Provënz Lëtzebuerg
|
|
|
|---|---|
|
|
|
| Land | |
| Regioun | |
| Communautéit | Franséisch Communautéit vun der Belsch |
| Chef-lieu | Arel |
| Bevëlkerung | 246.820 Awunner (n.b.) |
| Fläch | 4.440 km² |
| Arrondissementer | 5 |
|
|
|
|
|
|
![]() |
|
D'Provënz Lëtzebuerg (fr.: Province de Luxembourg; wa.: Province do Lussimbork) ass eng vun de 5 Provënzen an der Regioun Wallounien, am Südoste vun der Belsch. De Chef-lieu ass Arel.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Den haitege Grand-Duché vu Lëtzebuerg an déi belsch Provënz Lëtzebuerg hunn tëscht 1815 an 1839 eng Eenheet gebillt, an zwar de Grand-Duché, sou wéi e vum Wiener Kongress geschafe gi war. Nodeems awer d'Belsch sech vun Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden onofhängeg gemaach huet, gouf de 14. Oktober 1831 zu London eng Konferenz aberuff, déi d'Grenze vun deem neie Staat sollt festleeën. D'Groussmiecht hunn do ënnert anerem beschloss, Lëtzebuerg ze deelen: dee westlechen Deel sollt belsch ginn, deen ëstleche giff dem hollännesche Kinnek Wëllem I. gelooss ginn, dee jo och, a Personalunioun, Groussherzog vu Lëtzebuerg war. Definiv festgeluecht gouf dat dann den 19. Abrëll 1839 am Traité vu London.
Gouverneure vun der Provënz Lëtzebuerg [änneren]
- 1830 - 1836 : Jean-Baptiste Thorn
- 1836 - 1841 : Victorin de Steenhault
- 1841 - 1842 : Joseph de Riquet de Caraman et de Chimay
- 1843 - 1857 : Jean Baptiste Smits
- 1862 - 1884 : Charles Vandamme
- 1884 - 1891 : Paul de Gerlache
- 1891 - 1901 : Édouard Orban de Xivry
- 1902 - 1932 : Emmanuel de Briey
- 1932 - 1940 : Fernand Van den Corput
- 1940 - 1944 : René Greindl
- 1944 - 1945 : Fernand Van den Corput
- 1946 - 1953 : Pierre Clerdent
- 1961 - 1965 : Désiré Lamalle
- 1965 - 1976 : Maurice Brasseur
- 1976 - 1996 : Jacques Planchard
- 1996 - haut : Bernard Caprasse
Geographie [änneren]
D'Provënz Lëtzebuerg ass mat 4.443 km² déi gréisst belsch Provënz. Si huet 246.820 Awunner an ass a 5 Arrondissementer a 44 Gemengen agedeelt. Zwou grouss Landschafte leien do: d'Gaume an d'Ardennen. Den héchste Punkt mat 652 m ass d' Baraque de Fraiture.
Komplett Lescht vun de Gemengen [änneren]
|
1. Arel |
12. Étalle |
23. Libramont-Chevigny |
34. Rouvroy |
Demographesches [änneren]
Nëmme 5 Gemengen hu méi wéi 10.000 Awunner
- Arel: 24.791
- Marche: 16.390
- Éibeng: 14.663
- Baaschtnech: 13.391
- Virton: 11.009
Wopen [änneren]
Gemengen [änneren]
Arrondissement Arel [änneren]
Am Arrondissement Arel liewen 51.902 Awunner op 317 km².
Arrondissement Baaschtnech [änneren]
Am Arrondissement Baaschtnech liewen 40.574 Awunner op 1.043 km².
Arrondissement Marche-en-Famenne [änneren]
Am Arrondissement Marche liewen 50.359 Awunner op 954 km².
Arrondissement Neufchâteau [änneren]
Am Arrondissement Neufchâteau liewen 55.598 Awunner op 1.354 km².
- Bertrix
- Bouillon
- Daverdisse
- Herbeumont
- Léglise
- Libin
- Libramont-Chevigny
- Neufchâteau
- Paliseul
- Saint-Hubert (Belsch)
- Tellin
- Wellin
Arrondissement Virton [änneren]
Am Arrondissement Virton liewen 48.387 Awunner op 771 km².
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Provënz Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Communautéiten: Däitschsproocheg Communautéit · Flämesch Communautéit · Franséisch Communautéit
Regiounen
Flämesch Regioun: Antwerpen · Flämesche Brabant · Limburg · Ostflandern · Westflandern
Wallounesch Regioun : Hainaut · Léck · Lëtzebuerg · Namouer · Wallounesche Brabant
Regioun Bréissel-Haaptstad
