinn)
- Engem duerch siwe Boxen an den Aarsch kucken (Onverschimmt indiskret sinn)
- D'Box voll hunn (Angscht hunn, es genuch hunn)
- Ëm de Bräi fueren (net riicht eraus froen)
- Engem mol de Brëll opdoen (Een emol richteg opklären)
- Brëlle wéi e Mauliesel (haart jäizen)
- Eng Briquette bäileeën
- Brenne wéi Zitz (eppes wat ganz liicht a séier brennt)
- Eng mat der Broutschéiss hunn (se net méi all hunn)
- Sech een/eppes op d'Broscht huelen (sech mat eppes intensiv beschäftegen)
- En ass Buergermeeschter ginn (en huet den Heewon ëmgetippt)
- Kloer wéi Bullettszopp (ganz kloer)
- Wat de Bauer net kennt dat frësst en net (ni eppes neies ausprobéiere wëllen)
- A ratsch mat der Bom duerch d'Kichen.
[änneren] C
- Wéi e Camioun kucken (verwonnert sinn)
[änneren] D
- Eng mat der Dänn hunn (verréckt sinn)
- Mat der Dier an d'Haus falen (eppes ganz ondiplomatesch riichteraus soen)
- Ee virun d'Dier setzen (een aus der Wunneng geheien)
- Viru senger eegener Dier kieren (sech ëm seng eege Saache bekëmmeren)
- Gi mer virun d'Dier? Oder soll ech den Trottoir rabréngen? (wann een eng Kläpperei well ufänken)
- Domm gaang
- Domm gebuer, näischt geléiert an d'Halschent vergiess
- Domm si wéi siwe Schëppe Kazebräi
- Domm si wéi siwe Sai knaschteg
- Domm wi Stréi
- En ass en Dräibiz
- am Donkelen ass gutt monkelen
- am Donkele fëschen
- Dronkenellen ausgoen
- Iwwert den Duuscht gedronk
- Eng am Been hunn
- Eng am Biz
- Eng am Kanelli
- De Känki voll
- D'Panz voll
- Schif gelueden
- De Känki gediebelt
- Eng am Ginz
- Engem en Dar am A sinn (et geet deem net, et passt deem net)
[änneren] E
- Engem gläiche wéi een Ee deem aneren (bal d'selwecht ausgesinn)
- Den Eefalt markéieren
- Engem den Eefalt stäipen (ee (finanziell) ënnerstëtzen, obwuel deen den Eefalt markéiert)
- En Eck ewech hunn (verréckt sinn)
- Een ëm den Eck bréngen
- Eppes aus dem Effeff kënnen
- Elle wéi d'Nuecht sinn (net schéi sinn)
- Ëmgedréint ass och gefuer (et geet och anescht)
- Mat den Enner zesummekommen
- Sech an eppes erareiden (an eng komplizéiert Situation geroden)
[änneren] F
- Faarf bekennen (soen zu weem een hält)
- Dat schléit dem Faass de Buedem aus
- Dat bréngt d'Faass zum Iwwerlafen
- Duerch d'Fale léieren d'Kanner goen
- De Fanger nach an d'Wonn leeën (eppes nach méi schlëmm maache wéi et schonn ass)
- Engem e Fanger maachen
- Op d'Fangere kucken
- Duerch d'Fangere kucken
- Seng Fangeren am Spill hunn (eppes mat eppes ze dinn hunn)
- Op eppes passe wéi d'Fauscht op d'A (gutt beienee passen)
- Feier an der Box hunn
- Feier a Flam sinn (begeeschtert vun eppes sinn)
- Rëm op d'Féiss falen
- Mat zwéi Féiss um Buedem stoen (e gesonde Mënscheverstand hunn)
- Kal Féiss kréien
- Fëmme wéi e Schaaschtesch
- Fëmme wéi en Tierk
- D'Fléi néitzen héiren (luusseg sinn)
- Fräschen am Bauch hunn
- De Fuedem verléieren (duerch eppes gestéiert ginn, an doduerch net méi wëssen, wat ee soen oder maache wollt.)
- E Fouss hannebäi kréien (kee Merci kréien)
- Kee Fouss faassen
- E Fuerz queesch hunn
- E Fuerz am Kapp hunn
- maach lo hei keng Fisematenten
[änneren] G
- Laache wéi e Geck
- Gecke sinn och Leit, just keng wéi déi aner
- Gedeessems maachen (eppes opféieren)
- Vun allen gudde Geeschter verlooss sinn (verréckt sinn)
- Gehäit sinn
- Géi mat Gott, awer géi
- Vill Geschwätz a wéineg Fett mécht moer Zoppen
- Gestengegt ginn (Grouss Virwërf gemaach kréien)
- An d' Gette goen (vu Schwächt zesummebriechen)
- Getten zéien (fortlafen)
- En huet an de giischter Pëtz gekuckt (bezeechent e liichtgleewege Mënsch)
- D'Gléck geet dem Soff no.
- Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen
- An d'Gras bäissen (stierwen)
- D' Gras wuessen héieren
- Gréngs glëschten
- Hues de schonns ee grénge Fuuss gesinn??
[änneren] H
- Keng Hamen a keng Mamen hunn
- Vun der Hand an de Mond liewen (näischt op d'Säit leeën, all Su ausginn)
- Vun der Hand an den Zand liewen (näischt op d'Säit leeën, all Su ausginn)
- D'Hand iwwer een halen
- Eng Hand wäscht déi aner
- Aus der Haut fueren
- Een hanne lecken
- Senger Hänn kee Rod wëssen
- Hätten an hate sinn zwéin aarm Staaten
- Net vun der Heck gepléckt sinn
- An d'Héiluucht goen
- Eng Laach hu wéi eng Héngerseech
- Mengen et hätt een der Herrgott mat der décker Zéif (menge wat wonnesch datt een hätt)
- vun Hippchen op Hapchen sprangen
- Hoer op der Zong hunn
- Falschen Hond
- Den Hond hänke goen (auswäichend Äntwert op d'Fro wou een higeet)
- Do läit den Hond begruewen
- Dem Honn hanne leien
- Bekannt sinn, wéi e bonten Hond
- Engem geet den Hutt héich
- et gëtt Holz op e getässelt
[änneren] I
- Véirel op kal Ierbessen, wa se waarm si kriss de se z'iessen (auswäichend Äntwert op d'Fro wéivill Auer et ass)
[änneren] J
- Zu eppes Jo an Amen soen
- Mäi léiwe Jolli
- Soss hëlt dech der Jomer
[änneren] K
- Kabes schwätzen
- Un engem sengem Käfeg rabbelen
- Esouvill vun eppes verstoe wéi d'Kallef vun der Houmass
- Kalenneren (mat de Gedanke vun eppes net méi lass kommen; däitsch: grübeln)
- D'Kanner kommen éischter wéi d'Renten
- Wat ee net am Kapp huet, dat huet een an de Been
- Kapp a Fouss hunn
- Kapp an Aarsch matenee sinn
- Dat huet kee Kapp a kee Schwanz!
- Mam Kapp duerch d'Mauer goen
- Säi Kapp a Rou leeën
- Iwwerall derbäi si wou eng Kaz geschleeft gëtt
- Leck d'Kaz an der Täsch
- Leck d'Kaz do wou se keng Buuschten huet
- Fir d'Kaz sinn
- D'Kaz duerch Baach schleefen
- Do fënnt keng Kaz hir Jonger méi erëm (do fënnt ee guer näischt méi erëm)
- Eng Kaz am Sak kafen
- Goe wou de Keeser zu Fouss geet (op d'Toilett goen)
- Sech op de Kënn späitzen
- De Kéis hunn (d'Flemm mat eppes hunn)
- De Kéis kréien (vernannt ginn)
- Aus der Këscht sprangen (plëtzlech d'Beherrschung verléieren a ganz rose ginn)
- Maachen datt d'Kierch am Duerf bleift
- D'Kierch am Duerf loossen (net iwwerdreiwen)
- Arem wéi eng Kierchemaus
- Wen op d'Kiermes geet, verléiert seng Plaz
- Mat him ass et net gutt Kiischten iessen
- Gewuer gi wat d'Pond Kiischte kascht
- Ënner aller Klarinett sinn (ganz schlecht sinn)
- Net aus de Kleeder kommen
- Nach un de Kleesche gleewen (naiv sinn)
- Deen huet d'Klibbersuen nach an der Täsch (deen ass knéckeg)
- Eppes iwwert de Knéi briechen
- D'Knëppele bei d'Tromm geheien (opginn)
- Mat engem Kopp an Oarsch sinn (mat engem eng onzertrennlech Frëndschaft hunn)
- Dra kucke wéi eng Kou, déi an d'Baach pisst
- Kraache Kar (een deen al, teekelech a kränklech ass)
- D'Kräiz iwwert eppes maachen
- Do läit d'Kromm an der Heck
- Engem e Kuerf ginn (engem Freier oder enger Freiesch nee soen oder e/se verloossen)
- Bäi engem duerch de Kuerf sinn (bei engem näischt méi ze radetten hunn)
- Kuuschteg sinn (oder: ginn)
- Mir wäerten dat Kand scho schaukelen
- Kotzeg ginn (beleidegt ginn)
- Hien ass gescheit wéi e Koup Kräsi
- En Aarsch wéi e Kasärestack hunn
[änneren] L
- Um leschte Lach päifen
- An d'Lach kucken
- Engem Lächer an de Bauch froen
- Et ass net d'Lämmchen, wéi en de Pelz dréit
- Vum Lämmes gebass sinn
- Mat sengem Latäin um Enn sinn
- Iwwert ee Leescht gezu sinn
- Een éiweg um Läpp hunn (Een ëmmer hanneru sech hunn an em net lass ginn)
- D'Läppen henke loossen (traureg sinn)
- De Läffel ofginn
- Ee lénks leieloossen
- Engem d'Levite liesen
- Léie wéi gedréckt
- Ee bei d'Lisett loossen
- E Luussert sinn
[änneren] M
- Sech de schéine Männche maachen
- O Mamm, o Kanner!
- Een op d'Maul schloen, datt d'Zänn em am Aarsch Piano spillen
- Wëssen, wou een der Méck d'Blutt hëlt
- Eng Méck maachen
- Ugi wéi e Sak voll plakeg Mécken
- Ëmfale wéi d'Mécken
- Nuets vu plakege Mécke dreemen
- Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee
- Da meng alt!
- Een dee mengt, dee weess näischt (een dee seet "ech mengen", deen ass sech net sécher vun deem wat en erzielt)
- Midd wéi siwe Mikkimausen
- Mir näischt, dir näischt (einfach esou, klammheemlech)
- Moie Misch!
- Et ass ee wéi der Giedel hire Mischi
- Hannert dem Mound liewen (net Bescheed wëssen, net um aktuelle Stand sinn)
- Mir fäerten keng Maus, a wann et e Ridd wier!
- Si sinn am Gaang ze maulafen
[änneren] N
- Neel mat Käpp maachen
- Nidderträchteg si wéi en Iesel voller Fierz
- Glat ewéi en Nonnebauch
- Nonnefleesch u sech hunn
- Eng op d'Noss kréien (oder: engem eng op d'Noss ginn)
- Dat preisescht Nuesschnappech huelen
[änneren] O
- D'Kar virun den Ochs spanen
- Do stoen wéi den Ochs virum Bierg
- Säin Otem spueren
- Ganz Ouer sinn
- Sech eppes hannert d'Ouere schreiwen
- Nach net dréchen hannert den Ouere sinn
- Nach gréng hannert den Oueren sinn
- Schreif dir et hannert d'Oueren
[änneren] P
- Op d'héicht Päerd klammen (oder: um héije Päerd sinn) (sech opbauschen, sech eräiferen, keng Widderried akzeptéieren)
- Säi Pak huelen (opginn)
- Säi Pak maache (fortgoen)
- Engem de Paltong zéien
- Eng mat der Pan hunn
- D'Pans gerappt kréien (oder: eng Pansrappecht kréien) (vernannt ginn)
- DPans schwenken (zum Beschte ginn)
- Et sinn der méi am Patt erdronk ewéi am Pull (den Alkohol fuerdert méi Doudesaffer wéi d'Mier)
- Mengen, et misst een an e Patt fuerzen
- Gerëscht wéi e Pëngschtochs
- Géi dohinner, wou de Peffer wiisst!
- Säi Pefferkär bäiginn
- Mat allem Pipapo
- Eng Piss ouni Fuerz ass wéi eng Kap oni Stuerz
- Deele wéi d'Pissinger mat de Kueben (ongerecht deelen)
- Een op d'Plaz setzen
- Gewuer ginn, wat d'Pond Kiischte kaschten
- Wou et d'Moud ass, séngt e Pompernéckel an der Kierch
- Et gëtt erëm alles gutt, et ass nach Puddeng am Schaf (Erweiderung: ..dofir ass awer kee Läffel méi do)
[änneren] Q
- Quecksëlwer an den Oderen hunn
- Quetschen och
[änneren] R
- Näischt ze radetten hunn
- Rapp a Klapp sinn
- Eng mat der Ratsch hunn
- Aus der Rei danzen
- Näischt ze räissen an näischt ze bäissen
[änneren] S
- Aner Säiten opzéien (sech änneren; méi streng ginn)
- Iess Salz, da gëss de duuschtereg (als Äntwert op de Saz "Ech sinn hongereg."; meeschtens wann de Saz vu Kanner kënnt déi quengeleg sinn a sech net ginn)
- Engem eppes op eng Salztut schreiwen
- Op Sand bauen
- Renne wéi eng Sau
- Se net méi all am Schaf hun (duerchgedréint)
- Domm wéi siwe Schappe Schäissdreck sinn
- En ass d'Scheefchen net wéi en d'Woll dréit
- Mat der Scheierpaart wénken
- Op d'Schëff schécken
- Ee Schëmmel a Bless vernennen
- Eng Schëpp bäileeën
- Een op d'Schëpp huelen
- Rënnen wéi eng Seibecken
- Séier ewéi de Blëtz
- Engem op d'Schlapp(en) (oder: d'Strëmp) goen
- Schlofe wéi e Rat
- Schlofe wéi e Muermeldéier
- Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin
- Et ass fir op e Schof ze klammen, a wann et nëmmen ass fir méi wäit ze kucken
- D'schwaarzt Schof sinn
- eng Schrauf locker hunn
- Schwammen wéi eng bläien Int
- Engem eppes schwaarz op wäiss ginn
- Schwätz oder schäiss Buschtawen
- Schweesse wéi eng Sängerin (immens schweessen)
- En ass an d'Schwämm Billjeeë rappen
- Schung (oder: Schlappen) an Huese verléieren
- De Schwanz bäizéien
- Spéin hunn
- Sech eppes hannert de Spigel stiechen
- Sech aus dem Stëbs maachen
- Um leschte Steiwer wunnen
- Engem net fir fënnef Su trauen
- mat Kanounen op Spatze schéisen
- eng Schnëss dei ass net voll ze schäissen
- Drafache wéi d'Sau an de Bräi
[änneren] T
- Um Teppech bleiwen
- Den Trick 17
- Vun tuten a blose keng Ahnung hunn
- An fir de Rescht Telleren an Tasen (wann een Deel interessant/wichteg ass an de Rescht net)
[änneren] U
- Ween iwwert den Ues kënnt, dee kënnt och iwwert de Schwanz (ween dat Schwéiert gepackt huet, dee packt och nach de klenge Rescht)
- Ugi wéi eng Tut plakeg Mécken
[änneren] V
- Vir bäi an hanne widder sinn
- Verhouert wéi dem Jupp säin Iesel
[änneren] W
- Waasser a säi Wäi schëdden
- Ze no um Waasser gebaut hunn
- Mat alle Waassere gewäsch sinn
- Watschele wéi eng Gäns
- Engem op de Wecker goen
- Well ass keng Äntwert
- Déi Wëll, déi lafen am Bësch (gëtt meeschtens als Äntwert benotzt fir kleng Kanner déi quengeleg sinn, an onbedingt eppes "wëllen" hunn)
- Engem d'Wierder am Mond verdréinen
- Seng Wierder friesse mussen
- Engem de Wiermchen zéien (ee mat Froe buere bis datt een endlech déi ganz Geschicht oder hire Fong héieren huet)
- Den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch
- De Wollef am Schofspelz
- Dat leschte Wuert hunn
[änneren] X
[änneren] Y
- Y ass net Z
[änneren] Z
- Engem d'Zänn weisen
- Datt Zänn am Arsch Piano spillen
- Um Zännfleesch lafen
- Gutt doe bis an déi déck Zéif
- Engem eng Zigar verpassen
- Engem mam Aarsch an d'Zänn sprangen
- Engem op den Zant fillen
- En Zant zouleeën
- Wéi eng naas Zeitung (wann eppes schlecht ass)
- Ziddere wéi Espelaf
- Engem Zocker an den Aarsch blosen
- Zodi maachen (oder: schloen)
- Et gëtt Zopp an z'iessen
- Zoppnaass sinn (ganz naass sinn)